Video Archiv

Seniorefeier 2025
Datum: 10/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 15:08

Seniorefeier 2025

dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025
Datum: 22/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 03:06

dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025

Tourismus für alle !
Datum: 29/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:57:12

Tourismus für alle !

Picnique Motor Union
Datum: 01/01/1947
Jahr: 1947
Dauer: 06:05

01/01/1947
Picnique (Motor Club Schifflange)
(06:05)
De President war de Pierre NICOLAY.
De Motor Club mécht en Ausflug an d’Gréngs mat Pique Nique,
Musek an Danz vun deemols: «Le Spirou».
Et gouf och nach Fussball gespillt.
De 16 mm schw./w.-Film vum Victor HENX (ACE), gouf 2014 vun den AMCIS digital ofgefilmt a vertount.

de Kleeschen fréier
Datum: 10/04/2025
Jahr: 1951
Dauer: 08:03

1951
de Kleesche fréier an haut gekierzte Versioun
den Originaltitel ▼
10/04/1951
St. Nicolas le bon Patron (S)
(08:03)
De schwéier beschiedegte 16 mm schw./w.-Film vum Nic. LAUX / Aloyse CRELOT (ACE), gouf 2014 vun den AMCIS digital ofgefilmt a vertount.
Acteuren:
Guy ALLAMANO
. . . (leider nach net fonnt, well déi feelend Zeene réckelt keen eraus)

Cavalcade Esch/Alzette an der Hoehl 1953
Datum: 01/01/1953
Jahr: 1953
Dauer: 10:34

01/01/1953
Kavalkad Esch/Alzette an der Hoehl
(10:34)
Kavalkad am Quartier Hiehl / Barbourg
Rue Hiehl – rue Barbourg – rue de Mines – rue des Mineurs – rue Hoehl
mam Anni BECKER, Armando a Primo CAURLA, Victor CORBELLI, Georges MART, Milio SCARASSA, Jeng STEFFEN a vill anerer, a virun allem de Buergermeeschter vun der Grenz August PALGEN.

Schëffleng an de Joeren 1953 bis 1956
Datum: 01/01/1953
Jahr: 1953
Dauer: 1:03:07

1’03:07)
Jadis un petit Bourg
Déi verschidde Sequenze sinn:
Aujourd’hui une Agglomération industrielle mais pittoresque
Barrière ″um Scheierbësch″ rue de Noertzange – Cimenterie – Quartier rue de l’Industrie – Moulin de Bestgen – Moulin Jungers – Dumontshaff – rue de Hédange – rue Pierre Krier – av. de la Résistance – ″Al Schoul″ école Lydie Schmit – Stade Jean Jacoby – ″Schwaarz Bréck″ – rue de l’Église – Terrain ″Amis des Sports″ – Terrain2 ″FC Schifflange 95″ – Source dans le parc ″Schmëttbësch″ – ″Käler Ramp″ Minière à ciel ouvert
L’industrie lourde
ARBED Esch – Schifflange – av. de la Résistance – Portail de l’usine de Schifflange – Cité Emile Mayrisch – Gare de Schifflange – Pont quartier Wendel
Les manifestations religieuses et profanes
rue de Noertzange – Barrière route d’Esch – av. de la Libération – ″Sprëtzenhaus″ Quartier um Wendel – Place Hôtel de Ville ″Fräiheetsplaz″ – Hôtel de Ville – Abbé Jean Wilhelm – 25 Joer Paschtouer
La vie sportive
Meeting du CAS – Distinction hon. de Paul FRIEDEN par le bourgmestre Denis NETGEN – Monument aux Morts à l’Hôtel de Ville – Motocross MUL Schifflange – Terrain Amis des Sports – Inauguration du monument à la gloire – des sportifs mort pour la patrie -1956 Inauguration du terrain de football ″The National″ Denis NETGEN
Les institutions sociales
Assistance médicale pour nourrissons à l’Hôtel de Ville
Dr Joseph Hengesch – ″Nei Schoul″ école Albert Wingert – Assistance médicale pour éco-liers – ass. sociale Cecile FRIEDEN – Dr Albert WIWINES – ″Al Schoul″ école Lydie Schmit – Dr Jean-Pierre SINNER – Dr Adolphe FEYDER – ″Jongenheem um Wendel″
La vie administrative
ancienne poste aujourd’hui maison des jeunes – Caisse d’Épargne dans l’Hôtel de Ville
Dëse 16mm-Film iwwer d’Stad Schëff leng, gouf an de Joren 1953-1956 vun den Hären Aloyse CRELOT a Nic. LAUX (ACE) am Opdrag vun der Gemeng Schëffleng gedréint. En ass schwaarz/wäiss an hat an der Zäit och nach keen Toun.
2009 gouf dëse Film vun den AMCIS, digital ofgefilmt a vertount.
De Film dauert 60:42 min
Dësweideren sinn nach Bläistëftzeechnungen aus dem Joer 2001 vum Raymond KOENIG vu verschidden ale Gebaier aus Schëffleng drop:
Aalt, sougenannt Schlass 1915 – d’Bar rièren: „Héidengerstrooss“, „Escher strooss“, rue de la Gare – Entrée du village 1968 – Hôtel de Ville – ancien Hôtel de Ville, poste et bureau de Police – Maisons: Dr Hengesch, Jangen, Hans et Weyrich Germaine, Kieffer Charles, Millemeister „op der Knupp“ 1945, Wintersdorf 1950 – rue de Hédange 1950 – “Kierfegtwee” an d’Kierch

