Table ronde Schëffleng Behënnert sinn a schaffe goen
Datum: 09/03/2017
Jahr: 2017
Dauer: 1:11:05
09/03/2017 Table ronde Schëffleng: « Behënnert sinn a schaffe goen » (1:11:05)
An der Gemeng Schëffleng hate mer mam Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der Chancëgläichheets-Kommissioun eng Table Ronde zum Thema: « Behënnert sinn a schaffen,
geet dat? » Ënnert der Moderatioun vum Carlo LECUIT ass eise Film iwwert déi Behënnert gespillt ginn.
Duerno hu Verantwortlecher vun Info Handicap: Silvio SAGRAMOLA – der CIPA: Alain WILLET – ALAN Presidentin: Gaby DAMANOVIC; Privat-Patronen: Louis WAGNER an Peter AENDEKERK, a Betraffener: Tom ERDEL, Snejana GRANATKINA, Patrick WENGLER un enger Diskussiounsronn deelgeholl.
Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Gilbert HOMMEL, Sven KILL, Carlo LECUIT, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH
Peffermil(ch)en – an um En nach e Buch
Datum: 10/05/2017
Jahr: 2017
Dauer: 1:49:21
03/03/2017 Virstellung a Form vun engem Sketch vum Peffermil(ch)en-Buch (:)
zu Miersch an der « Maison de la Litérature »
Be Active 2017
Datum: 22/02/2017
Jahr: 2017
Dauer: 33:45
22/02/2017 Be Active 2017 (33:45)
An der Escher Kulturfabrik (KUFA) gouf den zu Job-Day (Vakanzjob) fir Jugendlecher ofgehale mat Interviewe vun dëse Firmaen oder Jugendkommissiounen:
Raoul VINANDY, Servior Diddeleng
Patrick ARENDT, Jugendkommissioun Gemeng Péiteng
Pit ELVINGER, Outreach Youth Work
Steve SCHROEDER, Nettoservice
Nathalie WALD, Stëftung Hëllef Doheem
Mike SCHREIBER, Service du Personel vun Esch
Sandy GOEDERT, Service Jeunesse vun Esch
Martine REGENWETTER, COPAS
Henri REDING, Gemeng Diddeleng
Alex NUTOMBO, ADEM
Andy LEONARD, Chambre de Commerce
Romain SCHMIT, DuPont de Nemours
Nickie LIPPERT, Chancëgläichheets- a Jugend-Kommissioun vu Schëffleng.
Showtime
Datum: 11/02/2017
Jahr: 2017
Dauer: 2:07:37
11/02/2017 Showtime (2:07:37)
Am Lycée Hubert Clément vun Esch-Uelzecht: « The Best of Broadway »
The Showtime Show Band ënnert der Leedung vum Eric GHERARDI an « Les Pirates »
Program: Highlights from Oliver Lionel Bart
Mary Poppins Sherman & Sherman
The Phantom of the Opera Andrew Lloyd Webber
Beauty and the Beast Alan Menken
Les Misérables Claude-Michel Schönberg
Music from Wicked Stephen Schwartz
Tanz der Vampire Jim Steinmann
Highlights from Chicago John Kander
Aladdin Alan Menken & Tim Rice
The Rocky Horror Picture Show Richard O’Brian
100 Joer Chorale St Cecile Concert Musique Militaire
Datum: 05/02/2017
Jahr: 2017
Dauer: 1:16:19
05/02/2017 100 Joer Chorale St Cecile – Concert Musique Militaire (1’16:19)
Concert vun der Militär-Musek an der Schëfflenger Sankt Martins-Kierch ënnert der Directioun vum AdjMaj Christian KIRPES, Chef-Adjoint a Presentatioun: AdjMaj Monique BERNOTTE.
Programm:
La Clemenza di Tito (Ouverture) W.A. Mozart
Concerto pour Basson et Orchestre Allegro – Andante ma Adagio – Rondo
Soliste: 1SdtCh Jérôme Theis W.A. Mozart
Cavalleria Rusticana « Intermezzo » P. Mascagni
Concerto pour Trompette et Orchestre Andante – Adagio – Presto
Soliste: 1SdtCh Max Asselborn A. Marcello
Scènes Luxembourgeoises Le lever du jour aux trois glands
Iechternacher Spangprozessioun F. Mertens
Pomp and Circumstance N° 1 E. Elgar
BIS: Cavalleria Rusticana « Intermezzo » P. Mascagni
Seniorefeier 2016
Datum: 09/12/2016
Jahr: 2016
Dauer: 16:35
09/12/2016 Seniorefeier 2017 (16:34)
De President vun der Seniore-Kommissioun Pierrot FEIEREISEN begréisst d’Leit an der Hall Polyvalent zu Schëffleng. Et ass déi 5. Kéier, wou heen dat mécht. Dës Kéier waren et 550 Reservatiounen. Hee seet och en décke Merci un den Team (Alex a Patrick) vum Hall
Polyvalent, dem Club vun de Fraen a Mammen, dem Foyer de la Femme, de Pompjeeën, den Hëllefsdéngschter an der finanzieller Hëllef vun der Schëfflenger Gemeng.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER seet dat ee bei de gudden Traditioune vun der Rentner-Feier bleiwe soll. Och schwätzt hee vun der Barrièren-Ofschafung a Verbesserunge vun den Trottoire.
