Geschicht vun AMCIS-VIDEO
Grënnung an éischt Jore
De Schëfflenger Amateurfilmveräin AMCIS-VIDEO PRODUCTION (Association des cinéastes et vidéastes non-professionnels de Schëffleng) gouf 1953 gegrënnt an ass zënter 1954 Member vun der FGDCA (Fédération luxembourgeoise des cinéastes et vidéastes non-professionnels – Luxembourg).
Medaillen a Succèsen
1961 huet d’AMCIS hir éischt Goldmedail um Concours National de Luxembourg mam Naturfilm “Au bord du sentier” vum Clubmember Paul LOUTSCH gewonnen.
Dëst gouf 1970 vun der AMCIS-Filmgrupp Chronos-Film mam Film “Fire” an dem Film “Gartenspuk” vum AMCIS-Member Gaston ROLLINGER am selwechte Joer souguer mat der Bronzemedail widderholl.
1971 gouf de Film “L’horreur des bois” vun der Chronos-Film-Filmgrupp mat der Sëlwermedail ausgezeechent, an 1974 krut de Film “Sunday” vun der Chronos-Film-Filmgrupp nees Sëlwer.
1992 war et den AMCIS-Member Marc ERANG, dee mat sengem Film “Gwendolyn” nees d’Goldmedail als beschte Lëtzebuerger Amateurfilm krut.
Eis Projeten
De Comité besteet elo aus 7 Leit, déi sech eemol oder zweemol d’Woch am Redaktiouns- an Opnamstudio treffen fir un verschiddenen Projeten ze schaffen, wéi zum Beispill: Schnëtt an Tounbeaarbechtung vum opgehollenem Material (Télévie, Concerten, verschidde Kultur- oder Showorganisatiounen, lokal Evenementer a Berichter).
E besonnesche Projet war den Dokumentarfilm “Behënnert sinn a schaffe goen – geet dat?”, e Film iwwert behënnert Leit am Berufsliewen. Hei goufen 1000 DVDs produzéiert.
Och Spillfilmer hu mir gemaach: “De Kläschen – fréier an haut”, “Mir gi gefilmt”, “De grénge Stroum” an nach anerer.
Déi dräi Eurofestivaler zu Schëffleng 2003, 2013 a 2022 hu mir wärend 6 Deeg gefilmt. Och am Ausland ware mir mat der Kamera derbäi, ënner anerem beim Jumelage Schëffleng-Drussenheim an de Joren 1970 an 1971.
Ëmmer méi engagéiere mir eis fir Concerten ze filmen. Natierlech filmen mir och déi vill Aktivitéiten vun der Schëfflenger Gemeng.
Technik a Moderniséierung
Well AMCIS an de leschte Jore vill an déi neist Opnahmtechnologie investéiert huet, ass et elo méiglech, d’Filmproduktiounen an HD-Qualitéit ze veraarbechten an déi eeler Filmer an de digitale System ëmzewandelen a souguer ze verbesseren.
Deen éischte Film, deen un esou engem Prozess deelgeholl huet an och op Musek gesat gouf, ass de 16mm-Film iwwer d’Stad Schëffleng vun 1953–1956, gemaach vum Här Aloyse CRELOT an dem Här Nic. LACHEN. Fir dëse Film ofzeschléissen, koum eng Diashow mat dem Här Raymond KOENIG senge Bläistëftszeechnunge vun ale Gebaier vu Schëffleng derbäi.
Viru kuerzem gouf vill an digital Soundtechnologie investéiert. Dat heescht, mir kënnen elo och ganz gutt Tounopnamen an eise Filmer aféieren.