Video archive

After selecting the filters, please click on Refresh
Kavalkad 2015
Datum: 11/03/2015
Jahr: 2015
Dauer: 19:25

11/03/2015 Kavalkad (19:25)
Bei beschtem Wieder mat vill Leit zitt d’Kavalkade mat 40 Gruppen, Musiken a Ween duerch d’Stroossen vu Schëfflen

Auereverdeelung zu Schëffleng
Datum: 07/03/2015
Jahr: 2015
Dauer: 14:18

05/03/2015 Auereverdeelung zu Schëffleng (14:18)
Am 5. März 2015 hatte der Schöffenrat verdienstvolles Personal, das schon seit zwei Jahrzehnten zum Staff der Gemeinde gehört, auf eine offizielle Feier ins “Centre Associatif Am Rit” eingeladen. Im Laufe des Abends konnte Bürgermeister Roland SCHREINER, umgeben von den beiden Schöffen Paul WEIMERSKIRCH und Carlo FEIEREISEN, sowie mehreren Gemeinderatsmitgliedern, Herrn Josy KOHN, Hausmeister im Hall Polyvalent und Frau Tanja NAEGELEN, Grundschullehrerin, zu 20 Jahren treuen Diensten beglückwünschen.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Albert KALMES, Josy KOHN, Yves MARCHI, Tanja NAEGELEN, Roland SCHREINER, Roger THULL, Paul WEIMERSKIRCH

Moudendefilee 2015
Datum: 02/03/2015
Jahr: 2015
Dauer: 1:31:38

02/03/2015 Moudendefiléë zu Schëffleng 2015 (1’31:38)
De President Jeannot KAYSER, mëscht d’Begréissung vun de Leit op dem 1. Moudendefiléë, deen vum Schëfflenger Handball-Club am Hall Polyvalent organiséiert gouf. Dës Geschäfter hu matgemaach: Boutique Belmondo / Diddeleng, Chaussures Zanni / Rëmeleng, Kannerboutique Marianne / Diddeleng, Boutique Euma / Schëffleng, Optique New Look / Schëffleng, Boutique La Magie / Schëffleng, De Fleurs en Fleurs / Schëffleng, Hair-Studio Godart / Schëffleng, Studio Donna / Schëffleng, Mon Jardin / Schëffleng
Déi Schëfflenger Moderatorin Deborah CECCACCI huet duerch den Owend gefouert.

Concert Johann Strauss et amis
Datum: 11/02/2015
Jahr: 2015
Dauer: 1:20:46

11/02/2015 Concert Johann Strauss et amis (1’20:46)
Am Sall Gr.-D. Jean an der Gemeng vu Schëffleng, huet den Orchestre “Les Solistes de Luxembourg” ënnert der Leedung vum Jeannot WEIMERSKIRCH dëse Programm gespillt:
Die Fledermaus (Ouvertüre) – Johann Strauss
Stadt und Land (Polka Mazur) – Johann Strauss
Im Sturmschritt (Polka Schnell) – Johann Strauss
Aus der Ferne (Polka Mazur) – Johann Strauss
Walzer aus Dornröschen – Peter Tschaikowsky
Im Krapfenwald (Polka Française) – Johann Strauss
Wiener Blut (Walzer) – Johann Strauss
Slawischer Tanz No. 2 – Antonin Dvorak
Tritsch-Tratsch-Polka – Johann Strauss
Leichtes Blut (Polka) – Johann Strauss
Csardas aus Ritter Pazmann – Johann Strauss
An der schönen blauen Donau – Johann Strauss
Et war en traditionelle Wiener Neijoerschconcert, wou de Pierre WEIMERSKIRCH duerch de Programm gefouert huet an den Erléis un d’Vereenegung “Schëffleng Hëlleft” gaangen ass.

Neie Ruff-Bus
Datum: 05/02/2015
Jahr: 2015
Dauer: 09:36

05/02/2015 Presentatioun vum neie Ruff-Bus vu Schëffleng (09:37)
Op der Gemengeplaz waarden etlech Leit op d’Arrivée vum neie Mercedes Ruff-Bus, dee vun der Firma Sales-Lentz geréiert gëtt. Am Hal vun der Gemeng erkläert de Buergermeeschter Roland SCHREINER a Begleedung vu sengen 2 Schäffe Carlo FEIEREISEN a Paul WEIMERSKIRCH dee fonkelneie Mobil, dee per Tel. 8002-5002 zu Schëffleng ka geruff ginn.
Marc BIMMERMANN, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Fabienne DIEDERICH, Carlo FEIEREISEN, Sven KILL, Carlo LECUIT, Roland SCHREINER an Paul WEIMERSKIRCH

Seniorefeier 2014
Datum: 16/12/2014
Jahr: 2014
Dauer: 26:59

12/12/2014 Seniorefeier zu Schëffleng (26:59)
Am Hall Polyvalent mécht de Präsident vun der Seniorekommissioun, Pierrot FEIEREISEN, d’Aleedung vun der Seniorefeier a seet den ±550 Seniore fir d’Kommen. D’Veräiner: Foyer de la Femme, de Fraen a Mammen souwéi d’Union des Femmes kréien och villmools Merci gesot fir hier Hëllef bei der Organisatioun vun dësem Fest.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER begréisst och de Schäffen- a Gemengerot an all d’Leit, déi komm sinn fir e puer flott Stonnen mat eneen ze verbréngen. Hee schwätzt iwwer Aktivitéiten vun der Seniorekommissioun am Joer 2014, d’Liewensqualitéit a déi nei Projeten vun der Gemeng Schëffleng.
Dëst Joer gëtt de Begleetprogramm op dëser Feier vun der Equipe: Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. Lisa & The Hüettes an dem jonken talentéierte Schëfflenger Trompettiste Kenji Tex garantéiert.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Käpt’n Ändä, Carlo LEQUIT, Lisa MARIOTTO, Matrous K1000, Roland SCHREINER, Jean SPAUTZ, Marc SPAUTZ, Kenji TEX, The 3 Hüettes, Paul WEIMERSKIRCH

De Kleeschen fréier an haut
Datum: 06/12/2014
Jahr: 2014
Dauer: 40:52

06/12/2014 De Kleesche fréier an haut (40:52)
De Kleesche lant mam Houseker hanner engem Bam a gi vum Niklos-Taxi ofgeholl fir an de Rit zu Schëffleng ze fueren. Do ginn se vum Monnerecher Kannerchouer “Princesse Marie Astrid” empfaangen. D’Kleeserchers Lidder gi gesongen an Tiitercher un d’Kanner verdeelt. Duerno fueren se bei eng Famill mat 3 Kanner an de Kleeschen hëlt säi gescheit Buch eraus fir hinnen hir Feeler ze ernimmen. Et gëtt versprach sech ze besseren an d’Cadeaue gi verdeelt. Zum Schluss verzielt d’Bomi de Kanner, wéi et fréier war.
Et hu gespillt: Kleesche: Marc RAACH – Houseker: Richard LAMHÈNE
Chauffeur: Françoise THOMMA – Papp: Ronny BAUSCH – Mamm: Helma BAUSCH-KOK
Kanner: Mandy an Duncan BAUSCH, Emma THIEL – Bomi: Marie-Paule von ROESGEN
De Kannerchouer “Princesse Marie Astrid” vu Monnerech ënnert der Leedung vum Nadine
– 7 – 2014
KLEMAN an der Presidentin Josée KLEMAN – Statisten: Frënn vun den AMCIS
en Extrait aus deem ale Film vun 10/04/1951
St. Nicolas le bon Patron (S) (08:03)
Réalisateuren: Nic. LAUX / Aloyse CRELOT (ACE)

De Kleeschen koum op Schëffleng
Datum: 10/12/2014
Jahr: 2014
Dauer: 05:59

30/11/2014 De Kleesche koum op Schëffleng (05:58)
Den Zuch kënnt op der Schëfflenger Gare un an de Buergermeeschter Roland SCHREINER empfänkt de Kleesche mat senge 6 Engelcher a 5 Houseker ënnert de Kläng vun der HMS Musek, déi dann de Cortège uféieren, deen da Richtung Moartplaz geet. Op der Gemengeplaz sinn 12 Schëfflenger Veräiner, organiséiert vun der Sport- a Fräizäit-Kommissioun an de Chrëschtdags-Haisercher a bidden hier Wueren un. Dëst Joer ass och e grousse liewege Schnéimännchen op Besuch komm.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER lueft déi vill brav Kanner a bedauert, dat d’Sonn déi bestallt war leider net op de rendez-vous komm ass.
De Kleeschen ass och frou, well en ëmmer esou gutt empfaang gëtt an invitéiert d’Kanner an den Hall vun der Gemeng, fir hier Tiitchen ze kréien.
Jean-Paul BRAQUET, Idette CATTIVELLI, Lull CLEMENT, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Sven KILL, Yves MARCHI, Marla MAWE, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND

Hobbymuart 2014
Datum: 29/11/2014
Jahr: 2014
Dauer: 12:35

29/11/2014 Hobbymaart (12:35)
Am Hall Polyvalent zu Schëffleng ass den 22. an den 23. déi traditionell Hobby-Ausstellung. De President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäit-Kommissioun Yves MARCHI hält d’Wëllkommensried an ass frou dat 43 Aussteller matgemaach hunn.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER seet och allen Hobby-Kënschtler villmools Merci fir hiert Schaffen a luet d’Leit op den Éierewäin an.
Zum Schluss goufen och 6 Interviewe mat den Hobby-Kënschtler gemaach

Pipes Flames and Party
Datum: 08/11/2014
Jahr: 2014
Dauer: 2:07:49

08/11/2014 Pipes, Flames and Party (2’07:49)
Den Organisator: “Centre d’intervention Schifflange” hat dëse Concert am Hall Polyvalent
zu Schëffleng organiséiert.
Gespillt gouf vun: Spirit of the Highlands – Pipes and Drums Grevenmacher, CC Riders – Let the good times roll an d’Harmonie Municipale Schifflange.
Ech hun leider nëmmen den Titel vun engem Lidd: It’s Raining Men

Soirée Lauréats Schifflange 2014
Datum: 17/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 1:07:36

17/10/2014 Soirée des lauréats (1’07:35)
De 17. Oktober hat de Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der Kultur-, Sport-, a Fräizäit-Kommissioun déi traditionell Sportleréierung am Hall Polyvalent organiséiert. 297 Sportler a Sportlerinnen aus 23 verschidde Veräiner sinn op dësem Owend geéiert gi fir hir aussergewéinlech Performancen an der leschter Sport-Saison. De President Yves MARCHI, hält d’Erëffnungsried a wënscht alle Sportler an och de Leit, déi eng perfekt Struktur vun de Sportler erméiglechen e schéinen Owend. Fir de musikaleschen Encadrement huet de Jugend-Grupp “Random 5” vun der HMS gesuergt, de Grupp Rock-Akrobatik “Dance Daniel” vum Schëfflenger Turnveräin “Le Travail” an déi jonk a sympathesch Schëfflenger Moderatorin Deborah CECCACCI huet duerch den Owend gefouert.
Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Albert KALMES, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Paul WEIMERSKIRCH,

Jeunes musiciens
Datum: 15/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 08:38

15/10/2014 Jeunes musiciens – „Musique à l’École“ (08:37)
De Schëfflenger Buergermeeschter Roland SCHREINER a seng Schäffe Carlo FEIEREISEN a Paul WEIMERSKIRCH mam Guy FEHR haten invitéiert fir den Diplom vun dem Aféierungs-Cours 2013/14 fir an d’Musek an der Schoul auszedeelen. Et goufen 9 Kanner geéiert: Anastazie Budinova, Mike Charpentier, Kevin Diogo Oliveira, Anida Hoti, Lea Petesch, Dialouna Peresi, Luc Phu Khi, José Manuel Santos Carvalheiro an Anais Spartelli. D’Coursen guefen ënner der fachmännescher Begleedung vun der Madame Danka PETZOVA ofgehalen.

Grousse Muart 2014
Datum: 14/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 18:27

14/10/2014 Grousse Moart (18:26)
De Buergermeeschter Roland SCHREINER a seng Schäffe Carlo FEIEREISEN a Paul WEIMERSKIRCH begréissen de President vum Moartverband den Här Nicki KIRSCH bei guddem Wieder op der Schëfflenger Gemengeplaz.
En ass frou dat si de Neie Grousse Moart an offizieller Form kënnen opmaachen an erzielt dat de Kleedermoart schonn zënter e Puer Joer all 1. Méindeg an de Frëschmoart zënter 2013 all 3. Méindeg vum Mount ofgehale gouf. Elo soll dann all 2. Méindeg vum Mount dee Grousse Moart ofgehale ginn. Och lueft heen de Schëfflenger Plazmeeschter Roman BERTRANG fir seng gutt a seriös Aarbecht.
De Nicky Kirsch wënscht sech an de Moartverkeefer e gudden neien Ulaf vum Moartwiesen zu Schëffleng. Hee lueft déi frësch Produkter, excellent Qualitéit, Frëndlechkeet a perséinlech Diskussioune mat de Clienten. Och deelt hee mat dat se 20.000 Moartkierf kaaft hunn, fir manner Plastik ze verdeelen.
Et goufen och gratis Croissanten a Kaffi spendéiert.
Den Ofschloss vum Film maachen 9 Interviewe mat Moartleit a Clienten.

