Video archive

After selecting the filters, please click on Refresh
100 Joer le Travail Schëffleng
Datum: 01/12/2002
Jahr: 2002
Dauer: 1:15:37

01/12/2002 100 Joer “Le Travail” Schëffleng (1’15:37)
09.03-10.03-2002: “Championnats individueles – Gymnastique générale FLGYM”
Opmarsch vun den Turner an den Turnerinnen aus dem ganze Land am Hall Polyvalent zu Schëffleng.
Déi verschidden Turn-Übungen: Barren, Reng, Päerd, Stufen-Barren, Schwiewbalken a Buedem-Turnen
16.03.2002: “Coupes de Consolation FLGYM”
17.03.2002: “Coupes des Jeunes – Finales FLGYM”
President vum Turnverband: Marc ZANUSSI an Éiremember vum Turnverband: Jemp ZERBATO.
13.04.2002: “Gala Gymnique”
Vice-President: Jean-Claude THILL
Turnen an Danzen op d’Musek – Turnen un de Geräter
04.-05.05.2002: “Championnat des sections FLGYM”
– 2 – 2002
Buedem-Turnen
Opmarsch vun den Equippen: Le Travail, Union Diddeleng, Espérance Esch, Gym Bouneweg, Réveil Beetebuerg an Flic-Flac Déifferdeng, ënnert der Opsiicht vum Fred LUA. Lëtzebuerger Turn-Federatioun: Gaby André.
01.06.2002: “Street Gym” an der Liberatiounsstrooss zu Schëffleng
Turnen an Danzen – Organisatiouns-President: Roland SCHREINER
16.06.2002: 27. “Fête de la Joie du Bassin Minier” um “The Nationals” Fussballterrain Turnen, Sprangen a Lafen
Den Organisatiouns-President: Roland SCHREINER hält d’Schlussried a Presenz vun: President vum Turnverband: Marc ZANUSSI, Guy FEHR an Raymond HOPP.
La Liberté Nidderkuer, La Courageuse Péiteng, Etoile Rëmleng, Athletico Stengefort an Le Travail Schëffleng.
19/09/2002: Séance Académique
Organisatiouns-President: Roland SCHREINER
De Jean HANSEN erzielt iwwer d’Geschicht vum Veräin.
President vum Turnverband: Marc ZANUSSI
President vum Veräin: Jean SPAUTZ
Madame Buerger meeschter Nelly STEIN ernimmt besonnesch: Jemp ZERBATO, Idette CATTIVELLI an Heng WEIWERT.
Ministerin
Riedner ?
Christiane BACK, Norbert CARL, Romain CARL, Idette CATTIVELLI, Lull CLEMENT, Jérôme COURTOY, Ettes DEVAQUET, Gerry DIEDERICH, Claudine FEIEREISEN, Jean FEITLER, Nic. FRISCH, Gilbert GLIEDNER, Josy HANSEN, John HEINTZ, Roland HOFERLIN, Aloyse HOFFMANN, Sven KILL, Nadine KUHN-METZ, Gusty KUNEMANN, Fred LUA, Astrid LULLING, Yves MARCHI, Malou METZ-THIMMESCH, Jean-Paul MOLITOR, Jean PIRSCH, Jean-Claude OLINGER, Nicolas SAX, Marc SPAUTZ, Pierrot WAGNER, Paul WEIMERSKIRCH, Heng WEIWERT, Mady WEIWERT,
21/10/2002: Assemblée Générale 1902-2002
40 Joer Jean Spautz
50 Joer Jemp Zerbato
Chamberpresident a President vum Veräin: Jean SPAUTZ, Buerger meeschter Nelly STEIN, Éirepresident Jemp ZERBATO an Organisatiouns-President: Roland SCHREINER.
20/12/2002: Vernissage Expo 100
Photoausstellung – Coupe – Fändel 41e anniversaire 1967 – Aloyse Kayser *1874-†1926, Grënnungsmember an 1. Moniteur vum Schëfflenger Turnveräin – 1. Fändel 1904 (Meris)
21/12/2002: Gala du Centenaire
Organisatiouns-President: Roland SCHREINER
– 3 – 2002
Turnen an Danzen op d’Musek an der Schëfflenger Sportshal
22/12/2002: Buffet du Centenaire am Haus Fernandes zu Schëffleng
Mme Hengesch, Jean SPAUTZ, Marc SPAUTZ, Nelly STEIN a Marc ZANUSSI.
Lithographie: Gaby

Kommunioun zu Schëffleng 1996
Datum: 14/04/1996
Jahr: 1996
Dauer: 1:49:00

14/04/1996 Kommioun zu Schëffleng 1996 (1’49:00)
D’Kanner ginn an der voll besater Sankt-Martins-Kierch opgestallt. De Paschtouer Raymond STREVELER heescht all Mënsch wëllkomm an de Kierchechouer huet um Duxall Plaz geholl. D’komplett Kommiouns-Mass mat alle Lidder a Gebieder. D’Kanner schenken de Schoulmeeschter an de Schoulmeeschterinnen eng Blumm a ginn zur Kierch eraus.

