Euro Concert HMS 1995
Datum: 02/03/1995
Jahr: 1995
Dauer: 57:33
02/12/1995 Euro-Concert vun der HMS (57:33)
De Nic. FRISCH begréisst d’Leit, déi an den „Centre Sportif“ op Schëffleng komm sinn.
Present sinn: Astrid LULLING, Viviane REDING, Jean SPAUTZ, Nelly STEIN, Anita WAGNER asw.
D’Harmonie Municipale vu Schëffleng spillt ënnert der Direktioun vum Claus DEMMER.
Virun all Musek-Stéck gëtt de Fändel eragedroen: Belsch, Däitschland, Dänemark, Frankräich, Griichenland, Irland, Italien, Spuenien.
FLH COSL1996
Datum: 16/05/1996
Jahr: 1996
Dauer: 17:37
16/05/1996 FLH COSL 1996 (17:37)
D’Fédération Luxembourgeoise de Handball asbl hat verschidden Turnéieren organiséiert:
16/05/1996 Spillfest op der Kockelscheier
16/06/1996 Challenge H. Collart zu Beetebuerg
07/07/1996 Mini-Handball Dag zu Dikerech
08/12/1996 Wibbel an Dribbel um INS zu Lëtzebuerg
Nationalfeierdag 1996
Datum: 22/06/1996
Jahr: 1996
Dauer: 12:23
22/06/1996 Virowend vum Nationalfeierdag zu Schëffleng 1996 (12:23)
Den Te Deum an der Sankt-Martins-Kierch zu Schëffleng, mécht den Ufank vum Nationalfeierdag mat der Prominenz: Nelly STEIN, Roland HOFERLIN, Ettes DEVAQUET, Astrid LULLING, Roland SCHREINER, Buergermeeschter Nicolas FRISCH, Anita WAGNER, Roby SCHADECK a Nico SCHREINER. D’Clubs-Fändele sinn am Chouer vun der Kierch an de Paschtouer Raymond STREVELER an de Kierchechouer fänkt mam Gesang un.
Den Turnveräin huet sech op der Fräiheetsplaz beim Sprangbuer versammelt, fir dann am Cortège mat de Pompjeeën, der Harmonie Municipale vu Schëffleng, dem ganze Gemengerot an d’Fändele vun de Clibb mat hire Membere laanscht d’Gare a Richtung Hal Sportif ze goen. Do ass eng Tribüne opgebaut, wou de Buergermeeschter Nicolas FRISCH, eng Ried iwwer Krich a Räichtum hält. Verschidde Clibb hate Bänken an Dëscher opgestallt an et gouf ze Iessen an ze Drénken. D’Musek spillt d’Heemecht, an an der Hal en 2-Mann-Orchester, deen Danzmusek spillt. Soubal wéi et däischter war, huet e grousst Freedefeier den Ofschloss gemaach.
Eurofestival Irland 96
Datum: 21/07/1996
Jahr: 1996
Dauer: 1:08:51
19-28/07/96 „European Peoples’ Festival“ zu Athlone (Irland) (1’08:51)
D’Firma Emile Weber féiert déi 68 Schëfflenger duerch den Eurotunnel vun der Manche op d’Schëff fir an Irland (±1390 km), wou et da mam Bus weidergeet bis op Athlone. Lues a lues stellt de Cortège vun de Länner: Belsch, Däitschland, Dänemark, Frankräich, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal, Schottland a Spuenien sech op, fir mat Musik an Zirkus duerch Athlone ze zéien. D’Ballone gi fléie gelooss an den Organisateur Cllr. Rowan BREFFNI (alias Louis de Funès) erkläert dat d’Europa-Spiller op sinn. Am Euro-Village ginn d’Aus stellungs-Objekter ausgepaakt an opgehaangen. Déi Lëtzebuerger Jogging-Band suergt fir eng gutt Stëmmung an d’Begleeder de Schäffe Roland SCHREINER, Roland HOFERLIN, Willy Geib, Fred Lua a John Heintz organiséieren de Rescht. Et sinn 10 Sportaarte gefrot: Hale-Fussball, Tennis, Basket- a Fieder-Ball, Dëschtennis, Schwammen, Mountain Bike, Entdeckungslaaf, Petanque a Fëschen. Donneschdes war eng Visite zu Dublin ugesot. Um Shannonriver gouf e Feier-Wierk ofgeschoss an zum Schluss gouf et an der grousser Hal eng Grill-Party mat Präisverdeelung, wou d’Lëtzebuerger déi 2. Plaz am Generalklassement kruten.
