Häerzchirugie am Laos
Datum: 01/04/2010
Jahr: 2010
Dauer: 29:01
war: 01/04/2010 ass:
01/04/2010 Häerzchirurgie am Laos (29:01)
Sous le haut Patronage de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse Maria Teresa.
Dës ass e Reportage-Film vum Lëtzebuerger Häerzdokter Richard SCHNEIDER – President vum ADS (Aide au développement de la Santé), deen heen am Laos gedréint huet.
Heen erkläert, dat ganz vill Kanner dohanne mat engem ugebuerenen Häerzklappefeeler, bedéngt duerch eng schlëmm Gelenk-Rheuma-Krankheet, op d’Welt kommen. Dës Krankheet gëtt et glécklecher Weis net méi esou oft an den europäesche Länner. – Mat den Done vun der ADS kann een dann am Laos mat Operatiounen oder Penicillin-Sprëtzen hëllefen. D’Liwwerunge vum medezineschen a chirurgesche Material si vun der Lëtzebuerger Regierung. – Dës weidere maachen si och 3-Joers Schoulunge vum medezineschen a paramedezi ne schen Personal oder vun de Kardiologen op der Plaz.
Eng Erklärung vum Laos an d’Féierung duerch de Film mécht d’Mme Cécile HEMMEN.
Partner an Zeienaussoen am Film si vun den Hären: Dr Ortwin FRIESENWINCKEL – Häerz-Zentrum Bad-Neustadt, Prof. Friedhelm BEYERSDORF – Unisklinik Freiburg, Prof. Bernard EISENMANN – Unisklinik vu Stroossbuerg, Arnaud CHARPENTIER – INCCI zu Lëtzebuerg an dem Häerzdokter Richard SCHNEIDER.
De Gesondheetsminister aus dem Laos: Dr Ponmek DALALOG seet der ADS an der Lëtzebuerger Regierung villmools Merci fir alles, wat si fir de Laos gemaach hunn.
Youtube huet de Film eréicht ab 18 Joer frei ginn. Dir musst op youtube ugemëllt sinn fir en ze kucken.
Gala du centenaire
Datum: 10/11/2007
Jahr: 2007
Dauer: 1:17:33
10/11/2007 Gala du Centenaire (1’17:33)
Zur Geleeënheet vun 100 Joer Stad Rëmeleng (1907-2007) spillt den Orchestre Symphonique “le Cercle Rumelange” am “Centre Culturel” vu Rëmeleng, ënnert der Leedung vum Dirigent Georges WAGNER:
Intro Zaratoustra (Odysée de l’Espace) – Richard Strauss
Fragment 1-4 – Georges Wagner
Va Pensiero – Giuseppi Verdi
Glück auf – arr. Georges Wagner
Touch – arr. Georges Wagner
Dessau – arr. Georges Wagner
Chicago – Fred Ebb / John Kander
Limelight – Charlie Chaplin
Indicatif SS Les Préludes – Franz Liszt
La Guerre 1 + 2 – Georges Wagner
La Offensive 1 + 2 – Georges Wagner
Dimanche Martin – Jempi Kemmer
Stars and Stripes Forever – John P. Sousa
A Summer Place – Max Steiner / arr. Georges Wagner
Blue Moon – Richard Rodgers / arr. Georges Wagner
Les Saltimbanques – Louis Ganne
D’Kiirmesgäscht – Dicks
La Fusée – Serge Lancen / arr. Georges Wagner
Fête Jubilaire – Georges Wagner
Eurofestival Schifflange ganz 2003
Datum: 26/07/2003
Jahr: 2003
Dauer: 1:18:09
19-26/07/03 “European Peoples’ Festival” zu Schëffleng (Lëtzebuerg) (1’18:09)
De Pre-Meeting gëtt vum Roland HOFERLIN, op der Schëfflenger Gemeng gemaach. Ënnert de Vertrieder vun de Länner waren och vill Leit aus dem Gemengerot a vill Leit vu Schëffleng. – Dëst ass e Concours tëschent de Länner: Belsch, Däitschland, Däne mark, Finn land, Frank räich, Griichenland, Holland, Irland, Italien, Lettland, Lëtzebuerg, Litauen, Portugal, Schweden, Schottland, a Spuenien.
