Erënnert dir iech nach un d’Joer 1990
Datum: 01/01/1990
Jahr: 1990
Dauer: 40:49
01/01/1990
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1990
(40:49)
Dëse Film weist wat am Joer 1990 zu Schëffleng lass war:
Prost Neit Joer, Frëndschaftsowend vun der LSAP, Theaterstéck „Melusina vum Null-Bock“, Reouverture vum Garage Armand Binsfeld, Theaterstéck „Mama bleif cool“ – C.M.S., Kapesëtzung vum Folklorama, Pizza’s Toni mat senge Folkloristen, Kavalkade vum Folklo rama, Biller ausstellungen am S.I., Stuerm schied zu Schëffleng, Turngala „Le Travail“, Diplom iwwerreechung vun der Protection Civile, Stuermschied (E Merci fir d’Pompjéen, Police a Pro tection Civile), Gala-Concert vun der Harmonie Municipale, Firmung a Kom munioun, Projektioun Baustert Claude: Canada – Photo Club, Ausstellung „Amis Pékinois“ am S.I., Festival scolaire et rallye pour cyclotouris tes vun La Pédale 07, 13e Grand Prix Monopol, 22e Grand Prix Félix Melchior, 1ier Grand Prix des frères Marcel et René Even, Toyota et Lexis vum Garage Origer, 75 Joer – Fah nen weihe vum Aarbechter ënner stët zungs veräin, Aweiung Sportsanlag vum C.A.S., Championsfeier vun den Amis des Sports, Concours Péta-Boules, Bra derie vun der ACAS, Erläiche prës ses sioun, Porte ouverte aal Schoul (Lydie Schmit), Éierung „Amis des Sports“ an Dëschtennis, Ausstellung „Plan av. de la Libération“, Aweiung vum „Mémorial ons Jongen“, Virfeier vum National feier dag (Te Deum, Ëmzuch a Volleksfest), Vernissage vun der Ausstellung „Ëmsii dlung“, Primiz Biver Pierre, Übung vun der Protection Civile a Pompjeeën, Poarfest, Projectioun vun den AMCIS am S.I., Concours vum Hondsport veräin, Kiermes, Jamboree vun de Scouten, Coupe Jhemp Weyrich – Amis des Sports, Coupe Jean Ackermann – F.C. The National, Schëfflenger Motiver Hansen Jean, Schëfflenger Mile vum C.A.S., Streikgedenkfeier mat Kranz nid der leeung, Moudendefilé vun der ACAS, Äppelfest vun de Scouten, Expo „Plan vert“ am S.I., Aweiung Polizei kommis sariat, Éierung vun de Sportler STASS a Péta-Boules, Naturschutz-Ausstellung vum Photoclub, Citoyen méritant, Schëff lenger Kiermesmaart – ACAS, Ca ba ret Hoscheit, Schluss concert Minetts rousen an C.M.S., Kleeschen, Aus stellung Hobby kënschtler, Verdeelung vun Aueren, Chrëschtmaart, Gala-Concert H.M.S., Chrëschtfeier Coin de Terre et du Foyer, Matinée de Noël pour personnes agées, Ouverture „Beim Berthe“, Chrëschtfeier vun der AMIPERAS, Concert Chorale Poufanken.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
Quiz Owend um Quetschefest zu Esch
Datum: 15/09/1990
Jahr: 1990
Dauer: 56:37
15/09/1990
Quiz Owend um Quetschefest zu Esch
(56:37)
Lëschtegen Owend
Et féiert duerch den Owend: Christiane BACK
Prominent Gäscht:
Adeline PELLEGRINO, Schoulinspekter
Fränz SCHAACK, Buergermeeschter
Mady PICARD,
Jeannot CLEMENT, Gemengesekretär
Yves DESQUIOTZ, Quiz-Kandidat
Micky ERPELDING an Ali BINTZ
Op der Uergel: Gilbert HOMMEL
Schëfflenger Geschäfter 1989
Datum: 10/04/1989
Jahr: 1989
Dauer: 41:36
30/10/1990
Schëfflenger Geschäfter 1990
(41:36)
De Reklammsfilm weist verschidde Butteker vun deemools:
