Video archive

After selecting the filters, please click on Refresh
Exposition Avicole Schifflange – Drusenheim
Datum: 25/10/2013
Jahr: 2013
Dauer: 21:55

25/10/2013 Exposition Avicole Schifflange – Drusenheim (21:55)
Et wor eng Ausstellung mat Präis-Verdeelung vun dem Schëfflenger an dem Drusenheimer Klengdéiere-Veräin, déi am Hall Polyvalent ofgehale gouf.
Geschwat hunn:
Den Här Armand SCHROEDER, Präsident vun der Schëff lenger Klengdéieren-Zuucht
D’Madame Sylvie ANDRICH-DUVAL, Präsidentin vum Organisatiounscomité
Den Här Pol SCHMOETTEN, Präsident vun der U.S.A.L.
D’Iwwerreechung vum Éiereband gouf gemaach duerch de Félix WILDSCHÜTZ (Vertrieder fir de Minis ter Romain SCHNEIDER) an dem Carlo FEIEREISEN, Schäffe vun der Stad Schëffleng.
D’Iwwerreechung vun de Coupen duerch de Roger JAEGER, Keessjee vun der Schëff lenger Klengdéieren-Zuucht.
Sylvie ANDRICH-DUVAL, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Claude FRIESEISEN, Marcel FRIESEISEN, Aloyse HOFFMANN, Luc JAEGER, Roger JAEGER, Carlo LEQUIT, Roger OLINGER, Raymond REMI, Roby SCHADECK, Pol SCHMOETTEN, Armand SCHROEDER, Simone WENZEL-MOND, Félix WILDSCHÜTZ

Neue Transportwagen für unsere Rettungsdienste
Datum: 09/10/2013
Jahr: 2013
Dauer: 15:05

09/10/2013 Neue Transportwagen für unsere Rettungsdienste (15:05)
Kürzlich erhielt unsere Feuerwehr einen neuen Mannschaftstransportwagen (MTW), der 8 Personen Platz bietet. Dieser neue MTW ist auf dem neuesten Stand der Technik und er setzt zwei alte Fahrzeuge, die mittlerweile 14, beziehungsweise 15 Jahre alt waren.
Am 9. Oktober 2013 überreichte Bürgermeister Roland SCHREINER im Beisein der beiden Schöffen Paul WEIMERSKIRCH und Carlo FEIEREISEN und mehreren Gemeinderatsmitgliedern offiziell die Schlüssel an den Kommandanten der lokalen Feuerwehr, Roby BERKES, und wies auf die Wichtigkeit hin, unsere Rettungskräfte immer mit dem bestmöglichen Material auszustatten.
Roby BERKES bedankte sich seinerseits im Namen der Feuerwehr bei Bürgermeister Roland Schreiner für die große Unterstützung seitens der Gemeinde, ehe er den anwesenden Gästen das neue Fahrzeug im Detail präsentierte.
Der Kostenpunkt des neuen MTW beläuft sich auf 60.000.- Euro und wurde integral von der Gemeinde übernommen.
Bei derselben Gelegenheit wurde ebenfalls der neue Kommandowagen der “Protection Civile” offiziell vorgestellt. Dieses Fahrzeug ermöglicht es den Verantwortlichen, schnellst möglich an den Einsatzort zu gelangen, um sofort mit der Einsatzleitung beginnen zu können.
Der Direktor der “Protection Civile”, Herr FEIDER, überreichte dem Centerchef, Fränz GOBILLOT, die Schlüssel. Dieses Fahrzeug wurde integral vom Staat finanziert.
Roby BERKES, Jean-Paul BRAQUET, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Carlo FEIEREISEN, Jérôme COURTOY, Josy DAHM, Michel FEIDER, Fränz GOBILLOT, Albert KALMES, Sven KILL, Carlo LEQUIT, Yves MARCHI, Victor MERENS, Roland SCHREINER, Jean SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH, Albert WELTER, Simone WENZEL-MOND, Jean WEYRICH

Salisarium zu Schëffleng
Datum: 07/10/2013
Jahr: 2013
Dauer: 04:37

07/10/2013 Salisarium zu Schëffleng (04:37)
De Responsabelen …???, vun der Schwemm erkläert, wéi de Salarium an d’Sauna funktionéiert a wéi d’Besuchszäite sinn.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER erkläert, wéi et gaangen ass, bis d’Gemeng dann dat Ganzt mam Schwammmeeschter an d’Hand geholl hunn.
Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Albert KALMES, Jean PIRSCH, Roland SCHREINER, Carlo FEIEREISEN, Victor MERENS, Paul WEIMERSKIRCH

