Video archive

After selecting the filters, please click on Refresh
Auereverdeelung 2016
Datum: 28/01/2016
Jahr: 2016
Dauer: 25:39

28/01/2016 Auereverdeelung 2016 zu Schëffleng (25:39)
De Buergermeeschter Roland SCHREINER an de Gemengerot begréisst d’Leit am RIT fir 8 Gemenge-Beamten an -Aarbechter fir hiert Schaffe vun 20 Joer mat enger gëllener Auer ze belounen.
Heen bréngt an Erënnerung dat virun 20 Joer an der Welt an am Lëtzebuerger Land geschitt war. Zu Schëffleng war d’Nelly Stein Buergermeeschter, Schëffleng hat 7.046 Awunner, 80 Leit hunn op der Gemeng geschafft asw.
Geéiert an eng gëllen Auer kruten: Maria Enrike Elmeida ???, José FELITI, Marie-Jeanne GOBILLOT, Charles GRETHEN, Jean Claude MANTERNACH, Alain PALUCCA.
De Jeannot BAUSCH an d’Isabelle HARTERT verzichten op déi gëllen Auer a maachen an der Plaz en Don un “Schëffleng hëlleft”.
Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Fränz GOBILLOT, Albert KALMES, Sven KILL, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH

Seniorefeier 2015
Datum: 11/12/2015
Jahr: 2015
Dauer: 21:19

11/12/2015 Seniorefeier zu Schëffleng 2015 (21:19)
Am Hall Polyvalent zu Schëffleng spillt de Jeannot CONTER an d’Lisa MARIOTTO, séngt Chrëschtlidder. De President vun der Senioren-Kommissioun Pierrot FEIEREISEN wënscht eng schéi Seniorefeier souwéi e schéine Chrëscht- a Neijoerschdag. De Buergermeeschter Roland SCHREINER schléisst sech dëse Wënsch un, schwätzt awer iwwer den Terrorismus an der Welt an erzielt wat dës Joer zu Schëffleng realiséiert gouf an dat d’Schëfflenger Gemeng mam Nohaltegkeets-Präis zu Leipzig ausgezeechent goufen.
D’Meedercher vum Turnveräin “Le travail Schifflange” weisen e puer ageprouften Turn- an Danzübungen.
Jeannot CONTER, Fabienne DIEDERICH, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Fernand GILLEN, Lisa MARIOTTO, Victor MERENS, Roland SCHREINER

Vernissage Ausstellung Nico Hienckes
Datum: 27/11/2015
Jahr: 2015
Dauer: 20:04

27/11/2015 Ausstellung: Armoire, mémoire, histoire (20:04)
Zu Biekerech an der Galerie du Moulin, soll eng Biller-Ausstellung vum Moler Nico HIENCKES opgemaach ginn, awer et sinn keng Biller do. – Am Eck steht en aale Schaaf. – Am Sketch freet de Fons Ruppert sech haart fir wat dat esou ass.
Do fänkt den aale Schaaf (Denise Ruppert) un seng Liewensgeschicht ze erzielen.
Et hu gespillt: Denise & Fons RUPPERT – vum Kabaret Peffermill(ch)en

Soirée des Lauréats 2015
Datum: 11/11/2015
Jahr: 2015
Dauer: 25:59

11/11/2015 Soirée des Lauréats 2015 (25:59)
An der Salle Gr.-Duc Jean op der Schëfflenger Gemeng ass de President vun der Sport-, Kultur- a Fräizäit-Kommissioun Yves MARCHI frou, fir verschidde Membere vun 13 Veräiner ze éieren, déi d’lescht Saison gutt Resultater erreecht hunn.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER seet och alle Laureaten an de Veräiner Merci fir hier Leeschtung an dat d’Gemeng hinnen ëmmer hëllefe géif, dass si dat nach laang maache kënnen.
De Marc BIMMERMANN publizéiert a verdeelt d’Diplomer un déi verschidde Veräiner.
Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Albert KALMES, Carlo LECUIT, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, an Paul WEIMERSKIRCH

