Video archive

After selecting the filters, please click on Refresh
Eierung fir den Ben Gaustauer
Datum: 13/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:41

13/10/2014 Éierung fir de Ben Gastauer (23:40)
D’Schëfflenger Gemeng hat de Vëlos-Profi Ben Gastauer a seng Famill a Frënn vum Vëlosport op eng Éierung vun denger professioneller Carrière an d’Salle Gr.D. Jean op der Gemeng agelueden. De Buergermeeschter Roland SCHREINER hält d’Ufanks-Ried an erzielt wéi seng sportlech Leeschtungen sech lues a lues verbessert hunn, bis en dann als professionelle Vëlosfuerer dann dëst Joer als 21. am Tour-de-France zu Paräis ukomm ass.
Den FSCL-Präsident Jean REGENWETTER begréisst d’Leit a schwätzt iwwer dem Ben seng Vëlos-Carrière-Performancen. Heen éiert och de Ben als sportlechen a bescheidene Mënsch, dee bekannt ass fir eng exemplarsech a fair Diskussioun ze féieren.
De Ben GASTAUER seet och Merci fir déi vill schéi Wieder, déi ausgeschwat goufen a seet och der Famill, sengen Traineren, Sponsoren an dem Schëfflenger Fanclub villmools Merci fir hir moralesch a finanziell Ënnerstëtzung a schenkt der Schëfflenger Gemeng säin AG2R-Tricot vum Tour-de-France 2014. D’Equipe hat och dëst Joer eng Podiumsplaz kritt.
Als Unerkennung fir seng Leeschtungen iwwerreecht de Roland SCHREINER dem Ben eng Auer mat enger Widmung a senger Fra Aude e schéine Bouquet Blummen.
Jean-Paul BRAQUET, Idette CATTIVELLI, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Ben GASTAUER, Famill GASTAUER, Albert KALMES, Alain KOCKHANS, Jean REGENWETTER, Romain RINCK, Roland SCHREINER, Roger THULL, Paul WEIMERSKIRCH

Feier 25 Joer Prenzebierg
Datum: 10/10/2014
Jahr: 2014
Dauer: 56:08

10/10/2014 25 Joer Feier vum Prënzebierg (56:08)
De Buergermeeschter a President Roberto TRAVERSINI hält d’Erëffnungsried am Hal vum 1535° zu Déifferdeng. Hee seet och dat d’Jacqueline WEIS-ANSAY an de Jean-Marie MOUSEL scho 25 Joer derbäi sinn.
D’Ministesch Corinne CAHEN schwätzt iwwer déi gutt Zesummenaarbecht vun de 4 Gemengen: Déifferdeng, Péiteng, Bascharage a Kënzeg. Si seet och der Éierepresidentin Marie-Josée SCHAEFFER-THILL villmools Merci fir déi laangjäreg Zesummenaarbecht mat der Jugend am Club Senior vum Prënzebierg.
Duerno kënnt e Sketch mat 4 Persounen, wou et ëm de Länner-Sproocheproblem zwëschent de Leit an enger Krankheet vum Haaptacteur (Jean-Marc CALDERONI) geet.
Den Direkter Jean-Marie MOUSEL hält eng Gedenkminutt fir déi fréier Memberen an erzielt dat et 1989 am Nidderkuerer Altersheim ënnert dem Minister Jean SPAUTZ an der Éierepresidentin: Marie-Josée SCHAEFFER-THILL ugefaangen huet, dat d’Senioren sech versammelt hunn, fir zesummen Nomëtteger mateneen ze verbréngen.
1994 haten dann déi 4 Gemenge 45 Memberen an 1998 gouf de Servior gegrënnt an de Club Senior Prënzebierg asbl Déifferdang benannt. 2004 koum do och nach Suessem/Bieles der­bäi an 2009 war d’20-Joresfeier. Hee seet alle Leit, villmools Merci, déi bis dohin ëmmer besser geschafft hunn.
Am 3. Deel war eng Virliesung vu 4 eelere Leit aus dem Nico Helminger sengem Buch: Erënnerungen, wou och Leit aus dem Publikum sech u verschidde Saachen a Leit erënnert hunn. D’Lidd: … vum Weier, gouf zesumme gesongen an den Arthur … huet se um Harmonium begleet.
E kléngen Ausschnëtt aus dem amcis-Film: Reportage 25 Joer Prënzebierg (10/04/2014) gouf gespillt. Do gesäit een e bësschen d’Aktivitéite vum Club Senior vum Prënzebierg: Bingo, Petanque, Turnen, Computer & Handy-Coursen, Keelespillen, Segway, Vitarium a Rees mam Marie-Astrid op der Musel.
De Jubiläums-Dag gouf mat engem Patt, Schneekereien, Musek an Danz ofgeschloss.
Corinne CAHEN, Jean-Marc CALDERONI, Georges ENGEL, Jean-Paul HEINEN, Jean-Marie MOUSEL, Marie-Josée SCHAEFFER-THILL, Roberto TRAVERSINI, Jacqueline WEIS-ANSAY