Eierung fir den Ben Gaustauer
Datum: 13/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:41

13/10/2014 Éierung fir de Ben Gastauer (23:40)
D’Schëfflenger Gemeng hat de Vëlos-Profi Ben Gastauer a seng Famill a Frënn vum Vëlosport op eng Éierung vun denger professioneller Carrière an d’Salle Gr.D. Jean op der Gemeng agelueden. De Buergermeeschter Roland SCHREINER hält d’Ufanks-Ried an erzielt wéi seng sportlech Leeschtungen sech lues a lues verbessert hunn, bis en dann als professionelle Vëlosfuerer dann dëst Joer als 21. am Tour-de-France zu Paräis ukomm ass.
Den FSCL-Präsident Jean REGENWETTER begréisst d’Leit a schwätzt iwwer dem Ben seng Vëlos-Carrière-Performancen. Heen éiert och de Ben als sportlechen a bescheidene Mënsch, dee bekannt ass fir eng exemplarsech a fair Diskussioun ze féieren.
De Ben GASTAUER seet och Merci fir déi vill schéi Wieder, déi ausgeschwat goufen a seet och der Famill, sengen Traineren, Sponsoren an dem Schëfflenger Fanclub villmools Merci fir hir moralesch a finanziell Ënnerstëtzung a schenkt der Schëfflenger Gemeng säin AG2R-Tricot vum Tour-de-France 2014. D’Equipe hat och dëst Joer eng Podiumsplaz kritt.
Als Unerkennung fir seng Leeschtungen iwwerreecht de Roland SCHREINER dem Ben eng Auer mat enger Widmung a senger Fra Aude e schéine Bouquet Blummen.
Jean-Paul BRAQUET, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Ben GASTAUER, Famill GASTAUER, Albert KALMES, Alain KOCKHANS, Jean REGENWETTER, Romain RINCK, Roland SCHREINER, Roger THULL, Paul WEIMERSKIRCH

Feier 25 Joer Prenzebierg
Datum: 10/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 56:08

10/10/2014 25 Joer Feier vum Prënzebierg (56:08)
De Buergermeeschter a President Roberto TRAVERSINI hält d’Erëffnungsried am Hal vum 1535° zu Déifferdeng. Hee seet och dat d’Jacqueline WEIS-ANSAY an de Jean-Marie MOUSEL scho 25 Joer derbäi sinn.
D’Ministesch Corinne CAHEN schwätzt iwwer déi gutt Zesummenaarbecht vun de 4 Gemengen: Déifferdeng, Péiteng, Bascharage a Kënzeg. Si seet och der Éierepresidentin Marie-Josée SCHAEFFER-THILL villmools Merci fir déi laangjäreg Zesummenaarbecht mat der Jugend am Club Senior vum Prënzebierg.
Duerno kënnt e Sketch mat 4 Persounen, wou et ëm de Länner-Sproocheproblem zwëschent de Leit an enger Krankheet vum Haaptacteur (Jean-Marc CALDERONI) geet.
Den Direkter Jean-Marie MOUSEL hält eng Gedenkminutt fir déi fréier Memberen an erzielt dat et 1989 am Nidderkuerer Altersheim ënnert dem Minister Jean SPAUTZ an der Éierepresidentin: Marie-Josée SCHAEFFER-THILL ugefaangen huet, dat d’Senioren sech versammelt hunn, fir zesummen Nomëtteger mateneen ze verbréngen.
1994 haten dann déi 4 Gemenge 45 Memberen an 1998 gouf de Servior gegrënnt an de Club Senior Prënzebierg asbl Déifferdang benannt. 2004 koum do och nach Suessem/Bieles der­bäi an 2009 war d’20-Joresfeier. Hee seet alle Leit, villmools Merci, déi bis dohin ëmmer besser geschafft hunn.
Am 3. Deel war eng Virliesung vu 4 eelere Leit aus dem Nico Helminger sengem Buch: Erënnerungen, wou och Leit aus dem Publikum sech u verschidde Saachen a Leit erënnert hunn. D’Lidd: … vum Weier, gouf zesumme gesongen an den Arthur … huet se um Harmonium begleet.
E kléngen Ausschnëtt aus dem amcis-Film: Reportage 25 Joer Prënzebierg (10/04/2014) gouf gespillt. Do gesäit een e bësschen d’Aktivitéite vum Club Senior vum Prënzebierg: Bingo, Petanque, Turnen, Computer & Handy-Coursen, Keelespillen, Segway, Vitarium a Rees mam Marie-Astrid op der Musel.
De Jubiläums-Dag gouf mat engem Patt, Schneekereien, Musek an Danz ofgeschloss.
Corinne CAHEN, Jean-Marc CALDERONI, Georges ENGEL, Jean-Paul HEINEN, Jean-Marie MOUSEL, Marie-Josée SCHAEFFER-THILL, Roberto TRAVERSINI, Jacqueline WEIS-ANSAY