100 Joer Société Avicole
Datum: 10/11/2015
Jahr: 2015
Dauer: 40:06

10/11/2015 100 Joer Société Avicole (40:06)
De Vice-Präsident …… vum Schëfflenger Klengdéiere-Veräin huet déi offiziell Erëffnung vun der Honnertjäreger Ausstellung am Hall Polyvalent zu Schëffleng gemaach, well de President Armand SCHROEDER kierzlech verstuerwen ass. Éierepresident ass de 50-järege President Raymond REMI – Sekretär de Marcel FRIESEISEN a Keessjee de Charel KOLMESCH.
Den Ausstellungs-Präsident Guy FEHR erkläert dat 400 Déieren ausgestallt goufen an déi Super-Entrée vun der Firma “Mon Jardin” gemaach ass.
Den neie U.S.A.L.-Verbandspresident Christophe HANSEN, erzielt dat de Veräi vun der Schëff lenger Klengdéieren-Zuucht am Krichsjoer 1916 vum Nic GRUBER am deemolege Bistro Bofferding (haut Pizzeria “Beim Toni”) gegrënnt gouf. – 2009 war den 1. Spuedestéch fir Zuucht-Anlag op dem Terrain vum Camille Heintz.
D’Madame Christiane SCHOPP (Drusenheim) entschëllegt de President Jean-Paul
SCHOPP a liest e Bréif fir, deen un de Comité an un d’Membere vum Schëff lenger Club geriicht ass.
De Buergermeeschter a President vum Organisatiouns-Kommitee Roland SCHREINER schwätzt iwwer de Sënn vun enger Klengdéieren-Ziichterei am 1. Weltkrich.
De Landwirtschaftsminister Fernand ETGEN, lueft déi schéin Ausstellung vun den 2 Klengdéiere-Veräiner Schëff leng an Drusenheim.
De Roger JAEGER, mécht d’Präisverdeelung un déi verschidden Ziichter.
Duerno kommen nach Interviewe mam Lex Kraus (President vun der “Société Avicole Kayl”), Aly KOCKHANS (Präisriichter Gefligel), Christiane SCHOPP (“Société Avicole Drusenheim”), Remi WALDBILLIG (“Société Avicole Schifflange”) a Paul SCHMOETTEN (Präisriichter Gefligel)
Sylvie ANDRICH-DUVAL, Roby BERKES, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Fernand ETGEN, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Marcel FRIESEISEN, Nicolas FRISCH, Christophe HANSEN, Camille HEINTZ, Raymond HOPP, Roger JAEGER, Albert KALMES, Sven KILL, Aly KOCKHANS, Charel KOLMESCH, Lex KRAUS, Astrid LULLING, Victor MERENS, Raymond REMI, Paul SCHMOETTEN, Christiane SCHOPP, Jean-Paul SCHOPP, Roland SCHREINER, Paul SCHROEDER, Remi WALDBILLIG, Simone WENZEL-MOND