Melusina a Ritter Siegfried
Datum: 01/08/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:55

Melusina a Ritter Siegfried
en Uropféierung vun der Schlaooestrëpp vun
der Schëfflenger Musek, am Kader vum Europafestival 2014.
Dëse Musical a01/08/2014ss komponéiert ginn vum Eric Gherardi

Senioreninfodag zu Schëffleng
Datum: 17/07/2014
Jahr: 2014
Dauer: 23:52

17/07/2014 Senioreninfodag zu Schëffleng (23:51)
Am Zelt op der Gemengeplaz zu Schëffleng fënnt ee verschidden Associatiounen, déi deenen eelere Leit weisen, wat fir Hëllefs-Méiglechkeeten do sinn, wann et am Liewen net méi esou gutt geet: Stëftung Hëllef doheem, Héier-Apparat Kind, Laboratoires réunis fir Diabetiker, Help fir doheem gehollef ze kréien, eng Gesellschaft déi sech fir Alzheimer-Patienten asetzt, Telicse fir Alarm-Anlagen a sécher Schlëssel-Këschten oder Damp-Melder, Camille fir begleeten Hëllef doheem an ënnerwee, Newlook: Lieshëllefen a Luppen, Firma Felten: Spezial-Schung, Protheesen a Kretschen, Maison du Diabèthe: Ënnerstëtzung fir e méi gesond Liewen, Omega 90: Palliativ-Hëllef, E Buttek: deen alles ausser Medikamenter huet, rbs-Center: fir Altersfroen, Club-Haus beim Kiosk: Verschidde Club-Aktivitéiten, Senioresécherheetsberoder: an alle Gebieter an d’Pompjeeë vu Schëffleng

Nationalfeierdag 2014
Datum: 22/06/2014
Jahr: 2014
Dauer: 27:32

22/06/2014 Virowend vum Nationalfeierdag 2014 (27:32)
Am Chouer vun der Schëfflenger Kierch spillt d’HMS ënnert der Leedung vum Dirigent Klaus DEMMLER, de Wilhelmus an de Kierchechouer sengt déi aaner Stroofen aus dem Nik. Welter sengem Lidd.
De Paschtouer François TERZER, ëmginn vun de Club-Fändelen begréisst d’Leit an d’Sonnerie Nationale gespillt vun 2 Trompette begleet vun der HMS mecht de Schluss mat der National-Hymne.
De Cortège ugeféiert vun der Musek bewegt sech duerch d’Stroossen vu Schëffleng iwwer d’Gemengeplaz bei déi extra opgeriichte Bühn vum “Schëfflenger Fest”.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER ëmginn vum Gemengerot seet all de Leit Merci vir hier Präsenz an seet dat Schëffleng ≈9.500 Awunner, ±100 Veräiner, 1.000 Schouelkanner, 39% vun de Leit déi eng auslännesch Nationalitéit aus 74 Natiounen huet. Heen ass och stolz op déi Schëfflenger Sportler déi och am Ausland schon Medaille gewonnen hunn. Hee seet: Den Nationalfeierdag ass a bleift fir eis e ganz besonneschen Dag. Mir feieren den Dag vun eiser klenger Natioun, déi fräi an eegestänneg ass. Eis Eegestännegkeet an eis Fräiheet hu mer eis viru 70 Joer erëm erkämpft, a well mer erfuer hunn, wat et heescht, onfräi ze sinn, a vill vun eise Leit fir dës Wäerter bereet waren, hiert Liewen ze
afferen, sollte mer och haut nach hinne mat Respekt géintiwwer stoen. Eisem Grand-Duc Henri a senger Famill wënsche mer op dësem Dag alles Guddes fir d’Zukunft an e weidert erfollegräicht Schaffen am Déngscht vun eiser Natioun.
Elo ass d’Iwwerreechung vun 5 Medaillen an d’HMS spillt an d’Leit sangen d’Heemecht.