Motocross 1956
Datum: 01/01/1956
Jahr: 1956
Dauer: 13:54

01/07/1956
Motocross 1956 (Auszoch vum Film Motocross zu Schëffleng 1956)
(02:55)
Usiichte vu Schëffleng mat Weeweiser fir op de Motocross
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
D’16mm-Filmer sinn aus dem Besëtz vun der Motor Union vu Schëffleng,
a goufen 2014 digitaliséiert a vertount.
Schëffleng, bekannt fir de Motorsport an haaptsächlech de Motocross. Net ze vergiesse sinn d’Europa- a Weltmeeschterschaften an der Klass 250 ccm déi an de fofzeger a Sechzeger Joren ausgedroe goufen. Evenementer, déi dausende vun Zuschauer op Schëffleng bruecht hunn an esou den Numm vun dëser Uertschaft an d’ganz Welt gedroen hunn.

Motocross zu Schëffleng 1956
Datum: 01/01/1956
Jahr: 1956
Dauer: 1:48:39

01/07/1956
Motocross zu Schëffleng 1956
(1’48:38)
Usiichte vu Schëffleng mat Weeweiser fir op de Motocross
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
D’Coursen an d’Éierunge vum 1. Juli 1956 zu Schëffleng.

Motocross 1957
Datum: 01/01/1957
Jahr: 1957
Dauer: 06:49

01/01/1957
Motocross 1957
(06:49)
Coursen an Éierunge
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
Dëse Film gouf 2014 digitaliséiert a vertount.

Motocross 1958
Datum: 01/01/1958
Jahr: 1958
Dauer: 12:19

10/08/1958
Motocross 1958
(12:19)
Motocross zu Schëffleng
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
Start – Accidenter – Gewënner – Motocross-Tandemfueren – de Fuerpark
Dëse Film gouf 2014 digitaliséiert a vertount.

Motocross 1960
Datum: 01/01/1960
Jahr: 1960
Dauer: 09:50

01/01/1960
Motocross 1960
(09:50)
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
Buergermeeschter Denis NETGEN
Schäffe Camille KAYSER
Éierung, Start, Course vun de Vélomoteuren – National-Concours 500 ccm – Europa-Championnat
Dëse Film gouf 2014 digitaliséiert a vertount.

Motocross 1963
Datum: 01/01/1963
Jahr: 1963
Dauer: 06:15

26/05/1963
Motocross 1963
(06:15)
President vun der MUS (Motor Union Schifflange): Pierre NICOLAY
Schäffe Camille KAYSER
Éierung, Start, Course vun de Vélomoteuren – National-Concours 250 ccm – Europa-Championnat
Buergermeeschter Denis NETGEN
Dëse Film gouf 2014 digitaliséiert a vertount.

Blumencorso in Esch Alzette 1963
Datum: 01/07/1963
Jahr: 1963
Dauer: 10:22

01.07.1963
Blummecorso Esch-Uelzecht – Marcel SASSEL
(10:21)
De Film geet u mat engem Won, wou der Rëmelenger Moler an Zeecheprofesser Foni Tissen (1909-1975) skizzéiert an duerno mat Sonneblummen an anerer dekoréiert.
Op der Theaterplaz zu Esch-Uelzecht waarden de Buergermeeschter Jules SCHREINER, de Jacques SANTER an der Jacques F. POOS op de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Josephine Charlotte mat hire Bouwen de Prënz Henri *1955 a säi Brudder Jean *1957.
De Cortège setzt sech zesummen aus ville Leit aus de Lëtzebuerger Gaardefrënn an och aus de Nopeschlänner. D’Escher an d’Schëfflenger Stadmusek sinn och ze gesinn. Majoretten aus Lëtzebuerg an de Nopeschlänner huele bei de Fuestruppen deel. Déi mat Blummen dekoréiert Ween stellen all Méigleches duer: Zuch, Bier, Schnéimann, Beiestack, Seegelschëff, Päerd, Tuerm, Himmelsdéierchen, Wal, Buggi, Auer, Wopen, Sail, Kuef, Schaukel,Motorboot, Schléck, Päiperlek, Gäertner, Schlëssel Kroun, Wieder-Haischen, Teddybier,Schlass, Radar a vill aneres.
Zum Schluss e Bouquet Blummen an en häerzlechen Avoir vun der Stad Esch-Uelzecht fir d’Groossherzoglech Famill