Fête de l’intégration 2013
Datum: 22/09/2013
Jahr: 2013
Dauer: 12:40

22/09/2013 Fête de l’Intégration (12:40)
De Präsident Guy FEHR mécht d’Ouverture vum Schëfflenger Volleksfest. Et ass schonn déi 8. Kéier, dat dëst ofgehale gëtt.
Duerno huet de Buergermeeschter Roland SCHREINER d’Wuert a begréisst d’Leit. Heen seet dat Schëffleng 74 verschidden Nationalitéiten huet an dass déi Einheimesch duerch dës Fest, d’Geleeënheet hunn d’Kultur an d’Gebräicher vun deene Länner kennen ze léieren an och ze schmaachen.
Verschidde Museken, Dänz a Truechte gi virgedroen.
Jean-Paul BRAQUET, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Roland HOFERLIN, Albert KALMES, Fred LUA, Yves MARCHI, Roland SCHREINER, Camille SCHÜTZ, Paul WEIMERSKIRCH

Europa Festival 2013
Datum: 15/07/2013
Jahr: 2013
Dauer: 1:53:47

15/07/2013 “European Peoples’ Festival” zu Schëffleng (Lëtzebuerg) (1’53:47)
Den Eurofestival zu Schëffleng stoung ënner dem Motto: “all toghether now”.
Dës Länner hu matgemaach: Belsch, Däitschland, Dänemark, Finnland, Frank räich, Irland, Italien, Lettland, Lëtzebuerg, Litauen, Portugal, Schottland, Spuenien an Ungarn.
Sport: Basketball, Dëschtennis, Fun Sport, Fussball, Petanque, Rallye an Tennis.
Kultur: Bühnenoptrëtt vun allen Delegatiounen, Kachen, Molconcours, Fotosconcours a Stroossentheater. – Gewonn hat: Bad Segeberg.

Ovatioun Marc Spautz
Datum: 04/06/2013
Jahr: 2013
Dauer: 37:01

04/06/2013 Ovatioun Marc Spautz (37:01)
Als Optakt vun der Ovatioun vum Marc SPAUTZ, spillt de Jugendgrupp vun der HMS ënnert der Direktioun vum Eric GHERARDI am Sall Gr.D. Jean.
D’Präsidentin Juliette CAPUTO-JOHANNS an d’Comités-Membere vum S.I. si frou, dat si des Éierung konnten organiséieren. Si freeën sech awer och, dat esou vill Vertrieder vun de Schëffleng Clubben, den Éiere-Minister Jean SPAUTZ an d’Ministere Félix EISCHEN a Michel WOLTER komm sinn. – Duerno kënnt eng Opzielung vum Geéierte sengem Liewenslaf bis de 27. Abrëll 2013, wou heen duerch eng Ëmstellung vun der Regierung duerch de Jean-Claude JUNCKER proposéiert a vum Gr.D. Jean den 30. Abrëll 2013 vereedegt gëtt.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER schléisst sech dëse Wieder un a wënscht dem Kolleeg Marc all Guddes an eng glécklech Hand fir säin neie Posten.
Den nei-ernannte Schëfflenger Minister Marc SPAUTZ, ëmgi vun der ganzer Famill seet och all Mënsch Merci fir hiert Kommen an deelt och e spezielle Merci aus un déi Leit, déi him am Liewen zu dëser Plaz gehollef hunn. Dësweideren denkt en och u seng Famill, déi munchmol wärend dëser Zäit vill Verstees-de-mech opbruecht hunn.
– 2 – 2013
D’Präsidentin Juliette CAPUTO-JOHANNS verréit, dat de Paul WEIMERSKIRCH de Marc als Schäffen an den Yves MARCHI de Paul am Gemengerot ersetzt.
De Syndicat d’Initiative éiert awer och de Buergermeeschter Roland SCHREINER, deen elo schonn 10 Joer laang dëse Gemenge-Posten huet.
Robi BERKES, Jean-Paul BRAQUET, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Jérôme COURTOY, Josy DAHM, Félix EISCHEN, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Pierrot FEIEREISEN, Nic. FRISCH, Eric GHERARDI, Gilbert GLIEDNER, Carlo LEQUIT, Jean PIRSCH, Nico REHLINGER, Roby SCHADECK, Pol SCHMOETTEN, Roland SCHREINER, Jean SPAUTZ, Marc SPAUTZ, Anita WAGNER, Pierrot WAGNER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND a Michel WOLTER

Opening 150 Joer Schëffleng
Datum: 06/07/2026
Jahr: 2026
Dauer: 49:11

De 6. Juli 2026, huet d’Gemeng Schëffleng seng 150 Joer gefeiert – e symbolkräftegen Datum, mat deem e ganzt Jubiläumsjoer ageleet gëtt. Dëse besonnesche Gebuertsdag huet eng wonnerbar Geleeënheet gebueden, fir zesummen op 150 Joer Onofhängegkeet zeréckzekucken an dëst bedeitend Kapitel vun eiser Gemengengeschicht ze feieren.