Schëff’ART
Datum: 07/06/2014
Jahr: 2014
Dauer: 09:50

07/06/2014 Schëff’ART (09:49)
Op der Gemengeplaz empfänkt de Schäffe Paul WEIMERSKIRCH d’Präsidentin vum S.I. Juliette CAPUTO-JOHANNS. Dëst ass deen 2. Schëff’Art an et sinn net nëmme Schëfflenger Kënschtler, déi ausstellen.
De Schäffe Paul WEIMERSKIRCH, ass frou dat de Syndicat d’Initiative de Courage hat, fir dëst nach eng Kéier ze organiséieren, well et bréngt doduerch Konscht a Kënschtler op Schëffleng.
Kënschtler déi ausgestallt haten, waren: Do hunn ech e Problem mat de Nimm villäicht kann d’Lydie dat nokucken?
Frisch-Reuland Genie, Krier Sylvie, Johanns Mireille, Kremer Pierre, Kayl-Elvinger Christiane, Kessler-Willen Margot, Kemp-….
Gehollef haten: Handball, Elterevereenegung, Dammen Schëffleng 95, Sozialistesch Dammen, S.I. vu Schëffleng an den DJ Abbes.

Peffermil(ch)en Flunkerland
Datum: 10/04/2014
Jahr: 2014
Dauer: 2:12:24

07/03/2014 Flunkerland – Kabaretprogramm vun der Peffermill(ch)en (2’12:24)
opgeholl an der Abtei Neimünster am Gronn zu Lëtzebuerg
De lëtzebuerger Kabaret-Ensembel Peffermill[ch]en gouf 1989 gebuer an huet 16 Programmer gespillt, déi vu verschidden Auteuren geschriwwe goufen. 2014 soll mat Flunkerland hiere läeschten Optrëtt sinn.
Dëse Liddertext ass vum Guy Rewenig an d’Melodie vum Paul Dahm.
Wat drop ass: Entree – Vir-wieleges – Op Letzebuergesch! – Wéi hutt der gewielt? – Vir-wieleges – E Lëtzebuergermeeschter ouni Trema – SREL – Flunkerland – Spetzeldéngscht – Klenge Knaschtert – Wie stécht derhannert? – Tango korrupti – No-wieleges – In memoriam – Mäi leschte Lover – Bistros-Gespréich – Lueflidd op den Iesel – Dikrecher Ieselzechkeeten – Grillfest beim Bëschof – A Pensioun goe wéi en einfache Fonctionnaire – Flunkerland Kierchefinanzen – Bass de do? – Eis Schoul – Flunkerland – Faul Krediter – Ni méi op Tréier
– 2 – 2014
– Porno – Flunkerland Doping – Et geet elo duer! – Ausnahmezoustand – Geeschterfoussgänger – Sief dach korrekt – D’Miertchen-Dot – Ons Heemecht – revidéiert – De Juncker 1 – ‘t gi Leit, déi sinn sou formidable – De Juncker 2 – D’Moritat vum Mackie Juncker – De Juncker 3 – Dem Juncker säi Lidd – Konschtzeen zu Letzebuerg – Flunkerland Bommeleeër
Et hu gespillt: Josiane FRITZ, Monique REUTER, Denise RUPPERT a Fons RUPPERT
Um Piano: Pit DAHM
Op d’Bühn bruecht: Fons RUPPERT – Regieassistenz: Nadine CAUDRON-REISER

Planzaktioun vir eis Neigebuere vun 2013 zu Schëffleng
Datum: 24/04/2014
Jahr: 2014
Dauer: 07:37

24/04/2014 Planzaktioun fir eis Neigebuere vun 2013 (07:37)
An den “Hedingerstrachen” si mam Bagger Lächer gegruewe ginn an den Ëmweltspezialist Guy SPANIER erkläert, dat bei all Lach en Uebstbam steet, wou een d’Dëppe muss erofhuelen an dem Bam seng Féiss am Lach mat Buedem muss zoudecken.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER ëmgi vum Paul WEIMERSKIRCH, fënnt déi 17. flott Traditioun fir déi neigebuere Kanner wonnerbar. Bis elo si schonn 3 Bongerten entstanen an dës Kéier haten sech 30 Famillje vun 107 Kanner gemellt, déi 2013 gebuer goufen.

Reportage 25 Joer Prenzebierg
Datum: 10/04/2014
Jahr: 2014
Dauer: 35:45

10/04/2014 Reportage 25 Joer Prënzebierg (35:45)
Zesummeschnëtt vun ale Filmer aus de Joren 1989, 1994, 1998, 2001, 2008, 2009, 2010, 2011 an e Reportage vun den “Amateurs Cinéasten vu Schëffleng” mat engem Virwuert vum Direkter Jean-Marie MOUSEL a vum President Roberto TRAVERSINI, wou heen dem Ministère e grousse Merci seet, fir d’Ënnerstëtzung, déi si dem Club Senior Prënzebierg asbl Déifferdang ginn.
Aktivitéite vun Haut: Bingo, Petanque, Turnen, Computer- an Handy-Course, Keele spillen, Segway, Visite vum Vitarium an um Schëff Marie-Astrid.

