Video Archiv

Ville fleurie 2025
Datum: 22/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 07:04

Ville fleurie 2025

Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng
Datum: 18/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 08:39

Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng

Diplomer Sproochecoursen zu Schëffleng
Datum: 02/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 08:56

Diplomer Sproochecoursen zu Schëffleng

Presentatioun vum Schëffen- a Gemengerot vu Schëffleng
Datum: 26/09/2025
Jahr: 2025
Dauer: 07:50

Presentatioun vum Schëffen- a Gemengerot vu Schëffleng

Streikgedenkfeier fir d’Affer vum Generalstreik vun 1942
Datum: 31/08/2025
Jahr: 2025
Dauer: 30:02

Monument zu Esch/Lalleng
Beim ArcelorMittal Portal op der Schëfflenger Schmelz tut et. Bei der Gedenkplaz vum
Streik vun 1942 spillt d’Schëfflenger Musek “Sonnerie aux Morts”.
De Schäfferot vu Schëffleng an Esch/Uelzecht, vertruede vum Nadine KUHN-METZ, Marc
SPAUTZ, Carlo Feiereisen a Pim Knaff verneige sech, duerno kommen eng Vertriedung vun
den “Enrôles de Force, ArcelorMittal an d’Gewerkschaftler.
den Alain GUENTHER seet alle Leit villmools Merci, dat se erëm komm sinn. Hien denkt
un all déi Leit, déi de Streik provozéiert haten a vun de Nazien ëmbruecht goufen.
Hien erënnert un de Konrad Olinger, wou den 2. September 1940 der “Volksdeutschen
Bewegung” bäigetruede wor, an Obmann hei um Site gouf. – Och wor en ongewielten
Delegéierte vun der “Deutschen Arbeitsfront” an huet alles gemaach, wat vun den
Okkupante gefuerdert an duerchgesat gouf: D’Aarbechts-Kolleege bespëtzelt a bei de
Nazien denoncéiert. Wéinst der Sabotage-Gefor (déi huet misse vermidde ginn) koum de 25.
Oktober 1940 de Befeel, dat alleguer d’ARBED’s-Aarbechter (±3000) der “Volksdeutschen
Bewegung” sollte bäitrieden. – 1323 Leit goufen do Member an hu misse bei all Mani –
festatioun vun de Nazien deelhuelen. Den Denis NETGEN (Schlesser vu Beruff) huet sech
geweigert. – Bei der Befreiung vum Land war de Konrad Olinger fir ëmmer verschwonnen.
Den CEO Pierre JACOBS vun ArcelorMittal och iwwer d’Affere vun dësem Streik a Krich,
wou 116 Granat-Treffer beim Beschéisse vun der Maginot-Line ongewollt op ARBEDSchëffleng gefall sinn. Hien biet d’Leit un si ze denken a seet dat mer mussen oppassen, dat
déi Zäit net ëmmer stabil bleift an dat mer mussen oppassen. Am Ukraine-Krich hunn och
erëm couragéiert Leit vun der Beleegschaft aus der Firma ArcelorMittal zu Krivyi Rih sech
gemellt fir hier Familljen an Heemecht ze verdeedegen. – Komm mir denken och un si.
De Carlo Feiereisen, neie Buergermeeschter vu Schëffleng begréisst de Minister Georges
MISCHO, Éiere-Chamberpresident Jean SPAUTZ, zukünftegen Éiere-Buergermeeschter
Paul WEIMERSKIRCH an all déi Leit déi um feste Gedenkdag vun eise Gemengen do sinn.
– Den Opruff zum Streik hunn 21 Leit mam Liewe bezuelt, 500 Mataarbechter waren dem
Appell nokomm an haten hire Posten op der Mëttesschicht verlooss. – 83 Joer nom Streik
muss de Kampf vun den Ideologien an de Wäerter géint d’Diktatur ëm dat wou een all Dag
muss kämpfen, dat dat net méi erëmkënnt, wat deemools war. – Mir wëlle bleiwe wat mir
sinn.
De Schäffe vun Esch-Uelzecht Pim KNAFF erënnert och un de Streik a seet dem
Schmelzaarbechter och Merci, dat si all Joer des Mémoire oprecht erhalen.
Monument am Parc Koullen zu Schëffleng
Beim Fräiheets-Denkmal am Park Léonie Koullen: Och hei geet d’Sireen an d’Schëfflenger
Musek spillt “Sonnerie aux Morts”. No dem Verneige vun de verschiddene Gremie beim
Denkmal gi mer op d’Gemeng an de Sall Grand-Duc Jean, wou al Plakaten aus der Zäit vum
Streik opgehaange sinn. Den neie Schëfflenger Buergermeeschter Carlo FEIEREISEN
schwätzt a kuerze Wieder iwwer déi Zäit vum Streik an dat d’Solidaritéit méi staark kann si
wéi d’Angscht virun der Ënnerdréckung – E Signal, wéi wichteg dat ass zesummen ze stoe
fir Fräiheet, Gerechtegkeet a Mënschlechkeet. Leider ass de Krich no 83 Joer an Europa
erëm ukomm. Et ass e Kampf an engem Konflikt zwëschent Westen an Osten. Demokratie
ass keng Garantie zwëschent Fräiheet a Fridden. De Streik soll eis ëmmer dorun erënneren.