Coopérative „Le Syndicaliste“ – Metzler Edouard Engel – Zockerbäcker Jempi Post-Galasso – Plätterchesgeschäft Jean Feitler – Blummebuttek „Terralux“ Johny Scaccia – Buttek „La Bagatelle“ Bisdorff – Buttek „Bel Mondo“ Nicole Feitler – Garage Olivier Origer (Toyota) – Garage Armand Binsfeld (Peugeot) – Blummebuttek Johanns-Bienert –
Garage Binsfeld sàrl (concess. Nissan) – Elektrikergeschäft Guy Hottua.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1991
Datum: 01/01/1991
Jahr: 1991
Dauer: 51:22
01/01/1991 Erënnert dir iech nach un d’Joer 1991 (51:22)
Dëse Film weist wat am Joer 1991 zu Schëffleng lass war:
Firmung, Liichtmëssdag, ArtsLibre Esch/Alzette am SI, Ouverture 3ASport,
Cross-Landesmeeschterschaft, Nei Kanalisatioun, Concert Jugendgrupp
vun der Harmonie Municipale, Erëffnung Buvette „an der Schwemm“,
Pêche 91, Championnat Éierung Dësch-Tennis beim Berthe , Diplomer fir
Sekuristen, „Le Travail“, Kommioun, 75 Joer OGB-L, Ouverture „Mon
Jardin“, Championsfeier „Amis des Sports“, Erëffnung „Il Mandarino“,
Coupe de Luxembourg „Le Travail“, Neie Proufsall, Ausstellung Reiff
Pierre am S.I., Gymshow régionale „Le Travail“, Verkéiersgaart baussen,
Fiederball „Coupe Lydie Schmit“, Braderie, Nationalfeierdag, Timber-
ausstellung, Wisefest HBC Schëffleng, Éierung vu 4 Sportsveräiner,
Verkéiersgaart an der Hal, Porfest, Éierung Malou Thill, Historesch
Militärautoen, Championnat Wuechthënn, Streik-Gedenkfeier, Vakanz-
Nomëtteger, Schëfflenger Mile vum C.A.S., Lokal-Derby, Viezfest,
Moudendefilé, Bichersammlung vun der Elterevereenegung, Hämmels-
marsch a Kiermesmaart vun der ACAS, de Kleeschen, Société Avicole,
Neie Buedem fir d’Sportshal, Chrëschtmaart, Seniorefeier, Hobbymaart.
Eurofestival Librament 1992
Datum: 01/01/1992
Jahr: 1992
Dauer: 1:24:57
8-13/07/1992
„European Peoples’ Festival“ zu Libramont (Belgique)
(1’24:57)
Dëst ass den 1. „European Peoples’ Festival“ wou ofgehale gouf.
D’Erëffnungs-Feier war bei wonnerbarem Wierder am Fräien an all Land war mam Fändel, Delegatioun an enge geschichtlecher Figur a Form vun engem Ris vertrueden. Lëtzebuerg hat de „Siggy“ als Figur erausgesicht. Spuenien den „Don Quichotte“, Irland de „Patrick“, Italien de „Romeo“, Dänemark den „Oldin“, Däitschland de „Prinz Karneval“ an den Organisateur d’“Europa“.
Riede goufe gehale vum Organisatiounspresident Fernand Antoine, dem Buergermeeschter Bossicart an dem Gouverneur Jacques Planchard.
Déi 12 Nationalfändele goufen a Begleedung vun den Hymne vun der Museks gesellschaft „La Stockemoise“ eropgezunn, duerno koum d’Europahymn an den Europafändel begleet vum Gesangveräin „La Tournerie“, déi d’“Hymne an die Freude“ gesongen hunn an Honnerte Ballonen an Dauwen si fortgeflunn.
– 1 – 1992
D’Länner haten alleguer e klenge Pavillon, wou si déi heemesch Produkter virgestallt hunn. Am Lëtzebuerger Pavillon gouf e Videofilm an och Fotoen iwwer Schëffleng gewisen. Iessen an Drénke konnt ee mat „ECU-Bonge vu 40 Frang.
Et gouf: Mini-Foot, Basket- a Volleyball, Dëschtennis, Fëschen, Quizfroen, Petanque, Vëloscourse, Corrida an e Show-Programm mam Turnveräin „Le Travail“ virgedroen.