Ferriminera Festival 2015
Datum: 30/10/2015
Jahr: 2015
Dauer: 47:44

30/10/2015 Ferriminera Festival 2015 (47:44)
An der Allerhellege-Vakanz war et esouwäit: Vum 30. Oktober bis de 7. November gouf déi 1. Editioun vum FERRIMINERA-ARTS-FESTIVAL, den an engem elegante Spigel-Zelt op der Gr.-D. Charlotte-Plaz ofgehale gouf. Et war e Festival fir Jonker tëschent 12 a 26 Joer, déi sech fir 18 Konscht-Atelieren an engem ofwiesslungsräichem Owesprogramm aschreiwe konnten.
De President vun der Jugendkommissioun Sven KILL entschëllegt de Buergermeeschter Roland SCHREINER, deen e bëssche méi spéit kënnt a seet dat Ferriminera eng grouss Bedeitung an der Geschicht huet an dat et hiert Ziel wär 8 verschidde Konschtatelieren ofzehalen, wou sech schonn 32 Jonker gemellt hunn. E grousse Merci seet en der Gemeng, ouni déi et net méiglech gewiescht wier, awer och 12 Veräiner déi hir gratis Ënnerstëtzung zougesot hunn.
Um Programm ass dëst:
Concert mat der Jugendgrupp aus der HMS, ënnert der Leedung vum Eric GHERARDI.
Fotografie (Photo Club Schëffleng)
Schmidden (Hephaistos-Brudderschaft)
Danzen Hip Hop (CND Luxembourg)
Bande Dessinée (facebook.com: Jack Zazzera)
Poetry-Slam (org. Géisskan-Kollektiv)
Danzen Hip Hop (CND Luxembourg)
Monophona (www.monophona.com)
Patrick Rodrigues (www.facebook.com/patrickrodrigues.art)
Graffiti (www.fatcap.com/artist/stick.html)
Kachen (fir de Jazz Buffet)
Jazz Buffet (mat 4Squartet)
Bande Dessinée (facebook.com: Jack Zazzera)
Danzen Modern Jazz (CND Luxembourg)
Black Pearl Inks (www.facebook.com/blackpearlinks)
Zero Point 5 (www.myspace.com/zeropoint5)
Schlussfeier
Interviewe mam President vun der Jugendkommissioun: Sven KILL an Nickie LIPPERT (Service fir Jugend a Chancegläichheet)
Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Norbert CARL, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Sven KILL, Nickie LIPPERT, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH

Aweiung Maison Relais op Hudelen
Datum: 28/10/2015
Jahr: 2015
Dauer: 32:42

28/10/2015 Aweiung Maison Relais op Huddelen (32:42)
D’Tricolor-Bändchen gëtt duerchgeschnidden a verdeelt. D’Kanner forméieren no villem Gedréins a Gedanz e Saz: “Maison Relais Schifflange”.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER begréisst d’Leit an erzielt, dat se 5. Mee 2014 den 1. Spuedestéch gemaach haten an dat de 15. September 2015 dës nei Schoul mat Spillplazen op gemaach gouf.
Flavio BECCA, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Albert KALMES, Sven KILL, Carlo LEQUIT, Claude MEISCH, Victor MERENS, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Guy SPANIER, Marc SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH

Neo Sportinfrastrukture fir Lydie Schmit Schoul
Datum: 23/10/2015
Jahr: 2015
Dauer: 27:19

23/10/2015 Aweiung vun der neier Piscine (:)
An der Lydie Schmit-Schoul gëtt den Tricolor-Bändchen duerchgeschnidden an d’Gäscht ginn déi nei Schwämm an den Turnsall ukucken.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER begréisst d’Leit an entschëllegt de Chantier vum modernen Ausbau, deen 2 Joer laang gedauert huet. Haut besichen 137 Kanner déi 1913 gebaute Schoul, wou och elo e Lift agebaut gouf.
De Sportminister Romain SCHNEIDER begréisst d’Leit a fënnt dat dee modernen Ubau gegléckt ass am Sënn fir de Sport an d’Gesondheet vun de Kanner.
Christiane BIEWER, Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Lull CLEMENT, Ad. DEVILLE, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Albert KALMES, Sven KILL, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Victor MERENS, Romain SCHNEIDER, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Guy SPANIER, Jean SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH

Fête de l’intégration 2015
Datum: 20/09/2015
Jahr: 2015
Dauer: 18:07

20/09/2015 Fête de l’Intégration 2015 (18:07)
Op der Bün vun der Schëfflenger Gemengeplaz danzt a musizéiert eng Grupp vun auslännesche Bierger.
Bei guddem Wieder begréisst de President vun der Integratiouns-Kommissioun Guy FEHR d’Leit an och déi auslännesch Bierger.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER mat de Kolleegen aus dem Gemengerot an aus der Integratiouns-Kommissioun ass frou fir mat alle Leit déi do sinn dat 10. Integratiouns-Fest feieren ze kënnen. D’Stänn an de kulturellen Deel gouf vun 13 verschidden Associatiounen opgebaut an organiséiert. 40% vun eiser Populatioun ass net Lëtzebuerger Bierger a sinn aus 75 verschidden Natiounen.
D’Harmonie Municipale vu Schëffleng spillt ënner der Direktioun vum Klaus DEMMLER, an der Musek “Pipes and Drums” vu Gréiwemaacher.
Fir d’Kanner war e Sprangschlass an eng Rutschbunn opgeriicht ginn.
Alix BETTENDORF, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Albert KALMES, Victor MERENS, Roby SCHADECK, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH

Bavaria München, ons Vakanz zu Pertisau
Datum: 01/09/2015
Jahr: 2015
Dauer: 18:14

01/09/2015 Bavaria a Pertisau (18:14)
Extraiten aus Filmer, déi bei de BAVARIA-Studioen / München gedréint goufen an Trickaufnahmen mat eise Memberen. Duerno eng Foto-Show vun den amcis-Memberen zu Pertisau (Éisträich).

Vakanzaktivitéiten 2015
Datum: 15/07/2015
Jahr: 2015
Dauer: 23:39

15/07/2015 Vakanz-Nomëtteger 2015 (23:39)
Kürzlich unterhielten wir uns mit Nickie LIPPERT, der Verantwortlichen des Chancengleichheits- und Jugendbüros, das sich in dem Bahnhofsgebäude befindet über die Vielfalt der Ferien-Aktivitäten, z.B. Modell-Segelflieger, Kamellen-Atelier, Kunst-Atelier, Parc Le’h Aventures, Kochen und Backen. Interviews mit Sarah COLLIGNON über Themen-Park, Abschlussfeier und Zukunftsprogramme.

IVV Schëffleng 2015
Datum: 26/06/2015
Jahr: 2015
Dauer: 27:00

26/06/2015 2. Internationale IVV-Vollekstrëppeltour (Club des randonneurs)
vun de “Schëfflenger Globetrotters” (27:00)
Fort gung et beim Hall Polyvalent zu Schëffleng. Ronn 40 Frënn a Kollegen haten sech un den Organisatiouns-Aarbechten bedeelegt. Dëst Joer goufen et 50 Trëppelveräiner zu Lëtzebuerg an dëse Veräin ass 2014 gegrënnt ginn.
Interviewen mat der Presidentin vun de Schëfflenger Globetrotters: Lydie EICHER, dem President vun der Lëtzebuerger IVV-Federatioun: Romain BUSCHMANN a 495 Persounen aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland, déi un de 6 km, 12 km oder 20 km deelgeholl hunn.

Nationalfeierdag 2015
Datum: 22/06/2015
Jahr: 2015
Dauer: 26:04

22/06/2015 Te Deum vum Nationalfeierdag 2015 zu Schëffleng (26:04)
Um ganz verreenten Dag seet de Buergermeeschter Roland SCHREINER an der Kierch, dass de Cortège leider wiederbedéngt ausfale muss an déi offiziell Rieden ënner de Stäiler vun der Gemeng ofgehale ginn.
De Paschtouer François TERZER hält seng Nationaldags-Ried a liest e Gedicht vum Louis
Aragon fir: “La Rose et le Réséda”. Duerno sangen a spillen de Kierchechouer an d.Minettsrousen begleet vun der HMS d’Nationalhymne dirigéiert vum ….
Alix BETTENDORF, Jean-Paul BRAQUET, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Sven KILL, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Guy SPANIER, Jean SPAUTZ, François TERZER, Paul WEIMERSKIRCH

