Ausstellung “Maler” vum Jo a Gilles
Datum: 07/06/2026
Jahr: 2026
Dauer: 22:50
Ausstellung “Maler” vum Jo a Gilles
Nuit du sport zu Schëffleng
Datum: 06/06/2026
Jahr: 2026
Dauer: 03:42
Nuit du Sport zu Schëffleng – ee richtege Succès
De 6. Juni 2026 huet zu Schëffleng d’Nuit du Sport stattfonnt. Trotz net idealem Wieder war d’Nuit du Sport ee richtege Succès a vill Leit waren hei um Rendez-vous fir nei Sportaarten ze probéieren an dat mat vill Freed a Motivation. Déi grouss Diversitéit vu sportlechen Aktivitéiten huet garantéiert, datt fir jiddereen eppes dobäi war.
Dëst Joer konnten d’Participant·inn·en och un enger All Style Hip-Hop Battle deelhuelen déi zesumme mat der asbl Art in Motion organiséiert ginn ass. Iwwert fënnef Ronne sinn d’Dänzer·inne géinteneen ugetrueden an hunn dem Publikum an der internationaler Jury gewise, wat si konnten.
D’Nuit du Sport huet erëm gewisen, datt Sport net nëmmen eng Aktivitéit ass, mee e Liewensstil, dee Spaass mécht, zesummebréngt an nei Horizonter opmécht. Mir freeën eis schonns op déi nächst Editioun!
Strongman Cup zu Schëffleng
Datum: 30/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 14:41
Sidd Dir prett fir déi ganz staark Athleten? Da kommt op déi alleréischt Strongman-Competitioun zu Schëffleng. De Wildhogs Strongman Cup an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëffleng fënnt de Samschden, den 30. Mee vun 10:00 bis 17:00 Auer um Parking vum Hall Polyvalent statt.
An zwou Gewiichtsklasse ginn déi beschte Kraaftsportler gesicht. D’Athleten trieden a fënnef ënnerschiddlechen Disziplinne géinteneen un: Camion-Zéien, Deadlift, Overhead, Sandbag Loading an Atlas Stone Battle. Den Entrée ass gratis.
De Jeannot Clement huet Interview mam Nadia Baustert,Benny Wagner a Philip Michel gemaach.
Triplette organiséiert vun der Kriibshëllef an der Péta-Boules vu Schëffleng
Datum: 23/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 08:15
Triplette organiséiert vun der Kriibshëllef an der Péta-Boules vu Schëffleng
Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
Datum: 12/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 04:53
Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
IV Pierrot Feiereisen
Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, a Collaboratioun mat der Seniorekommissioun, war dëse speziellen Nomëtteg an enger häerzlecher a gemittlecher Atmosphär geduecht, fir zesummen d’Fréijoer ze feieren. Jidderee war häerzlech invitéiert, un dëser Feier deelzehuelen.
Trotz dem sonnegen, mee kale Wieder war d’Stëmmung wonnerbar: et gouf vill gelaacht, gepotert a gemeinsam genoss. Sou gouf d’Fréijoersfest zu engem wierklech flotte Moment fir all Generatioun.
Ovatioun fir de Marc Spautz
Datum: 06/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 15:22
Ovatioun fir de Marc Spautz organiséiert vum SIT Schëffleng
Nei Bierger vu Schëffleng 2026
Datum: 05/02/2026
Jahr: 2026
Dauer: 16:28
Nei Bierger vu Schëffleng
De 5. Februar 2026 huet d’Gemeng Schëffleng déi nei Bierger·innen, déi tëscht dem 1. Januar 2025 an dem 31. Dezember 2025 zu Schëffleng ukomm sinn, op d’„Soirée de Bienvenue“ agelueden.
De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert d’Gemeng ginn, éier si duerno op e Patt invitéiert goufen. Wärend dësem gemittleche Moment haten d’Participanten d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen an hir Uleiesse virzebréngen.
Bei den Informatiounsstänn waren net nëmmen d’Servicer vun der Gemeng vertrueden, mee och bal 30 weider Stänn – dorënner Schëfflenger Sports- a Kulturveräiner souwéi aner Organisatiounen ewéi d’ASTI, den AMIF (Fonds Asile, Migration et Intégration), d’Maison Teranga, de Service BabyPlus an Télos Éducation –, wou d’Leit sech iwwert eng grouss Villfalt u Thematike konnten informéieren.
Fraesport am Fokus
Datum: 24/01/2026
Jahr: 2026
Dauer: 47:26
Fraesport am Fokus
Am Kader vum internationale Fraesportsdag huet d’Gemeng Schëffleng de 24. Januar zu enger Diskussiounsronn mat Filmprojektioun zum Thema Fraesport invitéiert. Um Programm stoungen de Kuerzfilm „Little Miss Sumo“ an „Marinette“, d’Geschicht vun der Pionéierin vum franséische Fraefussball, Marinette Pichon.
De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet d’Participant·inne begréisst an direkt an d’Theema vum internationale Fraesportsdag agefouert. Zwar hätt sech an deene leschte Jore schonns vill verbessert, bis zu enger richteger Gläichberechtegung am Sport wier et awer nach e wäite Wee, esou de Buergermeeschter. Schëffleng wier houfreg, zënter der 1. Editioun vum Fraesportsdag zu Lëtzebuerg dobäi ze sinn. Dofir wier bei der 3. Editioun dëst Joer och de Programm ausgebaut ginn, esou de Carlo Feiereisen weider.
Et gouf op Initiative vun der Sportskommissioun och dëst Joer um 24. Januar erëm fräien Entrée fir Fraen (an hier Kanner) an d’Schwemm. Am Mëttelpunkt vum Fraesportdag zu Schëffleng stoung awer d’Diskussiounsronn an der Salle Grand Duc Jean vum Gemengenhaus. Moderéiert vun der fréierer CAS-Liichtathletin Kany Touré, hunn d’Nathalie Lamborelle (fréierer Proficyclistin, haut Sportsprofessorin a Präsidentin vum Schëfflenger Vëlosclub LP07), d’Christelle Diederich (Sportjournalistin am Tageblatt an zënter 2025 déi éischt Fra un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Sportpresseverband) an d’Emma Kremer (Foussball-Nationalspillerinnen) vun hiren Erfarungen erzielt. Esou hunn sech interessant Diskussiounen iwwert d’Problemer vum Fraesport am speziellen an iwwert säi Stellewäert an der Gesellschaft am Allgemengen entwéckelt, un deenen sech och d’Publikum intensiv bedeelegt huet.
Tourismus für alle !
Datum: 29/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:57:12
Tourismus für alle !
dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025
Datum: 22/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 03:06
dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025
Wantergala Hafosud 2025
Datum: 20/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:49:30
Editioun Wantergala 2025 – HAFOSUD
(Harmonie Forge du Sud Dudelange asbl)
THE BEST OF ANIMATION MUSIC (1’’49’30)
Centre Culturel op der Schmelz Diddeleng
Seniorefeier 2025
Datum: 10/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 15:08
Seniorefeier 2025
Kleeschen 2025
Datum: 30/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 10:52
Kleeschen 2025
Soirée des Lauréats 2025
Datum: 13/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 38:27
Soirée des Lauréats
Hobbymuart 2025 zu Schëffleng
Datum: 22/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 15:50
Hobbymuart 2025 zu Schëffleng
Hierschtconcert zu Schëffleng
Datum: 26/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:06:18
Hierschtconcert zu Schëffleng
Ville fleurie 2025
Datum: 22/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 07:04
Ville fleurie 2025
Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng
Datum: 18/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 08:39
Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng