an um Enn nach e Buch (Peffermill(ch)en
Datum: 02/03/2018
Jahr: 2018
Dauer: 1:48:30
02/03/2018 Peffermill(ch)en – … an um Enn och nach e Buch (1’49:21)
“Léiwer mam Florett gepickt … wéi mam Sägel drageschloen.”
Den Direkter vum Mierscher Servais-Haus, Claude D. Conter (CNL – Centre National de la Litérature) erkläert virwat d’Peffermillchen him elo erréischt bekannt gouf:
De Fons Ruppert huet elo Këschte voll aal Texter a Programmer aus de 50. Joeren vun der Peffermill(ch)en an de Fong Peffermill(ch)en T18 (=Theater) ginn an déi goufen do emol
– 9 – 2017
akribesch klasséiert a vum Direkter gelies a gesinn.
D’Statuten vun dem Theaterveräin Reiser Peffermill(ch)en goufen de 17. August 1989 eragereescht. – Ënnerzeechend haten: Pierrette Ferro, Fränk Gales, Agathe Zeimet, Fons Ruppert, Chrëscht Thinnes, Josiane Fritz, Jean-Marie Kraus, Guy Streveler, Lou Gales, René Jungen, Aloyse Duhr, Mariette Thilgen, Fränz Kayser, Denise Ruppert, Sylvie Kayser, Jean-Marie Petit a Christiane Steffen.
An der Zäit hunn och aaner interessant Leit Gedichter an Theaterstécker geschriwwen oder op Lëtzebuergesch iwwersat wéi: Tun Deutsch, Guy Rewenig, Pierre Puth, Lucien Blau, Roland Harsch, Josiane Kartheiser, Danielle Igniti, Claude Frisoni, Claude Lamberty asw.
Op der Bühn vum Centre Culturel Edward Steichen zu Béiweng stinn d’Josiane FRITZ, d’Monique REUTER, d’Denise an de Fons RUPPERT. Um Piano ass de Paul DAHM am Asaz. Am Publikum sutzen: Claude D. Conter a Claude Lamberty.
Opgefuert goufen Extraiten aus ale Kabaretsequenzen wéi:
Regele fir de Publikum – Wäerter – Luef dem Lëtzebuerger Wort – Eraus mat de Männer … – E Gaascht am Kabaret – Sausak-Lidd – Pinapp Görl: e Film mam Agathe Zeimet – Verloos eis nët – D’Moritat vum Mackie Juncker – E Lëtzebuergermeeschter ouni Trema – Hei am Land – Eise Sport – ARBEDsheimer – Flunkerland – Stresstester – …
Seniorefeier 2017
Datum: 08/12/2017
Jahr: 2017
Dauer: 20:38
08/12/2017 Seniorefeier 2017 (20:38)
Den Animateur Camille NEY begréisst d’Senioren am Hall Polyvalent zu Schëffleng a biet de President vun der Seniore-Kommissioun Pierrot FEIEREISEN op d’Bühn.
Dee stellt d’Membere vun der Kommissioun fir, déi elo scho 6 Joer besteet a schwätz iwwer den Zukunfts-Programm, deen ëmmer am Interesse vun de Schëfflenger Bierger ass.
Och rifft heen deen neigewielte Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH erop, fir e puer Wieder ze soen.
D’Stëmmung maachen: Käpt’n Ändä feat. Matrous K1000; Sandy & the Hüettes.
Maria AGOSTINO, Sandy BOTSCH, Susana Da COSTA, Pierrot FEIEREISEN, Lisa MARIOTTO, Camille NEY, Sharon SCHANET, Änder WEBER, Paul WEIMERSKIRCH.
Kleeschen 2017
Datum: 03/12/2017
Jahr: 2017
Dauer: 11:45
03/12/2017 Kleeschen 2017 (11:45)
D’Musek vun der HMS an d’Leit mat hire Kanner waarden trotz e bëssche Schnéi op der Schëfflenger Gare, dat de Kleesche mam Zuch eraleeft. De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH mat senge Schäffe Carlo FEIEREISEN an Albert KALMES begréisst de Kleesche mat senge 5 Engelen a 5 Houseker. De Cortège ugefouert vun der Police an dem Fändeldréier Jean-Claude OLINGER vun der HMS geet duerch Stroosse vu Schëffleng op de Niklosmoart op der Gemengeplaz. De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH er klärt dat Haut bal 800 Kanner en Titche vu FairTrade, gestëft vum ACAS, Syndicat d’Initiative an der Schëfflenger Gemeng kréien. De Kleesche seet alle Leit villmools Merci fir dee schéinen Empfang a mëscht och eng Reklamm vum HMS-Concert, deen deemnächst ofgehale gëtt. Ënner dem Ofspille vum Kleesercherslidd, dirigéiert vum Eric GHERARDI, ginn d’Leit mat de Kanner, déi am Zelt gewaart hunn, an d’Gemeng hir Titche sichen.
Alix BETTENDORF, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Fabienne DIEDERICH, Eric GHERARDI, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Norbert HANSJOSTEN, Aloyse HOFFMANN, Albert KALMES, Sven KILL, Alain KOCKHANS, Georges KUHN, Nadine KUHN-METZ, Yves MARCHI, Jean-Claude OLINGER, Marc SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH.
Hobbyausstellung 2017
Datum: 25/11/2017
Jahr: 2017
Dauer: 19:32
25-26/11/2017 Hobbyausstellung 2017 (19:32)
Den Yves MARCHI, President vun der Sport-, Kultur- a Fräizäit-Kommissioun empfänkt d’Leit am Hall Polyvalent fir déi 24. Editioun vun der Traditiouns-Ausstellung vum Hobbymuart op ze maachen.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet dat den Hobby eppes ass, wou een sech an engem anere kann eng Freed maachen a wënscht allen ±50 Aussteller e gudde Verkaf vun hire Wierker.
Interviewe mat de Künstler an Aussteller: Nathalie JADIN, Monique WOLTER, Patrick KARP, Nadine BERTRANG-THINNES, Renée WAGNER, Fairtrade Schëffleng, Marcely GIRSCH-PEFFER a FRANCK-REINERTZ.
Rizo AGOVIC, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Carlo FEIEREISEN, Yves FIORELLI, Albert KALMES, Nadine KUHN-METZ, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Victor MERENS, Marc SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH.
Dag vum Bam 2017
Datum: 11/11/2017
Jahr: 2017
Dauer: 12:19
11/11/2017 Dag vum Bam 2017 (12:19)
De Schäffe Carlo FEIEREISEN begréisst d’Leit an der Cité op Huddelen zur 21. Editioun vum Dag vum Bam, déi leider am reenege Wieder muss ofgehale ginn. Et wär ganz wichteg dat dës Traditioun vun 1997 bäigehale géif, fir nach weider Hecken a Beem unzeplanzen. Och eis Biotope gi weider geschafen, opgewäert a restauréiert, d’Uelzecht renaturéiert, Bongerten a Weieren ugeluecht, dréche Mauere fir d’Villercher gebaut an och Insekten-Hoteller am Duerf verdeelt.
Fréier war et, dat d’Leit selwer e Gaart haten an och Déiere gezillt hunn. Dëse Brauch ass leider lues a lues verluer gaangen an déi meeschten hätte keng Anung, wéi een dat mécht.
Mat der Iddi vun der Schafung an Aweiung vum “Urban Gardening” kréien déi interesséiert Persounen aus dem Quartier op Huddelen d’Méiglechkeet fir selwer eng Parzell vun engem Hochbeet op dëser Plaz unzefroen an sech déi verluere Kenntnisser erëm ze léieren, ze bedreiwen an och ze consomméieren.
De Sekretär Marc BIMMERMANN rifft déi 30 gemellten interesséiert Awunner fir d’Konventioun mat der Gemeng ze ënnerschreiwen.
En Interview mam Guy SPANIER, dee fir Ëmwelt zoustänneg ass: D’Iddi vum “Urban Gardening” ass komm, dat an der Cité op Huddelen zimmlech vill Appartementshaiser stinn an d’Bewunner keng Chance fir en eegene Gaart ze maachen an eng Méiglechkeet gesicht hunn. Zur Geleeënheet vum Dag vum Bam hu mer dann och nach e puer Äppel-, Bieren- a Quetsche-Beem gesat fir dat Ganzt ze komplettéieren.
Marc BIMMERMANN, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Carlo FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Albert KALMES, Sebastien KOHN, Dan SANNIPOLI, Guy SPANIER, Marc SPAUTZ.
