Séng Flicht gemaach
Jahr: 1989
29/04/1989
Séng Flicht gemaach . . . – AMCIS Video
(10:00)
De Schëfflenger Cineaste-Veräin huet de 29/04/1989 um 37. National Concours vun der FGDCA zu Walfer deelgeholl. Et waren 8 Filmer gemellt. Den AMCIS-Film koum net ënnert déi 3 Éischt.
Eng Camionnette bleift stoen an et gëtt en Dännebeemchen ofgeseet. Chrëschtdag ass ugesot. Cadeauen a Spillsaache sinn an de Butteker. Eng Famill geet op déi Escher Brillplaz, fir sech e Beemchen erauszesichen an ze kafen. Doheem gëtt de Beemche mat Bullen a Lametta gerëscht. Hiert Meedche baut d’Krëppchen op. D’Boma an de Bopa kommen op Besuch. Den Aperitif gëtt zerwéiert an d’ Cadeaue verdeelt an ausgepaakt. Et gëtt Eppes giess. E puer Deeg drop gëtt erëm alles agepaakt an ewech geraumt. De Beemche flitt zur Fënster eraus.
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989
Datum: 01/01/1989
Jahr: 1989
Dauer: 42:01
01/01/1989
Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989
(42:01)
1989 hunn d’AMCIS ugefaangen Aktualitéite vu verschiddenen Evenementer an Or gani satiou ne vu Schëffleng op Hi8-Video-Kassetten ze filmen an esou fir d’Zukunft festzehalen.
Dës waren:
Neijoerssangen, Trikotiwwerreechung vum Handballclub, Theatervirstellung « De Stenz » vun der C.M.S., Kavalkad vum Folklorama, Buergbrenne vun de Guiden a Scouten, Billerausstellung Erbs a Molitor am S.I., Kapesëtzung vum Folklorama, Billerausstellung Monique Sinnes-Hahn am S.I.,Turngala vum Le Travail, Biathlon, d’Kommu nioun, Ausstellung vum Cercle Pierre Roberti, neie Fändel fir den LCGB, Ausstellung Photo-Club, d’Opriichte vum Sprangbuer op der Gemengeplaz, Dag vum Vëlo vu La Pédale 07, Concert vum Jugend -Orchester vun der Harmonie, Härläichendag, 150 Joer Fräiheet, Drusen heim op Besuch, National feierdag, Poar fest, eng Bréck fir Vëlosfuerer, Schoul fest, Streik gedenkfeier, Éierung vun A. Lulling, J. Spautz a N. Stein, Oktober fest, Niklos maart, Nikloscortège a Chrëschtmaart vun der ACAS.
2014 koum dunn den Zesummeschnëtt dovun ënner dem Titel « Erënnert dir iech nach un d’Joer 1989? » op DVD eraus. – Well et de Leit esou gutt gefall huet, gouf vum Kommitee beschloss, déi aner Joren, déi nach gefilmt sinn och op DVD ëmzespillen.
Dëse Film gouf am Januar 2017 op DVD digitaliséiert.
en ass platt
Jahr: 1984
24/04/1983
En ass platt – AMCIS Video
(07:30)
De Schëfflenger Cineaste-Veräin huet de 24/04/1983 um 31. National Concours vun der FGDCA an der Fondatioun J.P. Pescatore zu Lëtzebuerg deelgeholl. Et waren 10 Filmer gemellt.
E Meedche steet op der Strooss a mëscht Autostopp, well et e Platten huet. Seng Mall ass op, awer et dauert wéi laang, bis een Auto stoe bleift. De Mann gëtt gewuer dat d’Meedchen nach ni e Rad gewiesselt huet. Den Auto gëtt an d’Luucht geschrauft an d’Rad ersat. Dem Mann gefält d’Meedchen an hee fänkt un ze dreemen a gesäit sech d’Meedchen ze verféieren. Et tut an dem Mann säin Dram ass fäerdeg. – D’Meedche wëll och kéng Aventure mat him an erwächt säi Kolleeg, deen hannen am Auto geschlof huet.
Gespillt hunn:
d’Meedchen: Malou IMMLER
de Mann: Änder HOFFMANN
de Kolleeg: Nico SAX
D’Iddi war vum Jean-Claude METZ
Gefilmt haten: Jean-Claude METZ an Nikla SAX
Titelen: Roby RIES
Geschnidden: Jacques REISDORF a Gilbert BERNARDINI
Toun: Jos KLEIN a Roger HANSEN
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.
Le mur
Jahr: 1982
17/10/1982
Le mur – AMCIS Video
(04:00)
De Schëfflenger Cinéaste-Veräin huet de 17/10/1982 um Spezial Concours ënner dem Thema « le mur » zur Geleeënheet vum 30. Gebuertsdag vun der FGDCA an der Fondatioun J.P. Pescatore zu Lëtzebuerg deelgeholl a krut den 2. Präis vu 4 gemellte Filmer.
Autoe komme parken a Leit ginn zu enger Dier an der Mauer eran. Et kommen och nach Foussgänger, déi do eraginn. Op der Dier hänkt e Schëld: « Camp de Nudiste – Club privé ». E Mann wëll och do eran, mä d’Dier ass zou. Hee versicht fir iwwer d’Mauer ze kucken. Ëmsoss! E klénge Bouf kënnt ëm den Eck an zitt eng Zill aus der Mauer, fir ze kucken.
Gespillt hunn:
Antoinette CLAUS
Myriam OESTREICHER
Anita SCHUSTER
Christiane TARPANI
Marc HANSEN
Änder HOFFMANN
Jos KLEIN
Josy TARPANI
Zenario: Roger HANSEN – Jean-Claude METZ – Nikla SAX
Gefilmt haten: Gilbert BERNARDINI a Robert RIES
Regie: Jean-Pierre KAYSER
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.
Rêve d’enfants
Datum: 01/01/1973
Jahr: 1973
Dauer: 07:06
19/04/1982
Rêve d’enfants – IRIS-FILM
(07:06)
E klénge Jong spillt e kriminelle Cowboy an dreemt vun engem Iwwerfall op eng National Bank bis en dout ass.
Gespillt huet: de Rouven KIRTZ
Gefilmt huet: de Jos. KLEIN
Montage: Gilbert BERNARDINI
Titelen a Musek: Robert RIES
Manger 5 octobre 1975
Datum: 01/01/1975
Jahr: 1975
Dauer: 10:35
05/10/1975
Manger 5 octobre 1975
(10:35)
Eng Pasta am Café ˝beim Madly˝ zu Esch an der Brillstrooss.
D’Kolleege:
Raymond BENZONI
Gilbert BERNARDINI
Roger HANSEN
Elisabeth KELLER
Christophe KLEIN
Jos. KLEIN
Eugène KLINSKY
Nico MOLITOR
Fred MASSARD
Robert RIES
Toni RUFFINI
Marco SALENTINI
Gefilmt hunn: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
Der Sonntag
16/06/1974
Der Sonntag – chronos-film
(20:00)
De 16.06.1974 kritt de Groupe « chronos-film » mam Film: Der Sonntag (20’00) um Nationalconcours zu Esch-Uelzecht déi Sëlwer-Medaile. Et waren 18 Filmer gemellt. Op der UNICA zu Köln, gouf et keng Auszeechnung fir d’Lëtzebuerger.
Dëse Film weist, wat esou alles Sonndes am Summer geschitt:
Blesséiert op der Strooss, Picknick um Camping, Spadséieren an der Natur, Gymnastik um Camping, Hämmelsmarsch vun der Stadmusek, Béierdrénken op der Place d’Armes, Spadséieren an der Stad Lëtzebuerg, Fuere mam Auto oder Bus, de Kierchegang, Keelespillen am Bistro, Déieren déi iwwerrannt ginn, Iesse goen, gemittlech am Gaart sëtzen, d’Emissioun vum Hei Elei, Fëmmen bis den Äschebecher iwwerleeft, Schaffen um Feld, Motocross zu Ettelbréck, Stockcar-Rennen, Besuch op der Schueberfouer, Raschten an der Natur, Tennisspillen, Pann am Verkéier, Fussball, Aarbecht op der Schmelz, Raumen um Dreckstipp asw.
Dréibuch a Regie: Gaston ROLLINGER
Kamera a Schnëtt: Jean-Pierre EHMANN
Toun a Layout: Robert Henri RIES
Mask: Théo MANGEN
Produktioun: Jean-Pierre EHMANN
Et hu matgemaach:
Christiaan DIRVEN, Gustave WERER, Jacqueline ROBEN, Jan OSTING, Petra HEINRICHS, Marcel CHILLON, Henri GELHAUSEN.
E spezielle Merci un den « Centre de Protection Civile » vu Lëntgen.
Dëse 16mm-Film gouf am Januar 2014 op DVD digitaliséiert.
l’Astuce
Datum: 01/01/1974
Jahr: 1974
Dauer: 05:55
16/06/1974
l’Astuce – IRIS-FILM
(05:55)
Eng Fra gëtt am Park iwwerfall. – Den Täter leeft fort. 3 Geheimpolicë sinn op der Sich nom Täter, dee scho méi laang opgefall ass. D’Policen haten eng Spuer, mä si hunn alles misse beweise kënnen. D’Fra huet hier Posch absichtlech an der Wiss leie gelooss, fir der Police säi Portefeuille ze klauen. Dee begleet d’Fra op de Bus, wou eng aner Police mat era klëmmt. De Bus fiert fort an de Police-Auto hëlt déi beklaute Police eran. Duerno kréien si gesot, wéini a wou d’Fra erausklëmmt. – D’Fra geet Heem. Hire Mann waart scho ganz ongedëlleg op si.
Am Portefeuille fannen si eng Visittekaart vun der beklaute Police. – De Mann wëllt sech mat der geklauter Wuer aus dem Stëbs maachen, mä do schellen déi zwou Policë schonn un der Dier. D’Madame geet opmaachen, awer scho sinn se dobannen a leeën de Mann flaach op de Buedem. D’Fal ass zougaangen, déi 2 gi verhaft.
Et hu gespillt:
D’Madame: Elisabeth KELLER
de Mann: Jos. KLEIN
d’beklaute Police: Robert Henri RIES
d’Police mam Auto: Roger HANSEN
d’Police am Bus: Toni RUFFINI
Gefilmt huet de Gilbert BERNARDINI
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
Aweiung APEMH Nossbierg
Datum: 26/05/1973
Jahr: 1973
Dauer: 20:09
26/05/1973
Foyer de la Solidarité
(20:08)
Déi Feierlech Aweihung vum « Foyer de la Solidarité », dee vun der « Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés » (APEMH) mat der Mathëllef vun onzielege bekannten an onbekannten Donateure gebaut gouf.
Ganz vill Éieregäscht a Perséinlechkeeten haten sech am fréien Nomëtteg um Nossbierg beim Agank vum Foyer afonnt, fir déi Groussherzoglech Grande-Duchesse Josephine Charlotte ze empfänken. Un der Spëtzt den Här Jean-Pierre BÜCHNER an de Buergermeeschter vun der Stad Esch/Uelzecht: Arthur USELDINGER mat senge Schäffen: Henri SCHMITZ a Jos BREBSOM.
Well um Nossbierg nëmme wéineg Parkplaze waren, hat den Organisatiounspresident Albert GOEDERT dofir gesuergt, dat speziell Bussen zur Verfügung stoungen, fir déi vill Gäscht erop ze féieren.
Vum Organisatiounscomité ware present: Albert GOEDERT, Paul REEF,
Jean-Paul PARISOT, Carlo BEAUMET, Joseph BOHNERT, Nic FOX,
Sylvain GREMLING, Melle Adeline GROSS, Emile PLEGER,
Ferd ROELTGEN, Joseph ROULLING a Pierre RUMÉ.
Vum Comité: Louis ALBONETTI, Théo BOHNERT, Fernand PEIFFER,
Nic ANGELSBERG, Ernest SCHUMACHER, Marcel WOLFF,
Marino PEZZOTTA, Charles STEIL, Mme GILLEN-PEZZOTTA,
Henri MENCUCCI, Emil KLEESER a Josée FISCH.
Leedung bei der Biergaarbechtermusek hat de Roger FLAMMANG.
D’Madame la Grande-Duchesse gouf vum Renée (eng Pensionärin vum Foyer) ganz häerz lech mat engem Bouquet Blumme begréisst an déi aner Notorietéiten hunn sech virgestallt.
An senger Begréissungsusprooch huet de Buergermeeschter Arthur USELDINGER ënner anerem gesot: « Jusqu’à 1968 l’opinion publique ne c’est guère occupé de ce problème, mais une association de parents venait de se former.
Sa voie grave portée aux quatre coins du pays par la presse luxembourgeoise à été entendue et a provoqué un grand élan de solidarité. Notre devoir reste de protéger et d’aider ces enfants dans la mesure des possibilités ainsi disparaitrons les préjugés des années passées. Notre Foyer aidera les parents à reprendre espoir. » An heen huet mat de Wieder ofgeschloss:
« Nous vous remercions d’être venue à notre inauguration. Votre présence parmis nous, nous contibuera à la sensibilation plus large seon l’opinion publique au problème de l’enfance mentalement handicapé. »
Déi feierlech Aweiung ka mat den 3 Reliouns-Vertrieder ufänken – den Dechen: Jules JOST – de Protestantesche Paschtouer: Gerard BRUBACHER an de Rabbiner: David Rothschild.
Ënnert der Leedung vum Direkter Marcel WOLFF, gouf d’Madame la Grande-Duchesse duerch d’Zëmmeren a Raimlechkeete vum Foyer gefouert, dat gëllent Buch ënnerschriwwen an de Mierscher Architekt André Lefèvre virgestallt. – De Chef vun der Militärmusek: Norbert HOFFMANN war och op d’Aweiung komm.
D’Madame la Grande-Duchesse huet och d’Ateliere besicht a sech mat de Pensionären ënnerhalen. Als Ofschloss huet si och nach e Cadeau, deen ee vun de Pensionäre gemaach hat, iwwerreecht kritt an ass an den Auto vum Haff geklommen, fir an den Escher Theater zu fueren, wou d’ »Séance Académique » ofgehale gouf.
Déi Escher Stadmusek spillt ënnert der Leedung vum Georges WAGNER: « Ouverture gaie » vum Norbert HOFFMANN.
No dem den Organisatiounspresident Albert GOEDERT huet d’Madame la Grande-Duchesse a sämtlech Gäscht begréisst hat gouf dëst gesot: « Ce n’est sans doute pas un hasard, et c’est en tout cas ainsi que le Foyer de la Solidarité, réalisation pilote est pu s’implanter sur les territoires de la Ville d’Esch-sur-Alzette, traditionnellement sur la pointe des initiatives en faveur de nos compatriotes les moins favorisés. »
De President vun der APEMH Louis ALBONETTI sot: « Wuel ass et eise Foyer, der APEMH hiren, mä et ass och ären, et ass dem ganze Land säin, mir Elteren hätten dat net kënne erriichten, wann net d’Mathëllef esou spontan a grouss gewiescht wier a wa mer net weider op är Mathëllef kënnten zielen, wann een elo do steet. »
Den däneschen Direkter Leif BIDSTRUP vun der staatlecher Hëllef fir geeschteg Behënnerter an der Géigend vu Kopenhagen mengt, dass een nach misst 12 dëser Foyer’en am ganze Lëtzebuerger Land bauen.
Den Norbert HOFFMANN dirigéiert seng selwer geschriwwen « Hymne de la Solidarité ».
Schlusswuert hat de Sozialminister Jean-Pierre BÜCHNER: « … l’intérieur devoir de mettre enfin en pratique nos bonnes intentions, si souvent proclamés, de faire des handicapés générals et des handicapés mentaux en particulier, les biensaimés de notre société.
« Gefilmt hat: Fernand PEIFFER
Nodréigleche Kommentar: Patricia HOMMEL
De Logo vun der APEMH gouf vum Grafiker Pe’l SCHLECHTER gezeechent.
Dëse Film hat d’AMCIS 2013 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
– 2
1. Mee am Bösch mam Elisabeth
Datum: 01/01/1973
Jahr: 1973
Dauer: 03:22
01/05/1973
1. Mee am Bësch mam Elisabeth – IRIS-FILM
(03:22)
D’Kolleegen aus dem Café « beim Elisabeth » aus der Escher Brillstrooss feieren den 1. Mee am Ellergrond bei der Quell.
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
Droits de l’homme
Datum: 01/01/1973
Jahr: 1973
Dauer: 04:39
Droits de l’homme – IRIS-FILM
(04:39)
En Autostopper setzt op der Strooss a gëtt vun 2 Männer an engem Auto matgeholl. Ënnerwee gëtt den Autostopper mat Chloroform entschlof, an an d’Haus geschleeft a komplett geschuer. … E weidere Kandidat mat villen Hoer setzt op der Strooss.
Gespillt huet:
den Autostopper: Jos. KLEIN
de Chauffeur: Roger HANSEN
de Bäifuerer: Robert RIES
deen anere Kandidat: Toni RUFFINI
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI
Dës Filmer goufen am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.
1. Mee 1972
Datum: 01/01/1972
Jahr: 1972
Dauer: 07:02
01/05/1972
1. Mee 1972/73 – IRIS-FILM
(07:01)
D’Kolleegen aus dem Quartier Grenz/Hiehl feieren den 1. Mee beim Chalet am Ellergrond mam Café « beim Madly » aus der Escher Brillstrooss.
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN
Das Spiel
Datum: 01/01/1972
Jahr: 1972
Dauer: 06:57
19/04/1972
Das Spiel – IRIS-FILM
(06:56)
4 Kolleege spille Poker an drénken och deen een oder anere Patt.
Et gëtt ëmmer méi gereizt – bis ee mengt heen hätt alles gewonnen.
…
Gespillt huet:
de Roger HANSEN – de Bruno KALNY – de Christophe KLEIN a de Jacques VAGLIO
Gefilmt huet: Jos. KLEIN
DerZug war pünktlich
Datum: 01/01/1971
Jahr: 1971
Dauer: 02:38
23/05/1971
Der Zug war pünktlich – chronos-film
(02:38)
Eise Film … der zug war pünktlich (3’00) koum net ënner déi 3 éischt.
E Reesender leeft a leeft laanscht eng richteg laang Mauer a kënnt op d’Beetebuerger Gar – Trap erof an Trap erop an den Zuch ass elo just fort.
De Schauspiller war de Marcel SASSEL vun den AMCIS.
Dës Filmer goufen 2014 digitaliséiert a vertount.
Horreur des bois
Datum: 01/01/1971
Jahr: 1971
Dauer: 09:02
23/05/1971
l’horreur des bois – chronos-film
(09:02)
Den 23.05.1971 kritt de Group « chronos-film » mam Film L’horreur des bois (8’57) um Nationalconcours déi Bronzen-Medaile. Et waren 23 Filmer gemellt an et gouf just 1 Sëlwer- an 2 Bronzen-Medailen:
Sëlwer Medaile: Sur de bonnes semelles – CA Differdange-Prod. (CAD)
Bronze Medaile: L’horreur des bois – Groupe chronos-films (AMCIS)
Bronze Medaile: Selbstportrait – Michel Geiben / Paul Scheuer (ALCA)
Mention honorable: Splatch – Martin Hoffmann (ACG)
Mention honorable: Karate – M. Vanetti, J. Stemper, F. Vanetti (CASR)
Mention honorable: Der Wespenbussard – Joseph Peltzer (ACE)
Och um 33. internationalen UNICA-Concours vum 27.08. bis 05.09.1971 zu Montreux (Schwäiz), gouf et fir déi gemellte priméiert Filmer keng Auszeechnung.
Aus der Obeler Schoul kommen d’Schoulkanner eraus a verdeelen sech. D’Meedche mat dem roude Rack an dee klénge Bouf gi verschidde Weeër. Da kënnt de Mann mat dem Koffer – De Bouf geet an de Bësch – De béise Mann mam Knëppel a Gewier – Den Dëmpel an deen Erhaangenen – D’Meedche mam roude Rack – Den Ellenen an d’Meedchen – e Lach mat Schanken – zum Schluss e Schëld: Voyageur, arrête-toi, tes efforts sont vains, cette forêt n’a pas d’issue.
D’Schauspiller waren:
d’Meedche mat dem gréngen a roude Rack:
Christiane FROST an Alice POLETTI
de klénge Bouf: Aleksander VASIC
de béise Mann mam Knëppel a Gewier an deen Erhaangenen: Robert Henri RIES
deen zu Doutgeschloenen an Ersoffenen: Raymond GENOT
deen Ellenen: Jean-Pierre EHMANN
Jumelage Schëffleng an Drusenheim
Datum: 01/01/1970
Jahr: 1970
Dauer: 35:50
05/06/1971
Jumelage Schëffleng an Drusenheim
Jumelage Drusenheim an Schëffleng
(35:50)
Dëst sinn zwee 16mm AMCIS-Reportage-Filmer iwwer déi 2 Fester.
Zu Schëffleng, gesäit een d’Buergermeeschtesch Astrid LULLING mam ganze Schëfflenger Gemengerot a Geschäftsverband vun deemools an de Buergermeeschter vun Drusenheim Pierre SCHOTT mat sengem Gemengerot an enger Drusenheimer Delegatioun vum Geschäftsverband, der Musek an dem Fussballclub.
Et war eng Féierung duerch eng Ausstellung mat Degustatioun vu Produkter vun Drusenheim a vu Lëtzebuerg an der Coopérative a beim Bisdorff’s Jeng.