E 6-stëmmege Gospel-Gesang « La Voix des Anges » a Musek-Ënnerhalung vum Lux-Duo: Gilbert HOMMEL a Fränz STEINBACH schléissen den Dag of.
Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Sven KILL, Victor MERENS, Jean PIRSCH, Roland SCHREINER, Jean SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH
Diplomer Sprochencoursen 2016
Datum: 07/07/2016
Jahr: 2016
Dauer: 11:23
07/07/2016 Diplomverdeelung vun de Sproochecoursen (11:23)
De President Guy FEHR vun der Integratiounskommissioun begréisst de Schäffen- a Gemengerot an d’Participante vun de Sproochecoursen an der Salle Gr.Duc Jean op der Gemeng zu Schëffleng. Verdeelt ginn 33 Diplomer un déi Leit, déi Lëtzebuergesch oder Englesch geléiert hunn.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER mengt et wier gutt wann heen seng Ried dann och op Lëtzebuergesch hale géif.
De Cours-Leeder Norbert CARL, leet de Leit un d’Häerz, dat se doheem sollen déi geléiert Sproch solle schwätzen, well nëmmen esou geet se net verluer.
D’Sekretärin Claudine FEIEREISEN an de Roland SCHREINER verdeelen d’Diplomer.
Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Claudine FEIEREISEN, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Sven KILL, Jean-Paul MOLITOR, Simone WENZEL-MOND
Nationalfeierdag 2016
Datum: 22/06/2016
Jahr: 2016
Dauer: 25:57
22/06/2016 Virowend vum Nationalfeierdag zu Schëffleng 2016 (25:57)
An der Schëfflenger Kierch sangen de Kierchechouer an d’Minettsrousen: d’Kinneckskanner. De Paschtouer François TERZER, begréisst d’Leit. Am Chouer vun der Kierch si 16 Fändele vun de Veräiner ze gesinn. D’HMS ënnert dem Dirigent Klaus DEMMLER, spillt d’Nationalhymne a Begleedung vun den 2 Gesangveräiner.
De laange Cortège zitt bei guddem Wieder duerch d’Stroossen vu Schëffleng op d’Gemengeplaz. De Buergermeeschter Roland SCHREINER hält seng Ried zum Virowend vum Nationalfeierdag. Et ass schonn déi 13. Editioun wou 3 Deeg laang bei flotter Ambiance gefeiert gëtt. Zu Schëffleng wunne momentan iwwer 10.100 Awunner, 113 Veräiner aus 82 verschidden Natiounen. Och schwätzt heen iwwer den Terrorismus op der ganzer Welt an dat et och ewell méi Misär am Land gëtt, wou d’Leit méi Hëllef brauchen. E grousse Merci un all d’Benevole an d’Hëllefsdéngschter. Am Zukunfts-Programm: eng propper Ëmwelt, Nohaltegkeet, den Eurofestival an d’Kulturhaaptstad vun Esch 2022.
Als Ofschloss d’Nationalhymne an d’Medaileverdeelung un d’Gemengebeamten an d’Rettungsdéngschter: Marc Bimmermann, Yves Hermann, Claudine Feiereisen, Fränz Harsch, Jeannot Bausch a Carlo Feiereisen.
– 4 – 2016
Alix BETTENDORF, Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Lull CLEMENT, Jérôme COURTOY, Klaus DEMMLER, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Gilbert GODARD, Albert KALMES, Sven KILL, Scott KRIES, Jean-Claude OLINGER, Jean PIRSCH, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Guy SPANIER, Jean SPAUTZ, Marc SPAUTZ, François TERZER, Paul WEIMERSKIRCH
StreetFood Festival 2016
Datum: 15/05/2016
Jahr: 2016
Dauer: 26:38
10-12/06/16 De « Street Food Festival » zu Schëffleng (26:38)
Op der Plaz an am Hall Polyvalent ass den 1. internationale Street Food Festival, dee vum Schëfflenger Folklorama-Klub mat Hëllef vun der Schëfflenger Gemeng organiséiert gouf.