Ville Fleurie
Datum: 04/10/2017
Jahr: 2017
Dauer: 20:55
04/10/2017 Ville Fleurie (20:55)
D’Presidentin vum S.I. Schëffleng Juliette CAPUTO-JOHANNS, begréisst d’Leit an der Salle Gr.-D. Jean vun der Schëfflenger Gemeng. Si ass frou dat Gemeng Schëffleng mat dem “Coin de Terre et du Foyer” an dem Syndicat d’Initiative dësen Traditiouns-Concours all 3 Joer organiséiert hunn. D’Gäert an d’Alentoure vun der Wunneng, déi am Juni an am August gesi goufe, si vun dëse Leit jugéiert ginn: D’Häre Léon THEISEN a Guy PÉPORTÉ vun Esch an d’Claudine FEIEREISEN vu Schëffleng.
D’Madame Marie-Thérèse DOSTERT vum “Coin de Terre et du Foyer” seet dat se vill Kilometere gemaach hunn, fir déi Blimmercher an Dekoratiounen ze beurteelen, wou mat d’Leit d’Gäert an d’Haus méi schéi gemaach hunn.
Juliette CAPUTO-JOHANNS rifft déi 57 Gewënner vun der flotter Initiativ op an de Paul WEIMERSKIRCH an de Roland SCHREINER verdeelen d’Präisser.
Alix BETTENDORF, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Albert KALMES, Nadine KUHN-METZ, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Victor MERENS, Roland SCHREINER, Pierrot WAGNER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND.
Solarenergie
Datum: 01/07/2017
Jahr: 2017
Dauer: 23:22
23/09/2017 Solarenergie (23:22)
Solarworkshop am Jugendhaus zu Schëffleng iwwer Photovoltaik.
Interviewen: D’Madame Martina HOLBACH vu Greenpeace: Si erkläert de Projet iwwer déi erneierbar Energie, dee fir d’Schëfflenger Jugendhaus entwéckelt gouf. – D’Reewaasser-Bewässerung vun engem Hochbeet soll mat Hëllef vun enger Photovoltaik-Anlag funktionéieren.
De Fränk THINNES vu Greenpeace: Stellt Photovoltaik-Täscheluucht fir.
D’Sarah COLIGNON vum Team aus dem Jugendhaus seet dat si och un de Coursen deelgeholl hunn, fir déi ganz Technik ze léieren a weider ze ginn.
Déi jugendlech Lisa SCHNEIDER seet dat et ganz wichteg ass iwwer d’Bewässerungs-Méiglechkeete Bescheed ze wëssen, fir e Gaart un ze leeën.
De jugendleche Yannick THEIS war ganz begeeschtert fir un den Aarbechte vun der Bewässerungssystem matzemaachen, déi vum 26. bis den 28. September gemaach goufen.
De Guy SPANIER, “Service de l’Urbanisme et du Développement durable”, erkläert de grénge Stroum a wéi vill ee mat enger Photovoltaik-Anlag spuert. Leider wäre bis elo nëmme 27 Anlagen zu Schëffleng a Betrib.
D’Sarah COLIGNON seet als Ofschloss wat fir Aktivitéiten am Jugendhaus gemaach ginn an dat reegelméisseg ±20-25 Jugendlecher op Besuch wieren.
All Jugendleche vun 12 bis 27 Joer kann sech umellen um www.schefflenger-jugendhaus.lu oder tel. +352 26 53 08 50 – L-3850 Schëffleng – Liberatiounsstrooss N° 10.
Sarah COLIGNON, Joel GANGALF, Martina HOLBACH, Lisa SCHNEIDER, Guy SPANIER, Romain SPEICHER, Anne STEIMENZ, Janine SMITH, Yannick THEIS, Fränk THINNES, Jacques WELTER.
Pionéierfraen am Journalismus
Datum: 15/09/2017
Jahr: 2017
Dauer: 16:12
15/09/2017 Pionéierfraen am Journalismus (16:12)
De Buergermeeschter Roland SCHREINER gegréisst d’Leit an der Salle Gr.-Duc Jean an der Gemeng Schëffleng, wou de Vernissage vun der Ausstellung: “17 Pionéierfraen am Journalismus zu Lëtzebuerg” ass. Heen erkläert dat et déi Zäit net esou einfach war fir d’Fraen, wann se dat Handwierk wollten an der Männerwelt bedreiwen.