46 Awunner vu Schëffleng waren derbäi mam Buergermeeschter: Nic. FRISCH, Schäffe: Roland SCHREINER, President vun der Kulturkommissioun Fred LUA, President vum S.I. John HEINZ, Claudine FEIEREISEN, Lino SEGHETTO a Malou METZ-THIMMESCH.
Den Ofschloss huet e Blumme-Korso vun 2,5 km mat 13 Ween, dekoréiert mat Monumenter an Zeenen, déi vun deene respektive Museken a Fanfarë begleet waren an d’Wiel vun der Miss-Libramont.
Deelgeholl haten no Punkten:
01. Spuenien: Aranda de Duero
02. Frankräich: Cezais, Saint-Sulpice-en-Pareds, Thouarsais-Bouildroux (Vendée)
03. Italien: San Vito
04. Lëtzebuerg: Schëffleng
05. Irland: Limerick
06. Holland: Kennemerland Regio
07. Belsch: Libramont
08. Portugal: Cantanhede
09. England/Schottland: Dunoon
10. Däitschland: Lohmar
11. Dänemark: Frederikssund
12. Griichenland: Loutraki
Grossherzog Jean zu Schëffleng
Datum: 01/01/1992
Jahr: 1992
Dauer: 1:20:50
31/08/1992
Groussherzog zu Schëffleng
(1’20:50)
De Gr.-Duc Jean a seng Fra d’Gr.-Duch. Josephine Charlotte koumen zur Geleeënheet vum Streikdag vun 1942 op Besuch vun der Schëfflenger Gemeng. Am voll besate Sall Gr.-Duc Jean huet een: de Buergermeeschter Nic Frisch, Schäffe Jempi Rehlinger a Schäffe Roland Schreiner, Astrid Lulling, Erna Hennico-Schoepges, Jacques F. Poos, Jean Spautz, Nelly Stein, François Schaack, J.P. Kayser a vill Schëfflenger Leit, erkannt.
Déi Schëfflenger Musek spillt zur Begréissung de „Wilhelmus“ an de Virriedner John Heintz (SI-President) gëtt dem Buergermeeschter Nic. Frisch, d’Wuert. – Dee seet dem Gr.-Duc Jean a seng Fra d’Gr.-Duch. Josephine Charlotte villmools Merci fir hiert Kommen zur Geleeënheet vun dësem Streikdag. Heen erënnert och un de Widderstand vu Schëffleng, Ettelbréck a Wolz, souwéi den Hans Adam, Eugène Biren, déi 298 Schëfflenger Jonge, déi
– 2 – 1992
agezu goufen an der 57 net méi erëmkoumen. Awer och déi 104 Schëfflenger Leit, wou der 19 am Prisong oder KZ gestuerwe sinn.
Duerno erzielt de Buergermeeschter, dat 798 Schëffleng am gëllene Buch vun Iechternach fir 1. ernimmt gëtt. Am Joer 1182 gouf Schëffleng duerch d’Loi de Beaumont zur „Ville libre“ ernannt awer d’Geriichtszäit blouf bis 1911. – 1635 hunn 42 Famillen hei gelieft, awer no den Onroue vum 30-järege Krich an no der Pescht waren nach just 8 Famillen do. Ëm 1800 war Schëffleng eng Uertschaft, déi vum Akerbau gelieft huet. 33 Famille ware Baueren.