16/
Concert trompette et orgue 1996
Datum: 16/11/1996
Jahr: 1996
Dauer: 1:27:17
16/11/1996 Concert trompette et orgue 1996 (1’22:17)
Ënnert dem Patronage vun der Gemeng an der Par Schëffleng, fënnt e Concert zu Éiere vum laangjäregen Organist (40 Joer), dem Här Marcel ZECHES an der Sankt-Martins-Kierch statt.
Op der Trompette spillt de Schëfflenger Philippe SCHARTZ, dee begleet gëtt vum Lëtzebuerger Uergelspiller Carlo HOMMEL.
– 2 – 1996
Et si Wierker vum: Marc-Antoine CHARPENTIER, Johann Sébastien BACH, Heinrich SCHÜTZ, César FRANCK, Gabriel FOURÉ, Luciano BERIO a Petr EBEN.
An der Paus maachen d’Buergermeeschtesch Nelly STEIN an de Paschtouer Raymond STREVELER d’Éierung un den Här Marcel ZECHES an den Organist Carlo HOMMEL spillt e Stéck um Duxall op der grousser Uergel.
Den Ofschloss vum Film ass eng Receptioun op der Schëfflenger Gemeng am Sitzungssall.
Kommunioun zu Schëffeng 1997
Datum: 01/03/1997
Jahr: 1997
Dauer: 2:12:22
06/04/1997 Meng 1. Helleg Kommioun zu Schëffleng 1997 (1’12:22)
De Cortège stellt sech bei der Lydie Schmit-Schoul op.
Nodeem dat d’Meedercher an d’Jongen 2 Reie gemaach, geseent goufen an d’Klacke gelaut hunn, kann et lass goen: Virop Massendénger mam Kräiz, d’Pompjeeën, d’Harmonie Municipale vu Schëffleng, d’Scouten an d’Guiden, d’Massendénger mam Paschtouer Raymond STREVELER, d’Kommiounskanner mat Léierinnen a Schoulmeeschter, souwéi d’Elteren an d’Familljen.
An der Sankt-Martins-Kierch ginn d’Kommiounskanner op hir Plaz gesat a widderhuelen hiert Daf-Verspriechen. Dafkäerze ginn agesammelt, et gëtt gebied, Eppes aus dem Testament virgelies a verschidde Lidder gesongen. D’Kommiounskanner kommunizéieren a verschenken hire respektive Schoulmeeschteren a Léierinnen eng Rous. Et gëtt den hl. Seegen an all ginn se aus der Kierch.
Eurofestival San Vito 1997
Datum: 15/07/1997
Jahr: 1997
Dauer: 58:58
12-19/07/97 „European Peoples’ Festival“ zu San Vito: Chietino (Italien) (55:58)
Bei der Sportshal zu Schëffleng gëtt d’Material an de Bus vun der Firma Sales-Lentz agepaakt an d’Rees (±780 km) mat .. Leit ënnert der Féierung vum Schäffe Roland SCHREINER an dem President vun der Kulturkommissioun Fred LUA ka lass goen.
Zu San Vito gëtt de Cortège vun den 13 Länner: Frankräich (Vendée), Belsch (Libramont), Dänemark (Frederiks sund), Däitschland (Bad Segeberg), Griechenland ( Loutraki), Irland (Athlone), Lëtzebuerg (Schëffleng), Holland (Haarlem), Portugal (Cantanhede), Schottland (Dunoon), Spuenien (Aranda de Duero), Schweden (Upplands Vasby) an Italien (San Vito Chietino) zesumme gestallt.
Ënnert der Musek vun der Europahymn ginn déi respektiv Fändelen erop gezunn an de Festival 1997 ass op. – Et sinn 8 Sportaarte gefrot: Petanque, Basket- a Volley-Ball, Dëschtennis, Fussball, Bouschéissen, Mini-Marathon a Mounten Bikes-Course.