D’Lëtzebuerger Journalistin Colette MART an d’Presidentin Joëlle LETSCH vum CNFL (Conseil National des femmes du Luxembourg) hunn des Ausstellung zesummegestallt: Pia BURGGRAFF, Carmen ENNESCH, Danièle FONCK, Tilly JUNG, Josiane KARTHEISER, Yolande KIEFFER, Sandie LAHURE, Colette MART, Katrin C. MARTIN, Monique MATHIEU, Nelly MOIA, Irène PISSINGER-ENGELMANN, Viviane REDING, Catherine SCHLEIMER-KILL, Renée SCHLOESSER, Liliane THORN-PETIT, Emma WEBER-BRUGMANN.
D’Journalistin Colette MART schwätzt iwwer hier Jugend an hier politesch Erzéiung an der Famill an erzielt iwwer hier journalistesch Reesen a Reportagen an 43 verschidde Länner.
Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Jérôme COURTOY, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Yves FIORELLI, Carlo LEQUIT, Sven KILL, Joëlle LETSCH, Colette MART, Victor MERENS, Vincent NOTHUM, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH
Schoul vun de Nonnewissn
Datum: 12/07/2017
Jahr: 2017
Dauer: 1:37:14
12/07/2017 Schoul vun de Nonnewisen (1’37:14)
Am Escher Theater: Kanner-Musical (Kids on Space)
Eng Escher Schoulklass aus de Nonnewisen flitt mat enger Rakéit an de Weltraum an zréck.
Et hu matgemaach:
Georges NEY, Schoulinspekter vun Esch
Chantal SCHOETTERT, Escher Schoulkommissioun
Jeff SCHMIT, Sophie LIESER, Gaby PANTALEONI-KAYSER, Jennifer THOSS, Equipe aus dem Cycle 4
Jean TONNAR, Escher Schoulschäffen
Corine PÜTZ, dem Bob seng Mamm
Mariette ZENNERS, vun RTL
Kanner aus dem Cycle 2 vun de Nonnewisen
The Galactic Grooving Nuns Band: Christophe BECKER, Céline EVRARD, Eric GHIRARDI, Sayla SARANSIG, Lynn SCHAUSS, Marc SCHMIT, Nora SCHMIT, Tom SCHMIT, Joe SCHMITZ, Pascal THIRY, Michel WEBER.
Chloé GOERENS, Anne SPANIER an Eric GHIRARDI, Equipe aus dem Cycle 4.
Tour de France zu Schëffleng
Datum: 03/07/2017
Jahr: 2017
Dauer: 09:21
03/07/2017 Den Tour de France 2017 zu Schëffleng (09:21)
D’Kanner mole Fändelen, Trikoten, Nimm vun de Coureuren a Vëloen op Strooss. Ganz Schëffleng ass mat Gelänneren zougespaart. D’Duerfveräiner hunn hier Buden an Zelter opgeriicht a verkafen Allméigleches. De Ben Gastauer ass op der Fassade vum Kassen-Haus gemoolt. D’Geschäfter si mat Reklamme vum “Tour de France” dekoréiert.
Op der Gemengeplaz sinn d’Bänke voll besat an e groussen Ecran iwwerdréit d’Course. D’Museke spillen allerlee Lidder an et ass eng gutt Stëmmung an de Stroossen vum Tour.
Elo kënnt d’Reklamms-Caravane an d’Cadeauen an d’Reklamme fléien ënnert d’Leit.
D’Police, d’Reporteren an Hëllefs-Ween vun den Equippe féiere 4 Coureuren un, ier dann de ganze Peloton op 15 Sekonnen hannendrun kënnt.
Nationalfeierdag 2017
Datum: 22/06/2017
Jahr: 2017
Dauer: 25:34
22/06/2017 Virowend vum Nationalfeierdag 2017 (25:34)
De Paschtouer François TERZER begréisst Leit an an d’Schëfflenger Veräiner mat hire Fändelen an der Kierch. Nodeem dass de Kierchechouer an d’Minettsrousen e puer Lidder gesongen hunn, dirigéiert de Klaus DEMMLER, d’Harmonie Municipale vu Schëffleng fir d’Heemecht ze spillen.
Bei beschtem Wieder beweegt sech dee ganz grousse Cortège vu sämtleche Veräiner duerch d’Stroossen vu Schëffleng op d’Plaz virun der Gemeng, wou Verkafsstänn fir Iessen an Drénken opgeriicht goufen. De Buergermeeschter Roland SCHREINER schwätzt vun 10.000 Awunner an Nohaltegkeet. Och zielt hien déi landeswäit bekannte Schëfflenger Professionell Sportler op.