Kommunioun Cortège 1996
Datum: 14/04/1996
Jahr: 1996
Dauer: 16:13

14/04/1996 Kommiouns-Cortège 1996 (14:21)
De Cortège huet sech bei der Albert Wingert-Schoul opgestallt a goung duerch d’Haaptstrooss Richtung Sankt-Martins-Kierch. Virop d’Pompjeeën, d’HMS-Musek, Guiden a Scouten, de Paschtouer Raymond STREVELER mat de Massendénger, d’Kommiounskanner mat de Schoulmeeschter an de Schoulmeeschterinnen, souwéi déi zou gehéierend Familljen.

Diplomer Sekuristen 1996
Datum: 14/03/1996
Jahr: 1996
Dauer: 16:02

14/03/1996 Diplomer Sekuristen 1996 (16:02)
D’Buergermeeschtesch Nelly STEIN an de Schäffe Roland SCHREINER empfänken d’Sekuristen a maache gläich e Gruppe-Bild mat alle Leit. D’Buergermeeschtesch lueft déi fräiwëlleg Sekuristen, déi wärend 4 Méint 1 Mol an der Woch a Course komm sinn. De Vertrieder vum Direkter vun der Protection Civile dréckt de Wonsch aus, dat si sech an den Déngscht vun hinne stelle sollen.

Kavalkad zu Schëffleng 1996
Datum: 18/02/1996
Jahr: 1996
Dauer: 16:12

18/02/1996 Kavalkad zu Schëffleng 1996 (16:12)
Den A.A.F.C. Folklorama seng d’Fues-Kavalkad goung bei der Albert Wingert-Schoul fort duerch d’Stroossen vu Schëffleng. Et ware 39 Gesellschaften (Foussgruppen, Museken a gerëschte Fuesween) ënnerwee. Als leschte Won, koum den A.A.F.C. Folklorama säi Fueswon an d’Leit déi Heem gungen.

Gala Concert HMS
Datum: 27/03/1993
Jahr: 1993
Dauer: 13:05

27/03/1993 Gala Concert HMS (13:05)
De Concert an der Sportshal zu Schëffleng, gëtt vum President …. ….vun der HMS-Musek duerch d’Begréissung ageleet.
De John Heinz seet d’Musek-Stécker un.
Der Dirigent war: Jean-Pierre HARTERT

Kalvakad 1993
Datum: 21/02/1993
Jahr: 1993
Dauer: 27:25

21/02/1993 Kavalkad zu Schëffleng 1993 (27:25)
Den A.A.F.C. Folklorama hat d’Fues-Kavalkad ënnert Motto “Alles e Märchen” gestallt. Bei Schnéi a Ree goung et lass bei der Albert Wingert Schoul. Et ware 34 Gesellschaften (Foussgruppen, Museken a gerëschte Fuesween) duerch ganz Schëffleng ënnerwee. Nom A.A.F.C. Folklorama Fueswon huet d’Kiermaschinn ganz Schëffleng gebotzt.

Kapesetzung Schëffleng 1992
Datum: 14/03/1992
Jahr: 1992
Dauer: 3:30:56

14/03/1992
Kapesëtzung
(3’30:56)
5. Grouss Kapesëtzung vum A.A.F.C. Folklorama Schëffleng am Hal Polyvalent.
Ët hu matgemaach:
Ed Beck,
Nancy Beck,
Pierrot Bey,
Fred Ewald,
Roger Fisch,
Eddes Hilbert,
Nico Koch,
Claude Lannen,
Jean-Claude Metz,
Malou Metz,
Mady Picard,
Nico Rehlinger,
Léi …,
José …,
Musek: Jeannot Conter,

Garage Binsfeld
Datum: 02/05/1989
Jahr: 1989
Dauer: 07:05

Garage Binsfeld

Séng Flicht gemaach
Datum: 29/04/1989
Jahr: 1989
Dauer: 10:25

29/04/1989
Séng Flicht gemaach . . . – AMCIS Video
(10:00)
De Schëfflenger Cineaste-Veräin huet de 29/04/1989 um 37. National Concours vun der FGDCA zu Walfer deelgeholl. Et waren 8 Filmer gemellt. Den AMCIS-Film koum net ënnert déi 3 Éischt.
Eng Camionnette bleift stoen an et gëtt en Dännebeemchen ofgeseet. Chrëschtdag ass ugesot. Cadeauen a Spillsaache sinn an de Butteker. Eng Famill geet op déi Escher Brillplaz, fir sech e Beemchen erauszesichen an ze kafen. Doheem gëtt de Beemche mat Bullen a Lametta gerëscht. Hiert Meedche baut d’Krëppchen op. D’Boma an de Bopa kommen op Besuch. Den Aperitif gëtt zerwéiert an d’ Cadeaue verdeelt an ausgepaakt. Et gëtt Eppes giess. E puer Deeg drop gëtt erëm alles agepaakt an ewech geraumt. De Beemche flitt zur Fënster eraus.
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.

en ass platt
Datum: 24/04/1983
Jahr: 1983
Dauer: 07:30

24/04/1983
En ass platt – AMCIS Video
(07:30)
De Schëfflenger Cineaste-Veräin huet de 24/04/1983 um 31. National Concours vun der FGDCA an der Fondatioun J.P. Pescatore zu Lëtzebuerg deelgeholl. Et waren 10 Filmer gemellt.
E Meedche steet op der Strooss a mëscht Autostopp, well et e Platten huet. Seng Mall ass op, awer et dauert wéi laang, bis een Auto stoe bleift. De Mann gëtt gewuer dat d’Meedchen nach ni e Rad gewiesselt huet. Den Auto gëtt an d’Luucht geschrauft an d’Rad ersat. Dem Mann gefält d’Meedchen an hee fänkt un ze dreemen a gesäit sech d’Meedchen ze verféieren. Et tut an dem Mann säin Dram ass fäerdeg. – D’Meedche wëll och kéng Aventure mat him an erwächt säi Kolleeg, deen hannen am Auto geschlof huet.
Gespillt hunn:
d’Meedchen: Malou IMMLER
de Mann: Änder HOFFMANN
de Kolleeg: Nico SAX
D’Iddi war vum Jean-Claude METZ
Gefilmt haten: Jean-Claude METZ an Nikla SAX
Titelen: Roby RIES
Geschnidden: Jacques REISDORF a Gilbert BERNARDINI
Toun: Jos KLEIN a Roger HANSEN
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.

Le mur
Datum: 17/10/1982
Jahr: 1982
Dauer: 04:01

17/10/1982
Le mur – AMCIS Video
(04:00)
De Schëfflenger Cinéaste-Veräin huet de 17/10/1982 um Spezial Concours ënner dem Thema “le mur” zur Geleeënheet vum 30. Gebuertsdag vun der FGDCA an der Fondatioun J.P. Pescatore zu Lëtzebuerg deelgeholl a krut den 2. Präis vu 4 gemellte Filmer.
Autoe komme parken a Leit ginn zu enger Dier an der Mauer eran. Et kommen och nach Foussgänger, déi do eraginn. Op der Dier hänkt e Schëld: “Camp de Nudiste – Club privé”. E Mann wëll och do eran, mä d’Dier ass zou. Hee versicht fir iwwer d’Mauer ze kucken. Ëmsoss! E klénge Bouf kënnt ëm den Eck an zitt eng Zill aus der Mauer, fir ze kucken.
Gespillt hunn:
Antoinette CLAUS
Myriam OESTREICHER
Anita SCHUSTER
Christiane TARPANI
Marc HANSEN
Änder HOFFMANN
Jos KLEIN
Josy TARPANI
Zenario: Roger HANSEN – Jean-Claude METZ – Nikla SAX
Gefilmt haten: Gilbert BERNARDINI a Robert RIES
Regie: Jean-Pierre KAYSER
Dëse Film gouf am Januar 2013 op DVD digitaliséiert.

Manger 5 octobre 1975
Datum: 05/10/1975
Jahr: 1975
Dauer: 10:35

05/10/1975
Manger 5 octobre 1975
(10:35)
Eng Pasta am Café ˝beim Madly˝ zu Esch an der Brillstrooss.
D’Kolleege:
Raymond BENZONI
Gilbert BERNARDINI
Roger HANSEN
Elisabeth KELLER
Christophe KLEIN
Jos. KLEIN
Eugène KLINSKY
Nico MOLITOR
Fred MASSARD
Robert RIES
Toni RUFFINI
Marco SALENTINI
Gefilmt hunn: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.