D’Begréissungs-Riede vun de respektive Buergermeeschteren waren am Hall vun der Schëfflenger Gemeng.
Um « The National »-Terrain hunn déi 2 Fussballs-Equipe géint enee gespillt an et gouf op d’Musek vun deenen Drusenheimer gedanzt.
Duerno déi offiziell Rieden an d’Ënnerschreiwe vum gëllene Buch ënnert der Presenz vum Lëtzebuerger Ausseminister Henri CRAVATTE. – D’Ofschlossiesse war am Restaurant « beim Stadhaus » an den Ofschlossdanz am Café Riddlespridge.
Zu Drusenheim féiert déi Schëfflenger Musek de Cortège mam Buergermeeschter Pierre SCHOTT, Astrid LULLING, ganze Schëfflenger Gemengerot, de Geschäftsverband an d’Musek vun Drusenheim.
Am Centre Sportif gouf et eng Ausstellung mat Holzsculpturen, Panneaue vun ARBED Esch – Schëffleng an Zementswierk. – Duerno war de Fussballsmatch.
Deen 2. Dag huet et kräfteg gereent. D’Schëfflenger Musek huet mat der Drusenheimer Musek e Konzert ginn an et war eng Kranznidderleeung mat « Sonnerie aux morts ».
Op der Gemeng waren dann nach déi offiziell Rieden a Cadeaue mat hirem Preposé. D’Ofschlossiessen an de « bal d’adieu » war am Centre Sportif.
Dës Filmer goufen 2014 digitaliséiert a vertount.
Fire
Datum: 16/03/1940
Jahr: 1970
Dauer: 12:55
14/02/1970
Fire – chronos-film
(12:55)
Et ass e Film, dee Feier am Numm vum Wouert behandelt: « Feuer, Kommando, Verbrennung, Sprengung, Leuchtraketen, Raketenabschuss, Eisenschmelzung und Verarbeitung des Stahls ».
Photography and cutting: Jean-Pierre EHMANN
Script: Gaston ROLLINGER
Sound recording and title design: Robert Henri RIES
Assistance: Jean-Pierre SIUDA
A film produced by Jean-Pierre EHMANN
« Wo only live, only suspire
Consumed by either fire or fire. »
(T.S. Eliot)
« The only hope, or else despair.
Lies in the choise of pyre or pyre –
To be redeemed from fire by fire. »
(T.S. Eliot)
Um Nationalconcours vum 23.05.1971 waren 9 Filmer gemellt.
Als beschte Film vum Joer 1970 mat der Coupe du Président a Gold medaile gouf de Film: « Fire » vum Groupe « chronos-film » (AMCIS) ausgezeechent.
Nach Gold fir de Spillfilm: Der taube Johannes vum Michel Geiben a Paul Scheuer (ALCA).
Sëlwermedaile: Rencontre vum Henry Wagener (CAD).
Bronzemedaile: « Gartenspuk » vum Groupe « chronos-film » (AMCIS).
an och Bronzemedaile: Illusionen vum Camille Bourscheid (CAL).
Marasme – CINANI (CAL).
Vum 28.08. bis 07.09.1970, hunn dës Filmer op der 32. UNICA (Union internationale du cinéma non professionel) zu Sousse an Tunesien deelgeholl. Leider huet kee vun de Lëtzebuerger Amateuren eng Auszeechnung kritt.
Dëse Film gouf 2013 vun den AMCIS digitaliséiert a vertount.
Gartenspuk
Datum: 01/07/1969
Jahr: 1969
Dauer: 08:15
14/02/1970
Der Gartenspuk
(08:12)
De 14.02.1970 wor de AMCIS-Club-Concours am Studio « Nei Schoul » (r. M. Rodange) zu Schëffleng. Nëmmen 5 Filmer solle bewäert ginn. Gewonnen huet de Film « Fire » (12’00) an dem Gaston Rollinger säi Film: « Garten spuk » (8’12), krut den 2. Präis. Vun dem AMCIS-Comité gouf decidéiert, dat se allen 2 um Nationalconcours vun der FGDCA géife gemellt ginn.
Dë Film « Garten spuk » behandelt d’ »Schrebergäert » vum Kazebierg an den Aleksander Vasic trëppelt duerch d’Géigend, wou een allerlee Knascht a Kaméidi gesäit an héiert.
Dës zwee 8mm Filmer goufen am Januar 2005 vum Atelier Kazebierg digitaliséiert.