Motocross 1965
Datum: 01/01/1965
Jahr: 1965
Dauer: 30:27

30/05/1965
Motocross 1965
(30:27)
Grand Prix de Luxembourg – Championnat du Monde de Moto 250 ccm
President vun der MUL (Motor Union Luxembourg): Pierre NICOLAY
Sekretär: Josy HANSEN
Éierung, Start, Course
Buergermeeschter Denis NETGEN
Dëse Film gouf 2014 digitaliséiert a vertount.

1. Mee am Bösch mam Elisabeth
Datum: 01/01/1973
Jahr: 1973
Dauer: 03:22

01/05/1973
1. Mee am Bësch mam Elisabeth – IRIS-FILM
(03:22)
D’Kolleegen aus dem Café „beim Elisabeth“ aus der Escher Brillstrooss feieren den 1. Mee am Ellergrond bei der Quell.
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.

Aweiung APEMH Nossbierg
Datum: 26/05/1973
Jahr: 1973
Dauer: 20:09

26/05/1973
Foyer de la Solidarité
(20:08)
Déi Feierlech Aweihung vum „Foyer de la Solidarité“, dee vun der „Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés“ (APEMH) mat der Mathëllef vun onzielege bekannten an onbekannten Donateure gebaut gouf.
Ganz vill Éieregäscht a Perséinlechkeeten haten sech am fréien Nomëtteg um Nossbierg beim Agank vum Foyer afonnt, fir déi Groussherzoglech Grande-Duchesse Josephine Charlotte ze empfänken. Un der Spëtzt den Här Jean-Pierre BÜCHNER an de Buergermeeschter vun der Stad Esch/Uelzecht: Arthur USELDINGER mat senge Schäffen: Henri SCHMITZ a Jos BREBSOM.
Well um Nossbierg nëmme wéineg Parkplaze waren, hat den Organisatiounspresident Albert GOEDERT dofir gesuergt, dat speziell Bussen zur Verfügung stoungen, fir déi vill Gäscht erop ze féieren.
Vum Organisatiounscomité ware present: Albert GOEDERT, Paul REEF,
Jean-Paul PARISOT, Carlo BEAUMET, Joseph BOHNERT, Nic FOX,
Sylvain GREMLING, Melle Adeline GROSS, Emile PLEGER,
Ferd ROELTGEN, Joseph ROULLING a Pierre RUMÉ.
Vum Comité: Louis ALBONETTI, Théo BOHNERT, Fernand PEIFFER,
Nic ANGELSBERG, Ernest SCHUMACHER, Marcel WOLFF,
Marino PEZZOTTA, Charles STEIL, Mme GILLEN-PEZZOTTA,
Henri MENCUCCI, Emil KLEESER a Josée FISCH.
Leedung bei der Biergaarbechtermusek hat de Roger FLAMMANG.
D’Madame la Grande-Duchesse gouf vum Renée (eng Pensionärin vum Foyer) ganz häerz lech mat engem Bouquet Blumme begréisst an déi aner Notorietéiten hunn sech virgestallt.
An senger Begréissungsusprooch huet de Buergermeeschter Arthur USELDINGER ënner anerem gesot: „Jusqu’à 1968 l’opinion publique ne c’est guère occupé de ce problème, mais une association de parents venait de se former.
Sa voie grave portée aux quatre coins du pays par la presse luxembourgeoise à été entendue et a provoqué un grand élan de solidarité. Notre devoir reste de protéger et d’aider ces enfants dans la mesure des possibilités ainsi disparaitrons les préjugés des années passées. Notre Foyer aidera les parents à reprendre espoir.“ An heen huet mat de Wieder ofgeschloss:
„Nous vous remercions d’être venue à notre inauguration. Votre présence parmis nous, nous contibuera à la sensibilation plus large seon l’opinion publique au problème de l’enfance mentalement handicapé.“
Déi feierlech Aweiung ka mat den 3 Reliouns-Vertrieder ufänken – den Dechen: Jules JOST – de Protestantesche Paschtouer: Gerard BRUBACHER an de Rabbiner: David Rothschild.
Ënnert der Leedung vum Direkter Marcel WOLFF, gouf d’Madame la Grande-Duchesse duerch d’Zëmmeren a Raimlechkeete vum Foyer gefouert, dat gëllent Buch ënnerschriwwen an de Mierscher Architekt André Lefèvre virgestallt. – De Chef vun der Militärmusek: Norbert HOFFMANN war och op d’Aweiung komm.
D’Madame la Grande-Duchesse huet och d’Ateliere besicht a sech mat de Pensionären ënnerhalen. Als Ofschloss huet si och nach e Cadeau, deen ee vun de Pensionäre gemaach hat, iwwerreecht kritt an ass an den Auto vum Haff geklommen, fir an den Escher Theater zu fueren, wou d’“Séance Académique“ ofgehale gouf.
Déi Escher Stadmusek spillt ënnert der Leedung vum Georges WAGNER: „Ouverture gaie“ vum Norbert HOFFMANN.
No dem den Organisatiounspresident Albert GOEDERT huet d’Madame la Grande-Duchesse a sämtlech Gäscht begréisst hat gouf dëst gesot: „Ce n’est sans doute pas un hasard, et c’est en tout cas ainsi que le Foyer de la Solidarité, réalisation pilote est pu s’implanter sur les territoires de la Ville d’Esch-sur-Alzette, traditionnellement sur la pointe des initiatives en faveur de nos compatriotes les moins favorisés.“
De President vun der APEMH Louis ALBONETTI sot: „Wuel ass et eise Foyer, der APEMH hiren, mä et ass och ären, et ass dem ganze Land säin, mir Elteren hätten dat net kënne erriichten, wann net d’Mathëllef esou spontan a grouss gewiescht wier a wa mer net weider op är Mathëllef kënnten zielen, wann een elo do steet.“
Den däneschen Direkter Leif BIDSTRUP vun der staatlecher Hëllef fir geeschteg Behënnerter an der Géigend vu Kopenhagen mengt, dass een nach misst 12 dëser Foyer’en am ganze Lëtzebuerger Land bauen.
Den Norbert HOFFMANN dirigéiert seng selwer geschriwwen „Hymne de la Solidarité“.
Schlusswuert hat de Sozialminister Jean-Pierre BÜCHNER: „… l’intérieur devoir de mettre enfin en pratique nos bonnes intentions, si souvent proclamés, de faire des handicapés générals et des handicapés mentaux en particulier, les biensaimés de notre société.
„Gefilmt hat: Fernand PEIFFER
Nodréigleche Kommentar: Patricia HOMMEL
De Logo vun der APEMH gouf vum Grafiker Pe’l SCHLECHTER gezeechent.
Dëse Film hat d’AMCIS 2013 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
– 2

Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989
Datum: 01/01/1989
Jahr: 1989
Dauer: 42:01

01/01/1989
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989
(42:01)
1989 hunn d’AMCIS ugefaangen Aktualitéite vu verschiddenen Evenementer an Or gani satiou ne vu Schëffleng op Hi8-Video-Kassetten ze filmen an esou fir d’Zukunft festzehalen.
Dës waren:
Neijoerssangen, Trikotiwwerreechung vum Handballclub, Theatervirstellung „De Stenz“ vun der C.M.S., Kavalkad vum Folklorama, Buergbrenne vun de Guiden a Scouten, Billerausstellung Erbs a Molitor am S.I., Kapesëtzung vum Folklorama, Billerausstellung Monique Sinnes-Hahn am S.I.,Turngala vum Le Travail, Biathlon, d’Kommu nioun, Ausstellung vum Cercle Pierre Roberti, neie Fändel fir den LCGB, Ausstellung Photo-Club, d’Opriichte vum Sprangbuer op der Gemengeplaz, Dag vum Vëlo vu La Pédale 07, Concert vum Jugend -Orchester vun der Harmonie, Härläichendag, 150 Joer Fräiheet, Drusen heim op Besuch, National feierdag, Poar fest, eng Bréck fir Vëlosfuerer, Schoul fest, Streik gedenkfeier, Éierung vun A. Lulling, J. Spautz a N. Stein, Oktober fest, Niklos maart, Nikloscortège a Chrëschtmaart vun der ACAS.
2014 koum dunn den Zesummeschnëtt dovun ënner dem Titel „Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989?“ op DVD eraus. – Well et de Leit esou gutt gefall huet, gouf vum Kommitee beschloss, déi aner Joren, déi nach gefilmt sinn och op DVD ëmzespillen.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.

Wills du deine Freizeit sinnvoll nutzen ?

Nach oben scrollen