Erste Hilfe Diplome Schifflange 2014
Datum: 31/03/2014
Jahr: 2014
Dauer: 12:55

31/03/2014 Éischthëllef-Diplomer zu Schëffleng (12:55)
Den Zenterchef François GOBILLOT stellt d’Perséinlechkeete fir déi do sinn a seet de neie Sekuriste villmools Merci fir hiert Kommen.
De vergaangene Cours vum 2. Oktober 2013 hat 53 interesséiert Leit, déi un der Coursë vun der Madamm Danielle MOLLING-SPENNER an dem Här Marcel ENGEL deelgeholl an och ofgeschloss hunn. Si si frou dat nach ëmmer Leit kommen, fir ze léieren, wéi een hëllefe kann, wann en Accident geschitt.
Den Här Jean KOSTER mécht e klengen Iwwerbléck, wat an engem Joer an den 1. Hëllef-Zenteren, bei der Protection Civile a bei de Pompjeeë geschafft gouf.
– 1 – 2014
D’Madamm Danielle MOLLING-SPENNER seet dat een an den Ambulancier-Coursen nach méi Detailer iwwer déi erweidert Technike léiere kann.
Och de Buergermeeschter Roland SCHREINER seet alle Leit villmools Merci an iwwerreecht mat engem grousse Merci d’Diplomer

Kavalkad 2014
Datum: 09/03/2014
Jahr: 2014
Dauer: 15:05

09/03/2014 Kavalkad Schëffleng (15:05)
Bei beschtem Wieder war erëm eng Kavalkad vum Folklorama an de Schëfflenger Stroossen. Dës Kéier mat 8 Museken, 14 Fouesgruppen an 15 gerëschte Ween.

Auereverdeelung 2014
Datum: 09/01/2014
Jahr: 2014
Dauer: 09:20

09/01/2014 Auereverdeelung (09:20)
Mitte Januar hatte der Schöffenrat verdienstvolles Personal, das schon seit zwei Jahrzehnten zum Staff gehört auf eine offizielle Feier ins “Centre Associatif Am Rit” eingeladen.
Im Laufe des Abends konnte Bürgermeister Roland SCHREINER, umgeben von den beiden Schöffen Paul WEIMERSKIRCH und Carlo FEIEREISEN, sowie mehreren Gemeinderats mitgliedern, Verdienstuhren an elf Personen überreichen:
Adeline Herkes-Linden, Reinigungskraft
Rita Linden, Reinigungskraft
Gérard Schalk, Redaktor
Marc Schmit, Elektriker
Rita Degano-Rischette, Grundschullehrerin
Alex Thiel, Grundschullehrer
Pascal Fantini, Feuerwehrmann
Marc Harsch, Feuerwehrmann
Annette Conrady, Mitglied der “Protection Civile”
Germaine Godart, Mitglied der “Protection Civile”
Christophe Nenno, Mitglied der “Protection Civile”.

E Baam neigebuerend Kand 2013
Datum: 27/05/2013
Jahr: 2013
Dauer: 07:16

27/05/2013 E Bam fir e neigebuerent Kand (07:17)
Den Ëmweltspezialist Guy SPANIER empfänkt déi ronn 40 Familljen, déi sech gemellt hunn, fir en Uebstbam am Areal vum Biergemer Wee ze planzen.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER ëmgi vum Paul WEIMERSKIRCH ass frou, dass trotz dem schlechte Wieder esou vill Leit vun 102 neigebuerent Kanner komm sinn. Hee wënscht de neie Bambesëtzer eng gutt Gesondheet an och de Beemercher (wou den Aloyse HOFFMANN responsabel ass) e gutt Gedeien.