Nuit du sport
Datum: 22/05/2015
Jahr: 2015
Dauer: 10:00

22/05/2015 Nuit du Sport (09:59)
Dieses Jahr beteiligte sich die Jugendkommission unserer Gemeinde mit Hilfe der lokalen Vereine an der “Nuit du Sport”, eine nationale Initiative, die darauf zielt, Jugendliche für Sport zu begeistern. – Diese verschiedenen Sportateliers fanden auf dem Gemeindeplatz, beim und im Hall Polyvalent statt:
• Schachspiel mit grossen Figuren (Schachklub)
• Bodykicker (Amicale des Jeunes F.C. Schëffleng 95)
• Kistenstapeln (Centre d’intervention Schifflange)
• Geocaching (Jugendkommissioun)
• Kletterwand (Maison des Jeunes)
• Longboard (Freestyle-Crew SNJ / De geckegen Iesel)
• Boxen
• Tischtennis (Dëschtennis Schëffleng)
• Rollstuhlbasket (Luxrollers)
• Trampolin und Zumba (Société Gymnastique “Le travail Schifflange”)
• Nachtwanderung: (Schëfflenger Globetrotters)
Rund 300 (!) Teilnehmer nahmen an den verschiedenen Sportaktivitäten teil.

Info Job Day zu Schëffleng
Datum: 20/05/2015
Jahr: 2015
Dauer: 24:12

20/05/2015 Info Job Day zu Schëffleng 2015 (24:11)
Et ass déi 1. Kéier, dass am Hall Polyvalent zu Schëffleng e kommunale “Job-Info Day” ofgehale gëtt, deen der Jugend weise soll, wéi vill Méiglechkeeten et an der Schoul- a Beruffsausbildung, souwéi am Benevolat sinn. Dëst gouf vun der Schëfflenger Jugendkommissioun mat der Hëllef vum “Service à l’Egalité des Chances et de la Jeunesse” a mam “Service National de la Jeunesse” organiséiert.
Dës iwwer 30 kommunal, staatlech a privat Betriber hate matgemaach:
ADEM (agence pour le développement de l’emploi), Lycée technique hôtelier Alexis-Heck – Dikrech, ALJ (Action Locale pour Jeunes), Orientation Professionnelle, Anelo.lu,
Lëtzebuerger Arméi, Garage Binsfeld – Schëffleng an Déifferdeng, Centre d’Intervention Schëffleng, de Buedemleeër, Coiffure Alain Kockhans, DuPont Tyvek – Pantex, Décorcenter by Geimer, Henri Gilson (chauffage – sanitaire) Schëffleng, Handsup, Husky, Association Luxembourgeoise des Instructeurs de Natation, Administration Communale de Schifflange – Service urbanisme & Développement durable – Secrétariat communal, Constantin Jacques – atelier de menuiserie, Taxi Maia – Taxi et Minibus, Telicse Schëffleng (système d’alarme et d’électricité générale), Zolid (ingénieurs-conseil Schifflange), BIL (Banque Internationale à Luxembourg), Police, Atelier Zoom2Choose, Service de la Jeunesse a Schëfflenger Jugendkommissioun.
4 Virstellungsgespréicher a Form vu Sketcher goufen opgefouert, wou d’Jugend huet misse soe wat besser wär.
Interviewe goufe gemaach mat de Vertrieder: C. TOMPERS, Yves BINSFELD, Eric RINCK, mam President vun der Jugendkommissioun Sven KILL an Nickie LIPPERT, souwéi dem Buergermeeschter Roland SCHREINER, dee frou ass, dat esou vill Betriber dës Kéier matgemaach hunn.
Marc BIMMERMANN, Jérôme COURTOY, Fabienne DIEDERICH, Carlo FEIEREISEN, Sven KILL, Alain KOCKHANS, Nickie LIPPERT, Roland SCHREINER, Guy SPANIER