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1992
Datum: 01/01/1992
Jahr: 1992
27/11/1992
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1992
(42:01)
Dëse Film weist wat am Joer 1992 zu Schëffleng lass war:
Déi falsch Niess (Theater CMS), 1. Hotel zu Schëffleng – Fam. Fernandes, 50 Joer LPPD – Schëffleng, 4. Kavalkad a Kapesëtzung (A.A.F.C. Folklorama), Vëlosmaart (LP07), Lokalderby: The National – Amis des Sports, Diplomiwwer reechung vun der Protection Civile, Fréijoersausstellung (ACAS), Ausstellung Scholtes Josy (Galerie d’Art S.I.T), Kommunioun zu Schëffleng, Ausstellung Arts Libre vun Esch-Uelzecht, Turngala (Le Travail), Opstig – The National an d’Éierepromotioun, Den neie Wues um Fussballsterrain The National Schëffleng, Vereedegung vum Roland Schreiner a Jean-Pierre Kayser, Fréijoersconcert (HMS), 15 Joer Gesondheetsturnen, Ouverture Café Portugais, Braderie, Behënnertesport, Hondsdressur, Internationale Concours Pétanque, Mammendag vun de Klenggäertner, XIII. Gesondheetslaf (A.S.P.E.L.S.), Porte Ouverte: Staatlech Kanner heemer, Virowend vum Nationalfeierdag, Éierung vun de Sportler, Grousst Wisefest vum Handball, Fest vun der rouder Rous, 50 Joer Generalstreik, 90 Joer LSAP, Mouden défilé (ACAS), Aweiung vum Stadhaus a 50 Joer Generalstreik, Ausstellung Zondacq Robert, Reouverture Café „Bloen Eck“, 2. Bicherausstellung (Elterevereenegung), Porte Ouverte neit Stadhaus, Kiermesmaart (ACAS), Wanterconcert (HMS), Porte Ouverte Geberit/Schintgen, Niklosëmzuch, de Film „Gwendolyn“ (Marc Erang) vum National-Concours 1992 wou d’AMCIS den 1. Präis krut.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1993
Datum: 01/01/1993
Jahr: 1993
Dauer: 53:02
1993
01/01/1993 Erënnert dir iech nach un d’Joer 1993 (53:02)
Dëse Film weist wat am Joer 1993 zu Schëffleng lass war:
Kä Problem (Theater CMS), 5. Kavalkad a Kapesëtzung (A.A.F.C. Folklorama), Gala Concert (HMS), Turngala (Le Travail), Theaterspill: Sister Act (Guidë vu Schëffleng), Kommunioun zu Schëffleng, Ouverture vum „Mon Jardin“, Ouverture BITEC, Vëloscourse (LP07), Gedenksteen fir 3 verschwonne Kanner, Demonstratioun vun deene Gréngen, Virowend vum Nationalfeierdag, Vakanz-Nomëtteger, Eurofestival zu Dunoon (Schottland), Streik-Gedenkdag, Moudendefilé (ACAS), Hobbymaart a Chrëschtmaart.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
Erënnerung un 3 Schëfflenger Schoulkanner déi säit 1942 vermësst ginn
Datum: 01/01/1993
Jahr: 1993
Dauer: 14:05
01/01/1993 Erënnerung un 3 Schoulkanner, déi säit 1942 vermësst ginn (14:05)
Eng 30 Leit haten sech um Schëfflenger Kierfecht zesumme fonnt, fir eng Gedenkplack un déi 3 Kanner ze erënneren, déi zanter dem 7. Dezember vum Krichsjoer 1942 vermësst ginn:
MERSCH Jean-Pierre (*23.11.1928)
SCHMITT Jean (*06.04.1929)
WEGNER Marcel (*12.07.1929)
De Buergermeeschter Nicolas FRISCH begréisst d’Leit an de Gemengerot. Hien bedauert, dat esou laang gedauert huet, bis Eppes ënnerholl gouf fir eng Plaz ze schafen, wou d’Leit sech zesumme fanne kënnen, fir un déi 3 Jugendlecher ze gedenken.
Hien erzielt, dass verschidde Geschichtercher géife verzielt ginn, well et wier nach ëmmer keng Kloerheet wat richteg geschitt wier. Wat d’Autoritéite wëssen ass dëst: Laut Aussoe vum Roger BACK, haten si sech déi 4 no 1 Auer am Schoulhaff vun der Lydie Schmit-Schoul getraff a wollten op de Bierg an d’Galerien ausfuersche goen, fir eng eege Stopp ze maachen, déi se net mam Quartier deele missten. Deen een hat Brieder, deen aneren e puer Neel, 1 Vëlo an och Fiselen a Seeler. Och wollten se bei d’Munitiounslager vun de Preisen hirer Flack beim „Kordegaart“ kucke goen. Si sinn d’Wald-Strooss erop gaange bei d’Binnchen, do huet dem Roger seng Mamm heen zeréckgeruff, fir als 1. seng Aufgaben ze maachen, ier e géif mat de Kolleegen op de Bierg spille goen. De Roger goung direkt heem.
Et gouf eng Sichaktioun gemaach mat de Biergleit an den Autoritéiten, déi vum Roger op hir verschidde Spillplaze gefouert goufen. – No 14 Deeg ass d’Aktioun ofgebrach ginn.