D’Busse vun de Gäscht kommen un an ënnert der Féierung vum Paschtouer Raymond Strebeler ass eng Mass an der Kierch St-Martin, wou d’Länner hiren Eed ofleeën.
Am Hall Polyvalent gëtt d’Iessen an dat Flëssegt verdeelt.
Da geet de Cortège duerch d’Avenue de la Liberté, ugefouert vun der motoriséierter Police an der Motor-Union mat de Länner-Fändelen, d’Harmonie Municipale vu Schëffleng, déi verschidde Länner-Gruppen: Däitschland, Belsch, Däne mark, Spuenien, Schottland, Lettland, Litauen, Finn land, Frank räich, Griichenland, Irland, Italien, Holland, Portugal, Schweden a Lëtzebuerg an hier Museken. – Derbäi ware verschidde Vertrieder vun der Schëfflenger Gemeng: Roland HOFERLIN, Marc SPAUTZ, Roland SCHREINER, Jean SPAUTZ, Nicolas FRISCH, Norbert CARL, Guy FEHR, a vill Lëtzebuerger Leit.
Ënner de Kläng vun der Heemecht ginn Dauwe fléie gelooss an de Concours kann ufänken.
Den Organisatiouns-Präsident Roland HOFERLIN hält d’Erëffnungsried um Kiosk. De Minister Jean SPAUTZ seet dat dëst eng Manifestatioun ass, fir d’Leit an d’Länner ze verbannen a Gesellegkeet, Sport, Kultur an och Gastronomie auszetauschen. – Dat bréngt den Europäesche Geescht méi no. De Roland SCHREINER erkläert déi 11. Editioun vum “European Peoples’ Festival” als op an d’Europa-Hymn gëtt gespillt.
Sportarten: Petan que um Terrain …. , Handball an der Sportshal, Fallschirm-Sprangen an Warmloft-Ballonen um Fussballsterrain vum The National, Velofueren a Laafen um Bierg, Fussball um Terrain, Basketball an der Sportshal, Fiederball an der Sportshal, Schach-Spillen, Schéissen, Basketball an der Sportshal, Tennis, Dëschtennis, Handicap-Basketball
a Rollschungfueren. Zwëschen dem Sport gouf ët nach Folklore, Danz, Fotoconcoursen, Kachen a Molconcours, Musek a Jucks vun allen Zorten, sowéi eng Delegéierteversammlung vun de Länner.
De Roland SCHREINER hält d’Schlussried an de Roland HOFERLIN seet, dat dézidéiert ginn ass, dat dem “European Peoples’ Festival” e Fändel geschénkt kréit. Deen allerläesch ten Ofschloss mecht e grousst Freedefeier. – Gewonnen hat: Schëffleng.
Kultur: Bühnen-Optrëtt vun allen Delegatiounen, Fotosconcours, Kachen a Molconcours.
D’AMCIS huet 2003 den “European Peoples’ Festival” op Hi8-Cassetten
opgeholl, geschnidden an op VHS iwwerspillt. Dës goufen 2013 dunn op DVD am Format 4:3 ëmkopéiert.
15/
Eurofestival Schëffleng 2003
Datum: 26/07/2003
Jahr: 2003
Dauer: 7:22
19-26/07/03 “European Peoples’ Festival” zu Schëffleng (Lëtzebuerg) extrait (07:22)
Trailer vum ganze Film
Premeeting Eurofestival 2003 Schifflange
Datum: 17/11/2002
Jahr: 2002
Dauer: 21:25
15-17/11/02 Pre-Meeting Eurofestival Schëffleng (21:25)
D’Vertrieder vun den Eurofestival-Länner versammele sech am Stadhaus zu Schëffleng, wou déi traditionell Groupe-Foto gemaach gëtt an den Organisatiouns-President vun 2003: Roland SCHREINER hinnen op Franséisch an op Englesch erkläert firwat se zu Esch-Uelzecht iwwernuechte mussen. – Och d’Madame Buerger meeschter Nelly STEIN begréisst se häerzlech an de Roland HOFERLIN, Fred LUA, John HEINTZ a Guy FEHR propo séieren hinnen, fir e kléngen Trëppeltour bei liichtem Reen duerch d’Uertschaft Schëffleng ze maachen, wou si déi verschidde Plazen a Raimlechkeete gesinn, wou den EPF-Festival 2003 geplangt ass.