De President Scott KRIES erkläert wéi et zu dem Evenement koum an hofft dat d’Wieder et déi 3 Deeg gutt mat hinne mengt.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER felicitéiert d’Organisateuren, dat si de Courage hate fir dëst ze organiséieren.
D’Presidentin Juliette CAPUTO-JOHANNS vum Syndicat d’Initiative hofft, dat dës Iddi zur Schëfflenger Traditioun gëtt.
Et goufen Interviewe mat den Aussteller a mat de Clientë gemaach an d’Line Dancers hu fir Danz a Musek gesuergt.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Jérôme COURTOY, Guy FEHR, Scott KRIES, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH
Béier brauen fir den Télévie
Datum: 15/03/2016
Jahr: 2016
Dauer: 02:37
11/06/2016 « Béierfest » zu Mutfert (02:37)
D’Mutferter Béierbrauer « Les Amis de la Cervoise » weise, wéi Natur-Béier gebraut gëtt. Et war eng Aktioun fir de 6. Télévie-Dag zu Conter.
Nuit du sport 2016
Datum: 04/06/2016
Jahr: 2016
Dauer: 30:48
04/06/2016 « Nuit du Sport » (30:48)
D’Nickie LIPPERT seet dat Jugend- a Chancengläichheetskommissioun fir 3. Kéier derbäi ass.
Mat 8 Interviewen iwwer verschidde Sportaarten.
Am Hall Polyvalent:
Aerobic (Donna e Mobile)
Boxen (Boxing Club Rumelange)
Dëschtennis/Mini Dëschtennis (Dësch Tennis Schëffleng)
Atelier mat de Majoretten (Schëfflenger Majoretten)
Pilates (Club Haus beim Kiosk)
Self-Defense (Club Haus beim Kiosk)
Tennis (Tennis Club Schifflange)
Yoga (Club Haus beim Kiosk)
Op der Plaz beim Hall Polyvalent:
Bodykicker (FC Schëffleng)
Cajeau-Stapelen (Centre d’intervention Schifflange)
Geocaching (Schëfflenger Jugendkommissioun)
Klammen (Schëfflenger Jugendhaus)
Nuetswanderung (Schëfflenger Globetrotters)
Sprangschlass
Vëlo (Klima-Team)
eng Heck planzen fir all neigebuerent Kand 2016
Datum: 12/05/2016
Jahr: 2016
Dauer: 15:28
12/05/2016 Eng Heck planze fir all neigebuerent Kant (15:28)
De Guy SPANIER erkläert firwat se dës Kéier eng Heck planzen a kee Bam a weist de Leit och wéi dat geet.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER erzielt, dat dëst Joer 25 Famille vun 117 neigebuere Kanner bei der 19-järeger Traditioun matmaachen. D’Gemeng huet scho 5 Mol de Label fir d’Natur-Gemeng kritt an d’Natur- an d’Ëmweltkommissioun huet scho méi wéi 400 Uebstbeem an 150 Uebststraich geplanzt.
– Och goufen Interviewe mat den Eltere gemaach.
Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Albert KALMES, Sven KILL, Jo KOHN, Carlo LECUIT, Jean-Claude OLINGER, Roland SCHREINER, Guy SPANIER, Paul WEIMERSKIRCH, Léopold WINANDY
Aweiung vum Bam fir HIV+ verstuerwe Leit zu Lëtzebuerg am Optrag vu Paticka asbl
Datum: 13/05/2016
Jahr: 2016
Dauer: 20:01
13/05/2016 Aweiung vum Bam fir HIV+ verstuerwe Leit zu Lëtzebuerg (20:00)
De President vu Paticka asbl: Patrick WENGLER empfänkt d’Leit ënner schloendem Reen am Dummeldenger Park, fir d’Aweiung vun enger Gedenkplack zu Éiere vun Aids-Doudegen zu Lëtzebuerg ze maachen. En erkläert den Oflaf vun der Zeremonie.
D’Laurence MORTIER (HIV+ Berodung / Psychologin) seet dat et eng grouss Evolutioun an der HIV+ Berodung gëtt.
Den Dr Jean-Claude SCHMIT, Direkter vum Ministère de la Santé a Vertrieder vun der
Ministesch Lydia MUTSCH hält och eng kuerz Ried iwwer gestuerwe Lëtzebuerger Patienten (214 Leit säit 1983), déi mat oder wéinst dem HIV+ gestuerwe sinn.
De Marc ANGEL (Ambassadeur vun « You and Aids”) seet dat heen och kämpft fir d’HIV+ Hëllef europäesch a weltwäit ze verbreeden.