De Carlo Feiereisen, Buergermeeschter vu Schëffleng, huet d’Evenement lancéiert. Uschléissend hunn de Paul Weimerskirch, Éierebuergermeeschter, de Jérôme Courtoy, Historiker, an den Inneminister Léon Gloden d’Wuert ergraff. Moderéiert gouf dat ganzt Evenement vum Kany Touré an den Andrea Galletti huet mat senger Stëmm a Gittar fir eng gefillsvoll musikalesch Begleedung gesuergt.

Nieft de Ministeren an Deputéiert aus dem Südbezierk, dem Gemengerot an eisen Éierebuergermeeschteren, waren och sëlleg aner Invitéeën um Rendez-vous: d’Buergermeeschtere vun den Nopeschgemengen, eng Delegatioun vun Drusenheim, de Comité „150 Joer Schëffleng“, d’Schëfflenger Veräiner esouwéi d’Responsabel vun de Gemengeservicer.

Dës symbolkräfteg Feier huet Schëffleng vereent an e staarke Startschoss fir e bedeitungsvollt Jubiläumsjoer gesat.

Virowend vum Nationalfeierdag 2026 zu Schëffleng
Datum: 22/06/2026
Jahr: 2026
Dauer: 18:58

Virowend vum Nationalfeierdag 2026 zu Schëffleng

Ausstellung “Maler” vum Jo a Gilles
Datum: 07/06/2026
Jahr: 2026
Dauer: 22:50

Ausstellung “Maler” vum Jo a Gilles

Nuit du sport zu Schëffleng
Datum: 06/06/2026
Jahr: 2026
Dauer: 03:42

Nuit du Sport zu Schëffleng – ee richtege Succès

De 6. Juni 2026 huet zu Schëffleng d’Nuit du Sport stattfonnt. Trotz net idealem Wieder war d’Nuit du Sport ee richtege Succès a vill Leit waren hei um Rendez-vous fir nei Sportaarten ze probéieren an dat mat vill Freed a Motivation. Déi grouss Diversitéit vu sportlechen Aktivitéiten huet garantéiert, datt fir jiddereen eppes dobäi war.

Dëst Joer konnten d’Participant·inn·en och un enger All Style Hip-Hop Battle deelhuelen déi zesumme mat der asbl Art in Motion organiséiert ginn ass. Iwwert fënnef Ronne sinn d’Dänzer·inne géinteneen ugetrueden an hunn dem Publikum an der internationaler Jury gewise, wat si konnten.

D’Nuit du Sport huet erëm gewisen, datt Sport net nëmmen eng Aktivitéit ass, mee e Liewensstil, dee Spaass mécht, zesummebréngt an nei Horizonter opmécht. Mir freeën eis schonns op déi nächst Editioun!

Strongman Cup zu Schëffleng
Datum: 30/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 14:41

Sidd Dir prett fir déi ganz staark Athleten? Da kommt op déi alleréischt Strongman-Competitioun zu Schëffleng. De Wildhogs Strongman Cup an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëffleng fënnt de Samschden, den 30. Mee vun 10:00 bis 17:00 Auer um Parking vum Hall Polyvalent statt.

An zwou Gewiichtsklasse ginn déi beschte Kraaftsportler gesicht. D’Athleten trieden a fënnef ënnerschiddlechen Disziplinne géinteneen un: Camion-Zéien, Deadlift, Overhead, Sandbag Loading an Atlas Stone Battle. Den Entrée ass gratis.
De Jeannot Clement huet Interview mam Nadia Baustert,Benny Wagner a Philip Michel gemaach.