Diplomer fir Babysitter zu Schëffleng
Datum: 20/04/2015
Jahr: 2015
Dauer: 10:04

20/04/2015 Diplomiwwerreeschung Babysittercouren zu Schëffleng (10:04)
Wie im Vorjahr hatte die Gemeinde Schifflingen auch heuer einen Babysitterkursus in enger Zusammenarbeit mit der „Initiativ Liewensufank“ organisiert. Nicht weniger als 38 Jugendliche nahmen an diesem Kursus teil. In Anwesenheit von verschiedenen Mitgliedern des Schöffen- und Gemeinderats konnte Schöffe Paul WEIMERSKIRCH die Diplome an die Jugendlichen aushändigen. Um die Koordinaten der Babysitter zu erfahren, bitten wir Sie, sich bei der Beauftragten für Chancengleichheit und Jugend, Nickie LIPPERT zu melden. Frau Lippert verfügt ebenfalls über eine Liste mit Tagesmüttern, die über eine Berechtigung vom Ministerium für Erziehung, Kindheit und Jugend verfügen.

Remise des diplômes de securisme 2015
Datum: 01/04/2015
Jahr: 2015
Dauer: 19:11

01/04/2015 Éischt Hëllef Diplomer zu Schëffleng (19:11)
Am 18. März 2015 fand die Überreichung der Erste-Hilfe-Diplome im Rahmen einer kleinen Feier in der “Salle Grand-Duc Jean” statt. Nicht weniger als 35 Einwohner aus Schifflingen und Umgebung nahmen in der Zeit vom 1. Oktober 2014 bis zum 28. Februar
2015 an den wöchentlichen Kursen der “Protection Civile” unter der Leitung der Instruktoren Danièle MOLLING-SPENNER und STEVE EHMANN teil. Während dem Erste-Hilfe-Kursus lernen die Teilnehmer die ersten Handgriffe, welche im Ernstfall oft entscheidend sind. Die Diplome wurden von Bürgermeister Roland SCHREINER an folgende Teilnehmer überreicht: Agius Franck, Bekrar Melinda, Berg Fabienne, Besch Thierry, Charlé Eric, Clees Benjamin, Da Re Daniela, Da Rocha Tiffany, Gobber-Reyland Juliette, Herzog Géraldine, Herzog Rebecca, Hielscher Nadine, Jacinto Michaela, Jacinto Rodrigues Daniela, Jannizzi Roberto, Jost Anne, Jost Jean-Paul, Kayser Jenny, Keup Lynn, Lima Silva Jessica, Madariaga David, Martin Manon, Matteagi Kenzo, Meurisse-Pleim Carmen, Meurisse Corinne, Nonnweiler Nancy, Paulus-Hammer Conny, Peiffer Sandy, Rotondano Aurélie, Rotondano Estelle, Ruffato Coryse, Staltari Jessica, Tintorri Letizia, Troes-Corti Sandra und Veliqi Albina.

E Bam fir all neigebuerent Kand vun 2014
Datum: 27/03/2015
Jahr: 2015
Dauer: 09:24

27/03/2015 E Bam fir al neigebuerent Kand (09:24)
An der Wiss bei der Albert Wingert-Schoul explizéiert den Aloyse HOFFMANN, wou d’Läecher fir d’Beem musse gemaach ginn. Den Ëmweltspezialist Guy SPANIER erkläert de Leit wéi a wo d’Uebstbäm solle geplanzt ginn. De Buergermeeschter Roland SCHREINER an seng 2 Schäffe Paul WEIMERSKIRCH an Carlo FEIEREISEN, emfänken d’Elteren vun den 38 Kanner déi 2014 op der Gemeng als Neigebueren (108) ugemellt goufen. Dest ass schon déi 18. Planzaktioun vun Uebst-Bämmercher a bis elo sinn 350 Uebst-Beem a -Sträicher op verschiddene Plaazen zu Schëffleng gesat ginn.
Marc BIMMERMANN, Gaby BRUCH-FORSTER, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Aloyse HOFFMANN, Sébastien KOHN, Jean-Claude OLINGER, Roland SCHREINER, Guy SPANIER, Paul WEIMERSKIRCH

We are looking for you!

Scroll to Top