Als Ofschloss gëtt dann nach e feudale Menu mat Ënnerhalungs-Musek vum XXXX am Restaurant xxxx zerwéiert.
Eurofestival Griechenland 2002
Datum: 27/07/2002
Jahr: 2002
Dauer: 1:05:37
20-27/07/2002 “European Peoples’ Festival” zu Loutraki (Griichenland) (1’05:37)
Dës Kéier goufen déi ongeféier 60 Schëfflenger Frënn a Frëndinne vum Eurofestival mat Hëllef vun der Luxair op déi ±2670 km ewech geleeënt Uertschaft Loutraki geflunn. Als Begleeder waren, wéi schonn esou dacks, den Organisatiouns-President Roland SCHREINER, Fred LUA, Nicolas FRISCH a Roland HOFERLIN derbäi.
No der Opzielung vun de 14 Länner: Belsch, Däitschland, Dänemark, Finnland, Frank räich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal, Schottland, Schweden a Spue nien, goufen d’Fändelen opgezunn – d’Europa-Hymne gespillt a mat engem Freedefeier d’Europa-Spiller als op erkläert.
Dës Sportarten goufe gemaach: Basketball, Fiederball, Fussball, Petan que, Schwammen, Staffelleef, Tennis a Volleyball.
Den traditionelle Cortège duerch Stroossen, déi Folkloristesch National Dänz, Gesank a Musek, Länner-Spezialitéite fir ze Iessen an ze Drénken, souwéi e Besuch vum 6.343 Meter laangen an zwëschent 1891-1893 gebaute Kanal vu Korinth huet net gefeelt.
Als Ofschloss vum Festival koum d’Präisverdeelung un d’Länner, en Ofschloss-Iessen an d’Iwwerreechung vum Eurofestival-Fändel un den nächsten Organisatiouns-President Roland SCHREINER vu Schëffleng.
100 Joer Turnverain le Travail Schëffleng
Datum: 02/04/2002
Jahr: 2002
Dauer: 45:55
100 Joer Turnverain le Travail Schëffleng
100 Joer le Travail Schëffleng
Datum: 01/12/2002
Jahr: 2002
Dauer: 1:15:37
02/04/2002 100 Joer Turnveräin “Le Travail” Schëffleng – Kuerzversioun (45:55)
09.03-10.03-2002: “Championnats individueles – Gymnastique générale FLGYM”
16.03.2002: “Coupes de Consolation FLGYM”
17.03.2002: “Coupes des Jeunes – Finales FLGYM”
13.04.2002: “Gala Gymnique”
04.-05.05.2002: “Championnat des sections FLGYM”
01.06.2002: “Street Gym” an der Liberatiounsstrooss
16.06.2002: 27. “Fête de la Joie du Bassin Minier”
Eng Zätrees duerch d’Kannerwelt 2001
Datum: 30/03/2001
Jahr: 2001
Dauer: 1:14:12
30/03/2001 Kannertheaterstéck: Eng Zäitrees duerch d’Kannerwelt (1’14:12)
D’10 Joer Eltervereenegung vu Schëffleng presentéiert dëst Kannertheaterstéck am Hall Polyvalent. D’Virriednerin Nicole WELTER seet e grousse Merci un all déi Leit, déi Haut kucke komm sinn: Ënner anerem dem Chamberpresident Jean SPAUTZ an sénger Madame, der Madame Député-Maire Nelly STEIN, dem Schäffe Marc SPAUTZ an sénger Madame, den Häre Conseilleren an hire Madamen an dem Här Paschtouer Raymond STREVELER.
Dëst Stéck ass Eppes ewéi e Puzzelstéck, wou all Stéck wichteg ass, fir dat e wonnerschéint Bild entsteet. Dat Zentralstéck sinn Schauspiller (d’Artisten) op der Bühn ënnert der Leedung vum Multicréakulti Mariette Kill-Tockert, René, Camille FEYDER an dem Roger ZEIMET, wou sie selwer dru matgeschriwwen hunn.