Remise de diplômes aux nouveaux secouristes
Datum: 08/05/2013
Jahr: 2013
Dauer: 15:59

08/05/2013 Remise de diplômes aux nouveaux sécuristes (15:58)
Den Zenterchef François GOBILLOT empfänkt d’Leit a seet hinne villmools Merci, dat si sech fräiwëlleg an den Déngscht vun der 1. Hëllefsbereetschaft gestallt hunn.
Den 1. Hëllefsdéngscht-Verwaltungschef Guy BLEY seet dat ëmmer méi Leit deelhuelen an dat et ëmmer méi schwéier gëtt fir all interesséiert Leit unzehuelen. Et muss ee schonn eng gewëssen Zäit derbäi sinn, fir e kompletten Ofschloss-Examen ze maachen. – Bei den Zentercheffe kann een awer och verschidde Froe beäntwert kréien. E grousse Merci geet un Cours-Leederin Michèle WIELAND-KLEEBLATT, déi dat scho Jore laang mécht.
De Buergermeeschter Roland SCHREINER iwwerreecht mat engem grousse Merci d’Diplomer un all deelgehollen fräiwëlleg Persounen, déi elo liewensrette Geste maache kënnen.
Roby BERKES, Guy BLEY, Juliette CAPUTO-JOHANNS, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, François GOBILLOT, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH, Michèle WIELAND-KLEEBLATT

Lydie Schmit Schoul (Erënnerung un Lydie Schmit)
Datum: 08/04/2013
Jahr: 2013
Dauer: 13:46

08/04/2013 Lydie Schmit Schoul (Erënnerung Lydie Schmit) (13:46)
Bei schlechtem Wieder seet de Buergermeeschter Roland SCHREINER, dat déi sozialistesch Schëfflenger Politikerin Lydie SCHMIT viru 25 Joer gestuerwen ass. Zou hirer Erënnerung gëtt elo eng Éierungs-Plack ageweit op der Fassade vun der, de 17. Mee 1990 an hirem Numm ëmbenannter, aler Schoul. Si war eng “Grande Dame”, déi duerch hiert Engagement, Kampf fir Fräiheet, Fridden, Toleranz an Asaz fir manner bemëttelt Leit an eiser Gesellschaft gekämpft huet, bis si 1980 un d’Spëtzt vun der internationaler sozialistescher Frae-Vereenegung gewielt gouf. Och war si Vice-Präsidentin vun der internationaler Gewerkschaft ënnert dem Willy Brandt a koum 1984 an d’Europa-Parlament. Si war géint Atom-Waffen, awer eng staark Fraerechts-Verteidegerin, déi leider de 7. Abrëll 1988 gestuerwen ass. – Och invitéiert de Buergermeeschter d’Leit op de Vernissage, den 12. Abrëll, vun der Virstellung vun hirer Biographie an der Salle Gr.D. Jean an der Schëfflenger Gemeng.
No der devoiléierter Plack, goufe Schnittercher an engem Patt am Hall vun der Schoul zerwéiert.
Roby BERKES, Marc BIMMERMANN, Jean-Paul BRAQUET, Gaby BRUCH-FORSTER, Norbert CARL, Jérôme COURTOY, Guy FEHR, Pierrot FEIEREISEN, Raymond HOPP, Sven KILL, Victor MERENS, Jean PIRSCH, Roland SCHREINER, Paul WEIMERSKIRCH, Simone WENZEL-MOND

Kavalkad 2013
Datum: 17/02/2013
Jahr: 2013
Dauer: 11:23

17/02/2013 Kavalkad (11:23)
Déi 25. Folklorama-Kavalkad goung dëst Joer bei dréchenem Wieder iwwer d’Bün.
Déi 32 Gruppen, hunn sech aus Musiker, gerëschte Ween a Foussgruppen zesumme gesat.

Auereverdeelung 2013
Datum: 24/01/2013
Jahr: 2013
Dauer: 07:53

24/01/2013 Auereverdeelung (07:53)
De Buergermeeschter Roland SCHREINER seet senge 6 Mataarbechter e grousse Merci fir 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng.
Et sinn dëst: Mme Patrice Frisch, Mme Alice Da Silva, Mme Evelyne Roth-Dury, M. Joël Laran, M. Serge Kohnen an M. Serge Cattazzo.
Juliette CAPUTO-JOHANNS, Norbert CARL, Idette CATTIVELLI, Fabienne DIEDERICH, Guy FEHR, Carlo FEIEREISEN, Roland SCHREINER, Marc SPAUTZ, Paul WEIMERSKIRCH

Seniorefeier 2013
Datum: 13/12/2013
Jahr: 2013
Dauer: 06:34

13/12/2013 Seniorefeier zu Schëffleng (06:34)
De Präsident vun der Seniore-Kommissioun Pierrot FEIEREISEN an de Buergermeeschter Roland SCHREINER begréissen all invitéiert Seniore vu Schëffleng. Si wënschen och schéi Feierdeeg a vill Freed mam neie Chrëschtdags-Programm.
Den Owend trëtt e Lëtzebuerger Grupp op: Leider kennen ech se net, well ech net do war

We are looking for you!

Scroll to Top