Am Lëtzebuerger Pavillon hält de Lino Seghetto am Numm vun de Lëtzebuerger eng Ried iwwer eist Land a séngt och säi schonn esou dacks gesongent Lidd: „La Mama“.
Eng Visitt am Fëscherduerf, um Maart an an der Schwemm huet och net gefeelt. D’Europahymn gëtt gespillt, d’Cadeauen a Präisser gi verdeelt a nach e läeschten Tusch vun der Duerfmusek méscht de Schluss.
Kavalkad Schëffleng 1998
Datum: 22/02/1998
Jahr: 1998
Dauer: 23:41
22/02/1998 Kavalkad zu Schëffleng 1998 (23:41)
Dëst Joer stoung dem A.A.F.C. Folklorama säi Fues-Cortège ënnert dem Motto: „Tirlitti wéi nach ni“ an zitt mat 36 Gesellschaften (Foussgruppen, Museken a gerëschte Fuesween) duerch Schëffleng. – Vill Konfetti, Béier, Kamellen an e puer Drëpse Reen haten de Gecken näischt ausgemaach.
Eurofestival France 1998
Datum: 15/07/1998
Jahr: 1998
Dauer: 1:25:19
11-19/07/98 „European Peoples’ Festival“ an der „La Châtaigneraie“ (Frankräich)
(1’25:19)
D’Firma François Frisch vu Rammerech fiert (±800 km) mat 2 Busse Schëfflenger an d’Vendée (Regioun vun de Loire-Lännereien), wou dëst Joer den Euro-Festival an de Stied: Saint-Sulpice-en-Pareds an Thouarsais-Bouildroux ofgehale gëtt.
Begleeder vun der Schëfflenger Equipe sinn de Fred Lua an de ……
De Buergermeeschter vun der Gemeng Cheffois mécht den Accueil vun de Leit an d’Kanner sangen d’Europahymn, begleet mat Kuch, Wäin a Béier. – Owes spillt déi Éilerenger Harmonie Danz-Musek.
Um 2. Dag gëtt d’“Marseillaise“ gespillt an den Euro-Festival 1998 ass op.
De Cortège vun de 14 Länner setzt sech zesummen aus: Portugal (Cantanhede), Schottland (Dunoon), Däitschland (Bad Segeberg), Griichenland (Loutraki-Perahora), Lëtzebuerg (Schëffleng), Holland (Haarlem), Spuenien (Aranda de Duero), Finnland (Riihimaki), Schweden (Upplands), Éisträich (Weissenbach), Belsch (Libramont), Dänemark (Frederiks sund), Italien (San Vito Chietino) a Frankräich (La Châtaigneraie).
D’Ausstellung an d’Reklamme vun de verschiddene Länner sinn a riseg komfortabelen Halen.
Et sinn 8 Sportaarte gefrot: Mountain Bike, Petanque, Tennis, Bouschéissen, Fëschen, Staffel laf, Fussball, a Basket-Ball.
Déi Schëfflenger Equipe huet dës Kéier d’Coupe vun 1998 mat Heem geholl.
Kommunioun Schëffleng 1999
Datum: 01/04/1999
Jahr: 1999
Dauer: 1:19:41
11/04/1999 Eischt helleg Kommioun 1999 (1’19:41)
Bei der Lydie Schmit-Schoul stellen d’Kommiounskanner sech an 2 Reien op a waarden op de Seegen, deen de Paschtouer Raymond STREVELER fir hëlt.
D’Massendénger mam Käiz maachen den Ufank vum Cortège virun de Pompjeeën, der Harmonie Municipale vu Schëffleng, de Scouten a Guiden, de Massendénger mam Paschtouer, d’Kommiounskanner mat de Schoulmeeschteren a Léierinnen, souwéi Katechetinnen an d’Familljen a Frënn. Den Ëmzuch kënnt iwwer d’Avenue de la Libération bei Sankt Martins-Kierch, wo se dann all era ginn.
3 Paschtéier verdeelen d’Kanner op hier Plazen an d’Kanner leen hiert Daf-Verspriechen of. D’Daf-Käerze ginn agesammelt, et gëtt gesongen, gebiet, eng Geschicht vum Reebou gëtt erzielt an en Extrait aus dem Evangelium virgelies.
D’Kommiounskanner huelen sech mat der Hand a bieden zesummen, duerno kommunizéieren se. Fir d’Schoulmeeschteren an d’Léierinne gi Rouse vun de respektive Kanner verdeelt. Et gëtt den hl. Seegen an déi un der Kommiouns-Feier deel geholle Leit verloossen d’Kierch
Nationalfeierdag 1999
Datum: 22/06/1999
Jahr: 1999
Dauer: 17:31
22/06/1999 Virfeier vum Nationalfeierdag 1999 (17:31)
De Cortège stellt sech op: Pompjeeën, d’Harmonie Municipale vu Schëffleng, Roby SCHADECK, Jean SPAUTZ, Nelly STEIN, Roland SCHREINER, Fred LUA, John HEINTZ, Marc SPAUTZ, + 2 Leit (stinn och op dem Kiosk)
D’Veräiner an hier Vertrieder, souwéi d’Leit vu Schëffleng a marschéieren op d’Grand-Duchesse Charlotte Plaz.
D’Buergermeeschtesch Nelly STEIN seet all Mënsch Merci fir d’Organisatioun vun dësem Volleksfest an erzielt iwwer déi grujeleg Zoustänn am Kosovo. A seet: Eis Zukunft sinn eis Kanner, dofir musse mer méi Infrastrukture schafen, dat dat méiglech gëtt. Si entschëllegt sech och fir de Kaméidi, deen entsteet duerch déi verschidden Ëmbauten a freet ëm Verstees-de-mech.
Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot, wënscht si mam Vive de Grand-Duc, Vive seng Famill a Vive Lëtzebuerg dat Allerbescht fir all Mënsch.
D’Éierung vun 2 Gemengebeamten an eng Famillje-Foto vun de Geéierte mécht de Schluss.
Auto und Hundefreie Schule 1999
Datum: 26/06/1999
Jahr: 1999
Dauer: 07:15
26/06/1999 Auto an Hondfräi Schoul (07:15)
Protestaktioun géint geparkten Autoen an der Eugène Heynen-Strooss an Honds-Drecker an der Lydie Schmit-Schoul.
Eurofestival Portugal 1999
Datum: 15/07/1999
Jahr: 1999
Dauer: 1:19:52
24-31/08/99 „European Peoples’ Festival“ zu Cantanhede (Portugal) (1’19:52)
D’Hifueren mat der Firma Sales-Lentz op Cantanhede (±1960 km) ass tip-top verlaf an et war eng feierlech Mass an hirer Kierch.
D’Begleeder vun der Schëfflenger Equipe, waren de Schäiffen Roland SCHREINER, Fred LUA a Roland HOFERLIN.
De Cortège gouf ugefouert vun hirer lokaler Musek an déi 14 Länner: Schottland (Dunoon), Däitschland (Bad Segeberg), Belsch (Libramont), Dänemark (Frederiks sund), Spuenien (Aranda de Duero), Frankräich (La Châtaigneraie), Griichenland (Loutraki-Perahora), Holland (Haarlem), Irland (Athlone), Italien (San Vito Chietino), Lëtzebuerg (Schëffleng), Schweden (Upplands), Éisträich (Weissenbach), a Portugal (Cantanhede), koume mat hire Museken hannendrun.
Eng ganz modern Interpretatioun vun der Europahymn an e Portugiseschen Ëmzuch vun allen hiren Handwierker: Bauer, Fëscher, Wënzer, Steemetzer a Kleng-Industrie.
D’Bändche gëtt duerchgeschnidden an de Euro-Festival 1999 ass op.
Am Schëfflenger Degustatioun- a Verkaf-Stand gëtt et d’Erklärungen a Portugisescher Sproch – Als Menu gouf et: Kniddele mat Speck a Judd mat Gaardebounen.
Déi 8 Sportaarten déi gefrot ware sinn: Basket-Ball, Petanque, Mountain Bike, Stroosse- Fussball, Volley-Ball op der Plage, Schwammen an der Hal, Tennis a Staffel-Leef.
Ënnert den Téin vum: „Kättche, Kättche“, goufen d’Cadeaue vertosch an dann nach e lesch ten Danz a gudde Patt, mécht mat enger ganz moderner Versioun vun der Europahymn a Freedefeier den Ofschloss.
Ovatioun vum Gemengerot 2000
Datum: 07/03/2000
Jahr: 2000
Dauer: 18:07
07/03/2000 Ovatioun vum neie Gemengerot (18:07)
D’Madame …., Presidentin vum Syndicat d’Initiative vu Schëffleng begréisst de Chamberpresident, de Schëfflenger Gemengerot, de Geschäftsverband, d’Clubben an all Uwiesend an der Salle Grand-Duc Jean, fir deenen neigewielte Gemengerotsmemberen ze gratuléieren, dass si sech an den Déngscht vun der Gemeng gestallt hunn.
Als 1. Bierger vum Land kënnt de Jean SPAUTZ, dee vum 5.3.1959-2.3.1980 an der Chamber war. Duerno vum 19.7.1979-3.3.1980 Member vum Europaparlament, vum 3.3.1980 an der Regierung, vum 26.1.1995 Inne-, Familljen- a Sozial-Minister a vum 31. Januar 1995 President vun der „Chambre des Députés“. Heen war vun 1964-1980 am Schëfflenger Gemengerot an vun 1975-1980 am Schäfferot.
Duerno gëtt et d’Éierung vum Astrid LULLING: 1965 an d’Chamber gewielt, 1970-1985 Schëfflenger Buergermeeschtesch a bis 1999 am Gemengerot.
D’Nelly STEIN: 1.1.1983 Member vum Schëfflenger Gemengerot, 1.1.1994 Schëfflenger Buergermeeschtesch a vum 24.7.1999 an der Chamber.
Nicolas FRISCH: 20.12.1982 Gemengerot a vun 1985 bis 1993 Buerger meeschter.
Roland SCHREINER: 1.1.1988 am Gemengerot a vu Mee 1992 un Finanzschäffen.
Roby SCHADECK: 15.7.1988 am Gemengerot a Bauteschäffen.
Marc SPAUTZ: 1.1.1994 Schëfflenger Gemengerot a Bauteschäffen.
Raymond BARTRINGER: 20.10.1995 Schëfflenger Gemengerot.
Paul WEIMERSKIRCH: 21.4.1997 Schëfflenger Gemengerot
Georges GOEDERT: 23.10.1998 Schëfflenger Gemengerot
Jean-Paul SCHNEIDER: 11.12.1998 Schëfflenger Gemengerot
Nei gewielt: Leonie BASTIEN, Raymond HOPP, Guy FEHR a Christian LUMMER.
Schëfflenger Buergermeeschtesch Nelly STEIN, seet am Numm vum Gemengerot villmools Merci fir déi sympatesch Feier a versprécht am Numm vun den 13 Gemengerotsmemberen dat Bescht ze maachen zum Wuel vun der Schëfflenger Populatioun.
Iessen beim Toni
Datum: 12/04/2000
Jahr: 2000
Dauer: 1:13
12/04/2000 Iessen beim Toni (01:13)
Iessen an Éierung vum Jean-Paul MOLITOR an der Pizzeria beim Toni zu Schëffleng.
Eurofestival Dunoon 2000
Datum: 15/07/2000
Jahr: 2000
Dauer: 1:05:25
22-29/07/2000 „European Peoples’ Festival“ zu Dunoon (Scotland/GB) (1’05:25)
Nodem dat bei der Sportshal zu Schëffleng de Béier, d’Gedrénks an d’Leit ënnert der Leedung vum Schäffen Roland SCHREINER, Fred LUA, Nicolas FRISCH a Roland HOFERLIN an de Bus vun der Firma Sales-Lentz geluede waren, konnte se mam Ferry-Dunoon Richtung Cowal 2000 fueren. Déi Schottesch Uertschaft Dunoon läit ±1280 km vu Schëffleng ewech.
An der Kierch war d’Begréissung vun de Leit, wou de Roland Schreiner seng Ried op Lëtzebuergesch gehalen huet an de Cortège mat Musek duerch d’Stroosse gezunn ass. Dës 13 Länner waren dës Kéier derbäi: Schottland, Griicheland, Schweden, Spuenien, Holland, Belsch, Dänemark, Irland, Italien, Frank räich, Lëtzebuerg, Portugal an Däitschland.
Um Fussball-Terrain huet de Schotteschen Orchester d’Europahymn gespillt, Loftballonen an Dauwe goufe fléie gelooss – beim Cowal Village gouf de Bändchen duerch geschnidden a Schnittercher mat Kachkéis, Muselwäin a Béier zerwéiert.
Sport: Petan que, Basketball, Bouschéissen, Fëschen, Tennis, Fussball, Fiederball a Schwammen.
Et goung nach e leschte Cortège duerch d’Uertschaft, duerno war d’Präisverdeelung an déi Schottesch Duddelsak-Museker hunn den Avoir gespillt.
Streikgedenkdag 2000
Datum: 31/08/2000
Jahr: 2000
Dauer: 20:24
31/08/2000 Streik-Gedenkdag 2000 (20:24)
Beim Krichs-Monument 1940-1945 op der Fräiheetsplaz si verschidde Leit mat dem Gemenge rot zesumme komm, fir deene verstuerwe Leit ze gedenken, déi 1942 ëmbruecht goufen, well si deenen däitschen Occupanten net wollte follegen. D’Sireene, d’Klacken an d’Sonnerie aux Morts gëtt gespillt. De Schäfferot Nelly STEIN, Jean SPAUTZ an ???? verneige sech virum Denkmal ier all déi aner Leit dat selwecht maachen.
Am Grand-Duc Jean-Sall erkläert d’Buergermeeschtesch Nelly STEIN, wéi et zum General-Streik vun 1942 komm ass. D’Madame schwätzt iwwer de Musées-Sall deen d’Gemeng der LPPD zur Verfügung gestallt huet. Och de Lokalhistoriker Jean HANSEN erkläert eng Publikatioun, déi vun der ARBED ënnerstëtzt gouf.
15/
Kommunioun Schëffleng 2001
Datum: 22/04/2001
Jahr: 2001
Dauer: 1:05:40
22/04/2001 Kommioun zu Schëffleng 2001 (1’05:40)
D’Kommiounskanner, d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen, souwéi d’Katechetinnen, déi resp. Elteren, Familljen a Frënn sëtze schonn op hire Plazen an der Sankt Martins-Kierch.
De Paschtouer Raymond STREVELER seet: „Während des Mahls nahm Jesus das Brot und sprach den Lobpreis. Dann brach er das Brot, reichte es ihnen und sagte: Nehmt, das ist mein Leib. Dann nahm er den Kelch, sprach das Dankgebet, reichte ihn den Jüngern und sie tranken alle daraus, und er sagte zu ihnen: Das ist mein Blut, das Blut des Bundes, das für viele vergossen wird. Aber ich sage Euch: Ich werde nicht mehr von der Frucht des Weinstocks trinken, bis zu dem Tag, an dem ich von Neuem davon trinke im Reich Gottes.“
Duerno schwätzt e vun engem gesträiften, gefréissegen decke Raup, deen e wonnerschéine, wibbelege Päiperlek. Dës Verwandlung ass en Zeeche fir dat, wat bei der Wandlung vun der Mass geschitt: Aus deeglechem Brout gëtt de Läif vu Jesus Christus, deen eis alleguerten zu nei Mënsche mécht. – D’Kanner erklären, wéi déi Wandlung fir sech geet. – E Gebiet un dem Jesus seng Mamm an d’Lidd: O Mamm, léif Mamm.
D’Kanner brénge Brout, Wäin, Drauwen, de Kellech, Waasser, Blummen a Käerzen op den Altor an d’Luef- a Merci-Gebiet mat de Wandlung kann ugefaange ginn.
Wärend déi 3 Paschtéier d’Helleg Kommioun ausdeele, séngt de Kierchechouer e Lidd. Nom Gong kréien och déi grouss Leit eng Hostien. – D’Kommiounskanner soen nach eng Kéier Merci fir déi schéi Kommiouns-Feier. De Paschtouer Raymond STREVELER gëtt de Seegen an d’Famillje ginn zur Kierch eraus.