Atelier vun de Masken a Skulpturen: Yvette Gastauer, Lydia Mandernach
Atelier vun de Kostümer: Léa Rumé a Gerty Weimerskirch
Atelier vun de Musiker: Martine Wei…
Trompette, Geräecher
Plakatverdeelung an d’Geschäfter:
Déi kléng Virriednerinnen erklären, wéi een sech soll wärend dem Theater-Stéck verhalen.
D’Schoulmeeschteg verdeelt d’Aufgaben fir de nächsten Dag an déi net opgepasst hunn gi gestrooft: si däerfe net an d’Paus goen. – An der Paus gëtt am Haff op d’Musek gedanzt a geturnt.
3-4 Méint
Kinek Charel de Groussen
Zäitmaschinn
10 Prouwen
President vun der Eltervereenegung Paul WEIMERSKIRCH
Haaptresponsabel: Line Cagenot
d’Buergermeeschtesch Nelly STEIN, de
– Roland SCHREINER, Schäffen
FEHLT Text
Kommunioun 2000
Datum: 30/04/2000
Jahr: 2000
Dauer: 1:25:19
30/04/2000 Kommioun zu Schëffleng 2000 (1’25:19)
De Cortège mat de Kommiounskanner geet bei der aler Schoul (Lydie Schmit-Schoul) fort: Massendénger mam Kräiz an de Luuchten, d’Pompjeeën, der Harmonie Municipale vu Schëffleng, de Scouten a Guiden, de Massendénger mam Paschtouer Raymond STREVELER, d’Kommiounskanner mat de Schoulmeeschteren a Léierinnen, souwéi Katechetinnen, déi resp. Elteren, Familljen a Frënn. Si kommen aus der rue de la Forêt an d’Avenue de la Libération fir dann an Sankt Martins-Kierch eran ze goen.
Nodeem d’Kommiounskanner op hire Plaze sëtzen, séngt de Kierchechouer. D’Kierch ass voll bis op déi leschte Plazen.
De Paschtouer Raymond STREVELER, begréisst all Mënsch a seet och de Responsabelen e grousse Merci fir déi gutt Virbereedung op dëse schéinen Dag.
D’Kommiounskanner leen hiert Daf-Verspriechen of a sange mam Kierchechouer e feierlecht Lidd. Duerno ginn d’Daf-Käerzen agesammelt. Dës Helleg Kommioun steet ënner dem Zeeche vun der Rous an duerfir froen se em Erbaarmen a Verzeiung fir dat wat se schlecht gemaach hunn.
Et gëtt eng Geschichtche verzielt vun engem Polizist an enger Rous. Eng Säit aus Evange lium vum Johannes gëtt virgelies an d’Kommiounskanner droen d’Priedegt vun der Rous vir, ier se d’Lidd: “O Mamm léif Mamm” sangen. Duerno kënnt d’Wandlung vu Waasser a Brout an d’Kommioun gëtt verdeelt. D’Kanner schenken hire respektive Schoulmeeschteren an d’Léierinnen eng Rous a verloossen d’Kierch.
Sproochendiplomer 2000
Datum: 30/06/2000
Jahr: 2000
Dauer: 05:36
30/06/2000 Certificats cours des langues (05:36)
D’Leit haten sech op der Gemengeplaz versammelt an no der Gruppefoto ginn se zesummen an de Sall Grand-Duc Jean. D’Buergermeeschtesch Nelly STEIN begréisst d’Participante vun de Lëtzebuergesch, Franséischen an Englesch Coursen. Am Numm vum Syndicat d’Initiative seet d’Madame ???? villmools Merci fir d’Hëllef vun der Gemeng wéinst der gratis zur Verfügung stelle vun de Säll fir d’Coursen ofzehalen. Den Norbert CARL an de Jean-Paul MOLITOR iwwerreechen d’Diplomer un hier Schüler. Am Film gesäit een och nach verschidde Leit aus dem Gemengerot: Guy FEHR, Raymond HOPP an ????.
Hobbymaart 1993
Datum: 11/12/1993
Jahr: 1993
Dauer: 22:49
11/12/1993 Hobbymaart (22:49)
Privatleit weisen hiiren Hobby a verkafen hir Saachen an der Schëfflenger Geméng.
De Buergermeeschter Nicolas FRISCH hält d’Eröffnungsried an de President vun der Kulturkommissioun Fred LUA ernimmt sämtlech Künstler, déi matgemaach hunn.