Alix BETTENDORF, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Klaus DEMMLER, Fabienne DIEDERICH, Carlo FEIEREISEN, Claudine FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Alain GUENTHER, Albert KALMES, Sven KILL, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Victor MERENS, Jean-Claude OLINGER, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Jean SPAUTZ, Marc SPAUTZ, François TERZER, Paul WEIMERSKIRCH, Henri ZEIG.
Porträit Ben Gastauer
Datum: 20/06/2017
Jahr: 2017
Dauer: 26:53
20/06/2017 Porträit Ben Gastauer (26:53)
De Kënschtler Raphaël Gindt huet de Vëloprofi Ben Gastauer op der Facade vum Haus Kass veréiwegt, fir den Tour de France 2017 – 28.-31 Mee.
Et schwäetzen de Buergermeeschter Roland SCHREINER, Kënschtler Raphaël GINDT, Vëloprofi Ben GASTAUER.
Interviewen: Mat der Presidentin vum S.I.: Juliette CAPUTO-JOHANNS, wéi et gaang ass a wat fir Démarchen hu misse gemaach ginn fir dëst ze organiséieren.
Mam President vum “Fan-Club Ben Gastauer”, Roland SCHREINER, mam Kënschtler Raphaël GINDT a mam Professionelle Vëlo-Fuerer Ben GASTAUER.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Ben GASTAUER, Romain GASTAUER, Raphaël GINDT, Albert KALMES, Sven KILL, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH.
Sidart
Datum: 26/05/2017
Jahr: 2017
Dauer: 08:09
26/05/2017 Sidart (08:09)
An der Galerie Uerbengsschlass zu Hesper hat d’Paticka asbl mat der HIV Berodung vun der Croix Rouge an d’Gemeng Hesper eng Konschtausstellung organiséiert.
Geschwat haten d’Kulturschäffin Diane ADEHM vun der Gemeng Hesper, de Patrick WENGLER, President vu Paticka asbl a Sandy KUBAJ vun der HIV Berodung vun der Croix Rouge. Déi 6 verschidde Kënschtler waren: Caroline GASPAR, Petra WEBER, Snejana GRANATKINA, Isabelle MAREC, Charlotte ERNZER a Gilles STURM.
Table ronde Esch Behënnert sinn a schaffe goen
Datum: 10/05/2017
Jahr: 2017
Dauer: 38:02
10/05/2017 Table ronde Esch: “Behënnert sinn a schaffe goen” (38:02)
Ënnert dem Patronat vun der Gemeng Esch-Uelzecht ass am Kinosch vun der Kufa och eise Film iwwert déi Behënnert gespillt ginn an och hei war uschléissend eng Table Ronde änlech wéi déi vum 9. Mäerz zu Schëffleng. Hei hat de Carlo LECUIT och d’Moderatioun iwwerholl. De Silvio SAGRAMOLA erkläert de Berodungszentrum Info Handicap; de Mike WATGEN schwätzt iwwer d’Problemer mam HIV+ am Betrib; d’Vera SPAUTZ seet wéi vill Méiglechkeeten et op enger Gemeng gëtt; Snejana GRANATKINA stellt sech fir a wat hat schafft a moolt; Pauline BRASSEUR erzielt iwwer seng Aarbechtsplaz op der Waassertrap, wou hat eeler Leit ënnerhält.
Dës Table Ronde war gutt besicht an hat e grousse Succès bei allen déi do waren.
E Bam fir al neigebuerent Kand 2017
Datum: 09/05/2017
Jahr: 2017
Dauer: 19:50
09/05/2017 E Bam fir al neigebuerent Kand 2017 (19:50)
Op der Spillplaaz am Päerchen zu Schëffleng seet de Guy SPANIER, vun dem Ëmwelt-Service, dat dëst Joer Uebst-Sträich an -Hecken wéi: Hambier, Molbier, Kréischelen, Framboise, Schwaarzbier awer och e puer Äppelbeem, fir déi 106 nei-ugemellte Kanner vu Schëffleng ugeplanzt ginn.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER gegréisst, dass déi Traditioun nach ëmmer weidergefouert gëtt an dat d’Leit och zu genuch bei dësem schéine Wieder komm sinn, fir dat ze maachen. Hee seet, dass d’Beien wichteg sinn fir Natur a Mënsch an dat déi Aktioune, wéi déi hei ganz wichteg fir hiert Iwwerliewe sinn.