Melusina a Ritter Siegfried
Datum: 01/08/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:55

Melusina a Ritter Siegfried
en Uropféierung vun der Schlaooestrëpp vun
der Schëfflenger Musek, am Kader vum Europafestival 2014.
Dëse Musical a01/08/2014ss komponéiert ginn vum Eric Gherardi

Senioreninfodag zu Schëffleng
Datum: 17/07/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:52

17/07/2014 Senioreninfodag zu Schëffleng (23:51)
Am Zelt op der Gemengeplaz zu Schëffleng fënnt ee verschidden Associatiounen, déi deenen eelere Leit weisen, wat fir Hëllefs-Méiglechkeeten do sinn, wann et am Liewen net méi esou gutt geet: Stëftung Hëllef doheem, Héier-Apparat Kind, Laboratoires réunis fir Diabetiker, Help fir doheem gehollef ze kréien, eng Gesellschaft déi sech fir Alzheimer-Patienten asetzt, Telicse fir Alarm-Anlagen a sécher Schlëssel-Këschten oder Damp-Melder, Camille fir begleeten Hëllef doheem an ënnerwee, Newlook: Lieshëllefen a Luppen, Firma Felten: Spezial-Schung, Protheesen a Kretschen, Maison du Diabèthe: Ënnerstëtzung fir e méi gesond Liewen, Omega 90: Palliativ-Hëllef, E Buttek: deen alles ausser Medikamenter huet, rbs-Center: fir Altersfroen, Club-Haus beim Kiosk: Verschidde Club-Aktivitéiten, Senioresécherheetsberoder: an alle Gebieter an d’Pompjeeë vu Schëffleng

Nationalfeierdag 2014
Datum: 22/06/2014
Jahr: 2014
Dauer: 27:32

22/06/2014 Virowend vum Nationalfeierdag 2014 (27:32)
Am Chouer vun der Schëfflenger Kierch spillt d’HMS ënnert der Leedung vum Dirigent Klaus DEMMLER, de Wilhelmus an de Kierchechouer sengt déi aaner Stroofen aus dem Nik. Welter sengem Lidd.
De Paschtouer François TERZER, ëmginn vun de Club-Fändelen begréisst d’Leit an d’Sonnerie Nationale gespillt vun 2 Trompette begleet vun der HMS mecht de Schluss mat der National-Hymne.
De Cortège ugeféiert vun der Musek bewegt sech duerch d’Stroossen vu Schëffleng iwwer d’Gemengeplaz bei déi extra opgeriichte Bühn vum “Schëfflenger Fest”.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER ëmginn vum Gemengerot seet all de Leit Merci vir hier Präsenz an seet dat Schëffleng ≈9.500 Awunner, ±100 Veräiner, 1.000 Schouelkanner, 39% vun de Leit déi eng auslännesch Nationalitéit aus 74 Natiounen huet. Heen ass och stolz op déi Schëfflenger Sportler déi och am Ausland schon Medaille gewonnen hunn. Hee seet: Den Nationalfeierdag ass a bleift fir eis e ganz besonneschen Dag. Mir feieren den Dag vun eiser klenger Natioun, déi fräi an eegestänneg ass. Eis Eegestännegkeet an eis Fräiheet hu mer eis viru 70 Joer erëm erkämpft, a well mer erfuer hunn, wat et heescht, onfräi ze sinn, a vill vun eise Leit fir dës Wäerter bereet waren, hiert Liewen ze
afferen, sollte mer och haut nach hinne mat Respekt géintiwwer stoen. Eisem Grand-Duc Henri a senger Famill wënsche mer op dësem Dag alles Guddes fir d’Zukunft an e weidert erfollegräicht Schaffen am Déngscht vun eiser Natioun.
Elo ass d’Iwwerreechung vun 5 Medaillen an d’HMS spillt an d’Leit sangen d’Heemecht.

We are looking for you!

Scroll to Top