– 5 – 1993
Bekannte Leit vun der Visite: John HEINTZ, Roby SCHADECK, Nico SCHREINER, Lino SEGHETTO, Roger WEYRICH, Roland HOFERLIN, Jean-Pierre REHLINGER, Nelly STEIN, Anita WAGNER.
Streikgedenkdag 1993
Datum: 31/08/1993
Jahr: 1993
Dauer: 22:45
31/08/1993 Streik-Gedenkdag 1993 (22:45)
D’Leit versammele sech an der Schëfflenger Gemeng beim Monument fir déi gestuerwen Affer vum Krich 1940-1945 an de Buergermeeschter Nic. Nicolas FRISCH biet d’Leit hirer ze gedenken.
An der Salle Grand-Duc Jean hält de Roland SCHREINER eng Ried iwwer de Streik an d’Kricher op der Welt, déi elo nach sinn an de Jean SPAUTZ schwätzt iwwer de Krich 1942.
Bekannte Leit: Ettes DEVAQUET, Gaston GIBÉRYEN, Astrid LULLING, John HEINZ, Roland HOFERLIN, Jean-Pierre KAYSER, Jean-Pierre REHLINGER, Nicolas SAX, Roby SCHADECK, Nelly STEIN, Paschtouer Raymond STREVELER, Anita WAGNER.
Kommioun zu Schëffleng 1993
Datum: 25/04/1993
Jahr: 1993
Dauer: 35:56
25/04/1993 Kommioun zu Schëffleng 1993 (35:56)
Bei guddem Wieder d’Opstellung vun de Kommiounskanner am Haff vun der Lydie Schmit-Schoul – Cortège duerch Schëffleng bis bei d’Kierch mat der Police, de Pompjeeën, d’HMS Musek, de Paschtouer Raymond STREVELER mat de Kommiounskanner an den Elteren a Frënn. – An der Kierch: Biller vum Chouer a vum Duxall.
Gala Concert HMS
Datum: 27/03/1993
Jahr: 1993
Dauer: 13:05
27/03/1993 Gala Concert HMS (13:05)
De Concert an der Sportshal zu Schëffleng, gëtt vum President …. ….vun der HMS-Musek duerch d’Begréissung ageleet.
De John Heinz seet d’Musek-Stécker un.
Der Dirigent war: Jean-Pierre HAECK ???
Sister Act
Datum: 24/04/1993
Jahr: 1993
Dauer: 40:58
24/04/1993 Theaterspill: Sister Act (40:58)
Guide vu Schëffleng spillen am Veräinshaus: Sister Act.
D’Mariegelatine soll an engem Nonne-Klouschter vun 12 Nonne verstoppt ginn, well et eng gestiicht huet. Hat muss sech dann emol als Nonn verkleeden a mat mat deenen aneren an engem Chouer sangen. Well hat awer scho Gesang-Stonne kritt hat, moderniséiert hat de Chouer. Mat der Zäit gëtt de Chouer ëmmer besser an de Poopst huet sech ugemellt, fir lauschteren ze kommen. Dem Michael Jackson säi Lidd “For You and For Me” schléisst d’Theaterstéck of.
Vakanznomëtteger 1993
Datum: 30/07/1993
Jahr: 1993
Dauer: 13:27
30/07/1993 Vakanz-Nomëtteger 1993 (13:27)
Op de Mauere vun der Plaz beim Hal Polyvalent maachen déi kléng Kanner Mauer molereien. An op der Bün an der Hal sangen déi méi grouss a maache Playback Show, T-Shirt, Boken an Teller-Molerei a bastele kléng Schéngercher aus Kartrong.
Turngala 1993
Datum: 27/03/1993
Jahr: 1993
Dauer: 38:56
27/03/1993 Turngala 1993 (38:56)
Den 1902 gegrënnten Turnveräin “Le Travail” hat op säi groussen Turngala an der Sportshal vu Schëffleng invitéiert. Vill Leit vu Schëffleng an Ëmgéigend ware komm an et goung lass op d’Melodie vum “Pierre et le Loup” (Serge Prokofiev). Duerno: Buedem-Turnen, Turn-Geräter, verschidden Dänz an als Ofschloss Turnen an Danzen op de Musical: “West Side Storie” (Leonard Bernstein). De Kommentar hat de Fred LUA gemaach.