l’Astuce
Datum: 16/06/1974
Jahr: 1974
Dauer: 05:55

16/06/1974
l’Astuce – IRIS-FILM
(05:55)
Eng Fra gëtt am Park iwwerfall. – Den Täter leeft fort. 3 Geheimpolicë sinn op der Sich nom Täter, dee scho méi laang opgefall ass. D’Policen haten eng Spuer, mä si hunn alles misse beweise kënnen. D’Fra huet hier Posch absichtlech an der Wiss leie gelooss, fir der Police säi Portefeuille ze klauen. Dee begleet d’Fra op de Bus, wou eng aner Police mat era klëmmt. De Bus fiert fort an de Police-Auto hëlt déi beklaute Police eran. Duerno kréien si gesot, wéini a wou d’Fra erausklëmmt. – D’Fra geet Heem. Hire Mann waart scho ganz ongedëlleg op si.
Am Portefeuille fannen si eng Visittekaart vun der beklaute Police. – De Mann wëllt sech mat der geklauter Wuer aus dem Stëbs maachen, mä do schellen déi zwou Policë schonn un der Dier. D’Madame geet opmaachen, awer scho sinn se dobannen a leeën de Mann flaach op de Buedem. D’Fal ass zougaangen, déi 2 gi verhaft.
Et hu gespillt:
D’Madame: Elisabeth KELLER
de Mann: Jos. KLEIN
d’beklaute Police: Robert Henri RIES
d’Police mam Auto: Roger HANSEN
d’Police am Bus: Toni RUFFINI
Gefilmt huet de Gilbert BERNARDINI
Dëse Film gouf am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.

Der Sonntag
Datum: 16/06/1974
Jahr: 1974
Dauer: 23:38

16/06/1974
Der Sonntag – chronos-film
(20:00)
De 16.06.1974 kritt de Groupe “chronos-film” mam Film: Der Sonntag (20’00) um Nationalconcours zu Esch-Uelzecht déi Sëlwer-Medaile. Et waren 18 Filmer gemellt. Op der UNICA zu Köln, gouf et keng Auszeechnung fir d’Lëtzebuerger.
Dëse Film weist, wat esou alles Sonndes am Summer geschitt:
Blesséiert op der Strooss, Picknick um Camping, Spadséieren an der Natur, Gymnastik um Camping, Hämmelsmarsch vun der Stadmusek, Béierdrénken op der Place d’Armes, Spadséieren an der Stad Lëtzebuerg, Fuere mam Auto oder Bus, de Kierchegang, Keelespillen am Bistro, Déieren déi iwwerrannt ginn, Iesse goen, gemittlech am Gaart sëtzen, d’Emissioun vum Hei Elei, Fëmmen bis den Äschebecher iwwerleeft, Schaffen um Feld, Motocross zu Ettelbréck, Stockcar-Rennen, Besuch op der Schueberfouer, Raschten an der Natur, Tennisspillen, Pann am Verkéier, Fussball, Aarbecht op der Schmelz, Raumen um Dreckstipp asw.
Dréibuch a Regie: Gaston ROLLINGER
Kamera a Schnëtt: Jean-Pierre EHMANN
Toun a Layout: Robert Henri RIES
Mask: Théo MANGEN
Produktioun: Jean-Pierre EHMANN
Et hu matgemaach:
Christiaan DIRVEN, Gustave WERER, Jacqueline ROBEN, Jan OSTING, Petra HEINRICHS, Marcel CHILLON, Henri GELHAUSEN.
E spezielle Merci un den “Centre de Protection Civile” vu Lëntgen.
Dëse 16mm-Film gouf am Januar 2014 op DVD digitaliséiert.

Rêve d’enfants
Datum: 19/04/1982
Jahr: 1982
Dauer: 07:06

19/04/1982
Rêve d’enfants – IRIS-FILM
(07:06)
E klénge Jong spillt e kriminelle Cowboy an dreemt vun engem Iwwerfall op eng National Bank bis en dout ass.
Gespillt huet: de Rouven KIRTZ
Gefilmt huet: de Jos. KLEIN
Montage: Gilbert BERNARDINI
Titelen a Musek: Robert RIES

Droits de l’homme
Datum: 28/05/1972
Jahr: 1972
Dauer: 04:39

Droits de l’homme – IRIS-FILM
(04:39)
En Autostopper setzt op der Strooss a gëtt vun 2 Männer an engem Auto matgeholl. Ënnerwee gëtt den Autostopper mat Chloroform entschlof, an an d’Haus geschleeft a komplett geschuer. … E weidere Kandidat mat villen Hoer setzt op der Strooss.
Gespillt huet:
den Autostopper: Jos. KLEIN
de Chauffeur: Roger HANSEN
de Bäifuerer: Robert RIES
deen anere Kandidat: Toni RUFFINI
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI
Dës Filmer goufen am Januar 2014 vun 8mm op DVD digitaliséiert a vertount.

1. Mee 1972
Datum: 01/05/1972
Jahr: 1972
Dauer: 07:02

01/05/1972
1. Mee 1972/73 – IRIS-FILM
(07:01)
D’Kolleegen aus dem Quartier Grenz/Hiehl feieren den 1. Mee beim Chalet am Ellergrond mam Café “beim Madly” aus der Escher Brillstrooss.
Gefilmt huet: Gilbert BERNARDINI a Jos. KLEIN

We are looking for you!

Scroll to Top