Bauerekirmes
Datum: 12/06/1993
Jahr: 1993
Dauer: 37:38
12/06/1993 Bauere-Kiermes (37:38)
Zu Housen gouf des Bauere-Kiermes ofgehale mat Schof-Verkaf an Iesswuere vun all Zort, awer och mat engem Cortège vun alen Autoen a ronn 50 Gruppen, déi sech mat ale Kostümer, Musek, Päerdskutschen, dekoréiert Ween vun allen Zorten, Schlässer a Geschichte bedeelegt hunn.
Virowend Nationalfeierdag 1993
Datum: 22/06/1993
Jahr: 1993
Dauer: 21:26
22/06/1993 Virowend vum Nationalfeierdag 1993 (21:26)
An der Schëfflenger Kierch present: Fändele vun alle Schëfflenger Veräiner – Paschtouer Raymond STREVELER, Buergermeeschter Nicolas FRISCH, Schäffen Roland SCHREINER an Anita WAGNER, Astrid LULLING, Nelly STEIN, Idette CATTIVELLI, Jean-Pierre REHLINGER, Ettes DEVAQUET, John HEINZ an d’Vertrieder vun de Veräiner.
Duerno geet e Cortège mat Musek vun der HMS Richtung Hall Polyvalent, wou eng Riedner-Tribüne opgebaut ass. De Buergermeeschter Nicolas FRISCH hält eng Ried iwwer d’Kricher an Europa a Presenz vun de Schäffen Roland SCHREINER an Anita WAGNER, Astrid LULLING, Nelly STEIN, Ettes DEVAQUET a Roby SCHADECK. Verschidde Gielercher ginn nach verdeelt an d’“Heemecht“ mécht den Ofschloss.
Krëschtmoart 1993
Datum: 05/12/1993
Jahr: 1993
Dauer: 05:44
05/12/1993 Chrëschtmaart zu Schëffleng 1993 (05:44)
Op der Fräiheetsplaz waren Haisercher opgeriicht, wou een Eppes Iessen, Drénken an Akafe konnt.
Ze gesinn ass de Buergermeeschter: Nic FRISCH, Nelly STEIN, Kultur-President: Fred LUA, President vum S.I.: John Heintz, Roland Hoferlin.
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1994
Datum: 01/01/1994
Jahr: 1994
Dauer: 1:03:42
01/01/1994 Erënnert dir iech nach un d’Joer 1994 (51:09)
Dëse Film weist wat am Joer 1994 zu Schëffleng lass war:
5. Kavalkad a Kapesëtzung vum A.A.F.C. Folklorama, Turngala Le Travail, Kommioun Schëffleng, Diplomiwwerreechung vun den Englesch Coursen, Virowend vum National feierdag, Eurofestival Dänemark: Frederikssund, 24 Stonnelaaf vum C.A.S., Opstig – Amis des Sports – Grousse Chantier zu Schëffleng an Moudendéfilé – ACAS.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
Kavalkad 1994
Datum: 13/02/1994
Jahr: 1994
Dauer: 17:26
13/02/1994 Kavalkad zu Schëffleng 1994 (17:25)
Bei guddem kaale Wierder ass dem A.A.F.C. Folklorama seng Fues-Kavalkad bei der Lydie Schmit-Schoul fortgaangen a gefuer. Et ware 25 Gesellschaften (Foussgruppen, Museken a gerëschte Fuesween) duerch Schëffleng ënnerwee. Als 25. Won, koum den A.A.F.C. Folklorama säi Fueswon an d’Leit déi Heem gungen.
Nationalfeierdag 1994
Datum: 22/06/1994
Jahr: 1994
Dauer: 39:03
22/06/1994 Virowend vum Nationalfeierdag 1994 (39:02)
Den Te Deum an der Sankt-Martins-Kierch zu Schëffleng, mécht den Ufank vum National feierdag mat der Prominenz: Nelly STEIN, Roland HOFERLIN, Ettes DEVAQUET, Astrid LULLING, Roland SCHREINER, Buergermeeschter Nicolas FRISCH, Anita WAGNER, Roby SCHADECK a Nico SCHREINER. D’Clubs-Fändele sinn am Chouer vun der Kierch an de Paschtouer Raymond STREVELER an de Kierchechouer fänkt mam Gesang un.