De Patrick WENGLER erkläert firwat a wou d’Plaz ass, wou d’Paticka asbl sech emol am Joer trëfft, fir de Verstuerwenen ze gedenken.
Duerno spillt a séngt de Jimmy RISCH säi « Song for HIV”.
Marc ANGEL, Laurence MORTIER, Jimmy RISCH, Jean-Claude SCHMIT, Patrick WENGLER
Andy Schleck Challenge
Datum: 16/04/2016
Jahr: 2016
Dauer: 02:20
16/04/2016 Challenge Andy Schleck (02:19)
Am Andy Schleck sengem Vëlosbuttek zu Izeg schreiwen d’Vëlosfuerer sech an, déi un der Randonnée « Challenge Andy Schleck » deelhuele wëllen. Et ass e Bäitrag fir den Télévie vum 23.04.2016. Den Andy SCHLECK mécht den Depart, a lass geet et a Presenz vum Patrick GREIS (RTL) a Georges MISCHO.
Patrick GREIS, Georges MISCHO, Andy SCHLECK
Nei Bierger vu Schëffleng 2016
Datum: 22/03/2016
Jahr: 2016
Dauer: 20:47
22/03/2016 Nei Bierger vu Schëffleng (20:47)
De President vun der Integratiounskommissioun Guy FEHR begréisst d’Leit am Sall Gr.-D. Jean vun der Gemeng Schëffleng. Hee seet et wieren 82 verschidden Nationalitéiten zu Schëffleng an invitéiert se alleguer op déi Lëtzebuerger an Englesch Coursen déi am Joer ofgehale ginn. Des Weideren erënnert en op déi 11. Editioun vun der « Soirée de Bienvenue » de 18. September 2016.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER erzielt dat 698 Persounen am Joer bäikomm sinn an dat ab den 2. Mäerz den 10.000. Bierger do ass a wat den Zukunfts-Programm bréngt.
D’Claudine FEIEREISEN rifft d’Nimm vun de Leit op, déi dann Tute mat Schëfflenger Informatiouns-Material verdeelt kréien.
Virum traditionelle Patt kritt déi 10.000 erageplënnert Persoun mam Numm: Antonio Duarte, Sandy Gehlhausen an dee klénge Lionell Blummen an e Cadeau iwwerreecht.
Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Albert KALMES, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND
Grousse Moart 2016
Datum: 10/03/2016
Jahr: 2016
Dauer: 05:56
10/03/2016 Grousse Maart zu Schëffleng (05:56)
Bei guddem Wieder gëtt op der Gemengeplaz zu Schëffleng de grousse Moart, deen eemol am Mound ofgehale gëtt. Interviewe goufen opgeholl mam Angèle aus dem Metzerlach,
GNG-Shop fir eeler Leit, dem Beiemann Pol Goedert aus Monnerech, dem Messer- a Schéiereschlëffer Jean-Luc Castellani, engem Gezei-Verkeefer aus Tréier, der Woll-Madamm aus Nidderkuer, dem Metzler Jeff Burg a ganz zefridde Moart-Besicher, déi bedaueren dat net méi Leit kommen.
Aweiung SI
Datum: 19/02/2016
Jahr: 2016
Dauer: 26:15
19/02/2016 Aweiung vun de neie Raimlechkeete vum S.I. Schëffleng (26:15)
An der Liberatiounsstrooss erzielt de Buergermeeschter Roland SCHREINER d’Geschicht wéi et gaangen ass fir d’Konschtgalerie vum « Syndicat d’Initiative » am « Schwäistall » vum fréiere Bauerenhaff vun der Famill Schou (oder Kass Nicolas) ze maachen.
D’Aussteller sinn: Génie FRISCH-REULAND – Yvette GASTAUER-CLAIRE, Solange WOZNIAK a Viviane BLASI-BRISCOLINI.
Roby BERKES, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Jérôme COURTOY, Heike DONKELS-BREUER, Lydie EICH-JOHANNS, Carlo FEIEREISEN, Jean FEITLER, Chantal FONZI-ZWANK, Nicolas FRISCH, Aloyse HOFFMANN, Mireille JOHANNS, Victor MERENS, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH
Kavalkad 2016 Schëffleng
Datum: 14/02/2016
Jahr: 2016
Dauer: 21:34
14/02/2016 Kavalkade vu Schëffleng (21:34)
Bei guddem Wieder goung ëm 15 Auer den Ëmzuch vun der Schëfflenger Kavalkad lass. Et ware 46 Museken, Gruppen a Ween, déi mat vill Konfetti duerch Schëffleng geschlach sinn