Triplette organiséiert vun der Kriibshëllef an der Péta-Boules vu Schëffleng
Datum: 23/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 08:15

Triplette organiséiert vun der Kriibshëllef an der Péta-Boules vu Schëffleng

Fraesport am Fokus
Datum: 24/01/2026
Jahr: 2026
Dauer: 47:26

Fraesport am Fokus

Am Kader vum internationale Fraesportsdag huet d’Gemeng Schëffleng de 24. Januar zu enger Diskussiounsronn mat Filmprojektioun zum Thema Fraesport invitéiert. Um Programm stoungen de Kuerzfilm „Little Miss Sumo“ an „Marinette“, d’Geschicht vun der Pionéierin vum franséische Fraefussball, Marinette Pichon.

De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet d’Participant·inne begréisst an direkt an d’Theema vum internationale Fraesportsdag agefouert. Zwar hätt sech an deene leschte Jore schonns vill verbessert, bis zu enger richteger Gläichberechtegung am Sport wier et awer nach e wäite Wee, esou de Buergermeeschter. Schëffleng wier houfreg, zënter der 1. Editioun vum Fraesportsdag zu Lëtzebuerg dobäi ze sinn. Dofir wier bei der 3. Editioun dëst Joer och de Programm ausgebaut ginn, esou de Carlo Feiereisen weider.

Et gouf op Initiative vun der Sportskommissioun och dëst Joer um 24. Januar erëm fräien Entrée fir Fraen (an hier Kanner) an d’Schwemm. Am Mëttelpunkt vum Fraesportdag zu Schëffleng stoung awer d’Diskussiounsronn an der Salle Grand Duc Jean vum Gemengenhaus. Moderéiert vun der fréierer CAS-Liichtathletin Kany Touré, hunn d’Nathalie Lamborelle (fréierer Proficyclistin, haut Sportsprofessorin a Präsidentin vum Schëfflenger Vëlosclub LP07), d’Christelle Diederich (Sportjournalistin am Tageblatt an zënter 2025 déi éischt Fra un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Sportpresseverband) an d’Emma Kremer (Foussball-Nationalspillerinnen) vun hiren Erfarungen erzielt. Esou hunn sech interessant Diskussiounen iwwert d’Problemer vum Fraesport am speziellen an iwwert säi Stellewäert an der Gesellschaft am Allgemengen entwéckelt, un deenen sech och d’Publikum intensiv bedeelegt huet.

Nei Bierger vu Schëffleng 2026
Datum: 05/02/2026
Jahr: 2026
Dauer: 16:28

Nei Bierger vu Schëffleng
De 5. Februar 2026 huet d’Gemeng Schëffleng déi nei Bierger·innen, déi tëscht dem 1. Januar 2025 an dem 31. Dezember 2025 zu Schëffleng ukomm sinn, op d’„Soirée de Bienvenue“ agelueden.

De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert d’Gemeng ginn, éier si duerno op e Patt invitéiert goufen. Wärend dësem gemittleche Moment haten d’Participanten d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen an hir Uleiesse virzebréngen.

Bei den Informatiounsstänn waren net nëmmen d’Servicer vun der Gemeng vertrueden, mee och bal 30 weider Stänn – dorënner Schëfflenger Sports- a Kulturveräiner souwéi aner Organisatiounen ewéi d’ASTI, den AMIF (Fonds Asile, Migration et Intégration), d’Maison Teranga, de Service BabyPlus an Télos Éducation –, wou d’Leit sech iwwert eng grouss Villfalt u Thematike konnten informéieren.

Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
Datum: 12/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 04:53

Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
IV Pierrot Feiereisen
Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, a Collaboratioun mat der Seniorekommissioun, war dëse speziellen Nomëtteg an enger häerzlecher a gemittlecher Atmosphär geduecht, fir zesummen d’Fréijoer ze feieren. Jidderee war häerzlech invitéiert, un dëser Feier deelzehuelen.

Trotz dem sonnegen, mee kale Wieder war d’Stëmmung wonnerbar: et gouf vill gelaacht, gepotert a gemeinsam genoss. Sou gouf d’Fréijoersfest zu engem wierklech flotte Moment fir all Generatioun.

Gymkana 1947 (Motocross)
Datum: 01/01/1947
Jahr: 1947
Dauer: 06:45

1947
01/01/1947
Gymkana 1947 (Motocross)
(06:45)
Geschécklechkeetsfueren mam Motor um Fussballsterrain a Course d’Automobiles.
De 16 mm-Film gouf 2014 vun den AMCIS digitaliséiert a vertount.

Weltgebetstag
Datum: 05/03/2021
Jahr: 2021
Dauer: 56:03

Weltgebetstag

Ovatioun fir de Marc Spautz
Datum: 06/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 15:22

Ovatioun fir de Marc Spautz organiséiert vum SIT Schëffleng

We are looking for you!

Scroll to Top