Den Turnveräin huet sech op der Fräiheetsplaz beim Sprangbuer versammelt, fir dann am Cortège mat de Pompjeeën, der Harmonie Municipale vu Schëffleng, dem ganze Gemengerot an d’Fändele vun de Clibb mat hire Membere laanscht d’Gare a Richtung Hal Sportif ze goen. Do ass eng Tribüne opgebaut, wou de Buergermeeschter Nicolas FRISCH, eng Ried iwwer Krich a Räichtum hält. Verschidde Clibb hate Bänken an Dëscher opgestallt an et gouf ze Iessen an ze Drénken. D’Musek spillt d’Heemecht, an an der Hal en 2-Mann-Orchester, deen Danzmusek spillt. Soubal wéi et däischter war, huet e grousst Freedefeier den Ofschloss gemaach.
Eurofestival Dänemark
Datum: 01/01/1994
Jahr: 1994
Dauer: 1:03:42
24-31/07/94 „European Peoples’ Festival“ zu Frederikssund (Danemark) (1’03:42)
Dëst ass den 3. „European Peoples’ Festival“ wou ofgehale gouf.
D’Hifueren op d’Fär vu Puttgarden op Rodby war mat der Busfirma Emile Weber an da wei-
1 – 1994
der mam Bus (±990 km) op Frederikssund. – A Begleedung vun de verschiddene Museke goung de Cortège vun de Länner: Belsch, Däitschland, Dänemark, Frankräich, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal a Spuenien an den Zentrum, wou d’Wëllkommes-Riede gehale goufen. Déi dänesch Prinzessin huet d’Ouverture mat Fléie-Loosse vun Dauwe gemaach. Duerno goung et an d’Frederikssund-Halen, wou d’Länner hir Produkter virstelle konnten.
Fir Lëtzebuerg war Schëffleng ugetrueden an et gouf eng Rezeptioun mam Lëtzebuerger Ambassadeur an déi Verantwortlech Schëfflenger Roland HOFERLIN a Fred LUA.
Als Concourse waren um Programm: Bouschéissen, Badmington, Fussball, Stroosselaf, Volleyball, Schwammen, Basketball, Tennis a Petanque, awer och en Orientéierungs-Laf am Bësch. – Tëschen duerch gouf et Musek mat der Lëtzebuerger „Jogging Band“ an der Foussgänger-Strooss an Owes beim Patt. – Déi Dänesch Equipe hat en historeschen Zenario mat Theater, Danz a Musek virgedroen. Och war war eng Rees mam Bus op Kopenhage virgesi mat Visite a Schëfffaart. Déi Schëffleng konnten sech mat der 2. Plaz bretzen.
Kavalkad 1995
Datum: 01/03/1995
Jahr: 1995
Dauer: 15:49
26/02/1995 Kavalkad zu Schëffleng 1995 (15:49)
Dem A.A.F.C. Folklorama säi d’Fues-Cortège, zitt mat 31 Gesellschaften (Foussgruppen, Museken a gerëschte Fuesween) ënnert e puer Drëpse Reen mat vill Konfetti duerch Schëffleng.
Nationalfeierdag 1995
Datum: 22/06/1995
Jahr: 1995
Dauer: 12:58
22/06/1995 Virowend vum Nationalfeierdag zu Schëffleng 1995 (12:58)
De Cortège vum Schëfflenger Nationalfeierdag mat der Harmonie Municipale Schifflange dem Buergermeeschter Nelly STEIN, Schäfferot Anita WAGNER a Roland SCHREINER, souwéi de Gemengerot, Clubbe mat Fändel a Vertrieder an d’Schëfflenger Awunner sech op d’Gemengeplaz beweegen.
Als Riedner schwätzt d’Buergermeeschtesch iwwer eng lieweg Gemeng mat allen Déngschter an Infrastrukturen, déi haut an d’Liewensqualitéit gehéieren an datt nach vill Projete musse behandelt ginn, bis se verwierklecht sinn. Objektiivt a konstruktiivt Zesummeschaffen vun de betraffene Leit ass ganz noutwendeg. Och wënscht si dem Grand Duc Jean e schéinen Namensdag a senger Famill all Guddes fir des Feierdeeg a fir d’Zukunft.
Vive eise Grand Duc, Vive eis Heemecht, Vive Lëtzebuerg. D’HMS spillt Nationalhymne.