Duerno sinn 5 Interviewe gemaach ginn, wou d’Leit ganz zefridden mat dëse Planzaktioune vun dem Schëfflenger Gemengerot sinn.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Romain GASTAUER, Carlo FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Sven KILL, Sebastien KOHN, Yves MARCHI, Dan SANNIPOLI, Roland SCHREINER, Guy SPANIER, Paul WEIMERSKIRCH
Inklusioun Bartreng (Konferenz) 2017
Datum: 08/05/2017
Jahr: 2017
Dauer: 2:14:44
08/05/2017 Inklusioun Bartreng (Konferenz) 2017 (2’14:44)
Table ronde iwwert Inklusioun vun de Behënnerten am Festsall zu Bartreng.
D’Madamm Gaby DAMJANOVIC, Member vun “ALAN” – (Maladies Rares Luxembourg), begréisst d’Leit a stellt déi verschidde Riedner fir:
Prof. Dr Germain WEBER, Dekan vun der Fakultéit fir Psychologie zu Wien, deen de Begrëff Inklusioun erkläert.
d’Politikerin Madamm Tilly METZ, “Multiple Sclérose Lëtzebuerg”, déi d’Moderatioun vun der Konferenz mécht.
de Patrick HURST, Grënnungsmitglied vun “Nëmme mat eis”
de Joël DELVAUX, Grënnungsmitglied vun “Nëmme mat eis”
d’Madamm Nicole SIBENALER, vun “CET” (Centre pour l’Égalité de Traitement)
d’Madamm Claudia MONTI, Ombudsman
d’Madamm Lynn FABER-MENSTER, Gebäerdesprooch
de Michael SCHMAUDER, Gebäerdesprooch
Reportage iwwer Präisverdeelung vun Aktioun “Chrëschtbeemchen” vun der ACAS
Datum: 24/04/2017
Jahr: 2017
Dauer: 06:48
24/04/2017 Präisverdeelung un d’Schoulklassen vu Schëffleng (06:48)
De President Alain KOCKHANS vun den ACAS empfänkt d’Gewënner an der Salle Gr.-D. Jean op der Gemeng vu Schëffleng, fir hinnen ze gratuléieren a Merci ze soen, dat si bei der “Aktioun Chrëschtbeemchen” mat gemaach hunn.
3 Präisser un: Stephany SCHWARZ, Sabine LENTZ, – Line JACOBY, – Nadia MULLER, Laura MANOLI.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER lueft déi 36 Klassen aus enger Schoul, déi d’Chrëschtbeemercher mat Musek a Gesang dekoréiert an opgeriicht hunn. D’Klasse kruten all en Diplom vun der Gemeng iwwerreecht.
Idette CATTIVELLI, Carlo FEIEREISEN, Alain KOCKHANS, Nadine KUHN-METZ, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND.
Faire Trade 2017
Datum: 01/04/2017
Jahr: 2017
Dauer: 10:30
01/04/2017 Fair Breakfast Schëffleng (10:30)
Am Zelt op der Moartplaz begréisst de Schäffen a President vum Fairtrade Schëffleng, Paul WEIMERSKIRCH d’Leit op den 1. Fair Breakfast zu Schëffleng a stellt verschidde Verkafs-Produkter fir déi hei gehandelt ginn. Fairtrade mat: Kaffi, Schockela a Bananne – Lëtzebuerger Hunneg vum M. Schroeder – Hëllef fir SOS Faim – astm (Association Solidarité Tier Monde) – 3. Weltbuttek vun Esch.
D’Gesellschaft AKABO (Fairtrade personaliséiert B2B Textilie vu Luxembuerg) huet e Bus mat Kleeder, déi op engem Moudendefilé vu Meedercher an Damme virgestallt ginn.
Alix BETTENDORF, Jérôme COURTOY, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Yves FIORELLI, Gilbert GODARD, Manfred GREGER, Alain GUENTHER, Albert KALMES, Sven KILL, Nadine KUHN-METZ, Carlo LEQUIT, Victor MERENS, Silvio SAGRAMOLA, Paul WEIMERSKIRCH,