Rees op de Bodensee
Datum: 28/07/2025
Jahr: 2025
Dauer: 14:40

Rees op de Bodensee

den Street-Food Festival an den ESC zu Schëffleng
Datum: 17/05/2025
Jahr: 2025
Dauer: 50:42

den Street-Food Festival an den ESC zu Schëffleng
Interpretin vum Lidd Laura Thorn
Komponist: Julien Salvia an Ludovic-Alexandre Vidal
den Text ass vun: Christophe Houssin, Julien Salvia an Ludovic-Alexandre Vidal

Rock am Park
Datum: 05/07/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:14:47

05/07/25 Rock am Park zu Beetebuerg (1’37:04) mat de Rieden
D’Harmonie Municipale Beetebuerg an d’Fanfare Sainte Cécile Hunchereng, Näerzeng a Fenneng haten op e gemeinsame Concert ënnert fräiem Himmel beim Kiosk am Park Jacquinot zu Beetebuerg invitéiert mat de Musekstécker:
00:08 Rock von der Küste – Santiano – / Arr.: Hans-Joachim Rogoll
11:05 Life on Mars – David Bowie / Arr.: Frank Bermaerts
16:53 What a Wonderful World – Louis Armstrong / Arr.: Heinz Briegel
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
21:11 Rock Mix – Bon Jovi / Arr.: Wolfgang Wössner
27:58 Euphoria – Thomas G-son & Peter Lars Boström / Arr.: Steve Walker
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
32:36 Music – John Miles / Arr.: Philip Sparke
Paus
39:08 So What – Miles Davis / Arr.: Erwin Jahreis
do seet de Steve Humbert: Den Text an och d’Musek, déi si geschriwwen
vum Max Martin, Alecia Moore a Johann Schuster
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
43:19 I am what I am – Jerry Herman / Arr.: Erwin Jahreis
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
– 7 – 2025
48:12 September, Boogie Wonderland, Fantaisie – Earth, Wind an Fire /
Arr.: Manfred Schneider
58:45 A Tribute to – Amy Whinehouse / Arr.: Peter Kleine Schaars
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
1’05:39 Hard Rock Dynamit: Walk This Way (Aerosmith), Come As You Are
(Nirvana), Was Made For Lovin You (Kiss) / Arr.: Markus Schenk
1’19:00 Let Me Entertain You – Robbie Williams / Arr.: Don Campbell
1’27:58 Happy Birthday to You – Stevie Wonder / Arr.: Ted Parson
1’32:33 I Will Survive – / Arr.: John Glenesk Mortimer
Soliste: Françoise Schütz-Zeimes
De Concert gouf dirigéiert vum: Nico Eich a Steve Humbert
Rockband: Gontran Poirot (E-Guitar) oder Pit Colling ???
Claude Zeimes (Keyboard)
René Quesnoit (E-Bas)
Guillaume Sébatien an Dan Zeimes (Drums/Percussion)
XXXXXXXXXXXXX
Bei all Musekstitel: Rock am Park (Jacquinot Beetebuerg)
16:53 What a Wonderful World – Louis Armstrong / Arr.: Heinz Briegel
27:58 Soliste: Françoise Schütz-Zeimes fehlt
48:12 September, Boogie Wonderland, Fantaisie – Earth, Wind an Fire /
Arr.: Manfred Schneider
Schued dat een déi 2 Guitariste nët gesät.
58:45 A Tribute to – Amy Whinehouse / Arr.: Peter Kleine Schaars
Rockband: Gontran Poirot (E-Guitar)
Guillaume Sébatien

de Sträich setzen a Kass
Datum: 27/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 17:23

De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH begréisst bal sämtlech Membere vum
Schëff lenger Gemengerot: Rizo AGOVIC, Christiane BIEWER, Admir CIVOVIC, Jérôme
COURTOY, Carlo FEIEREISEN, Sven KILL, Nadine KUHN-METZ, Yves MARCHI,
Vincent NOTHUM a Marc SPAUTZ. Vum Sekretariat: Mandy MANTERNACH an den
Architekt: Nico ENGEL vun der Firma BENG.
Dës weidere gëtt ee gewuer, dass am fréiere Bauerenhaff vun der Famill Schou, de Syndicat
d’Initiative den 19.2.2016 eng Ausstellung mam Numm: Konscht am Schwäistall hat. An
d’Scheier och gebraucht gouf fir eng wonnerschéi Chrëscht-Ausstellung vum BlummeButtek “de fleur en fleur” ze maachen. – Zur Geleeënheet vun dem Passage vum “Tour de
France 20/02/2017” duerch Schëffleng hat de Raphael Gindt op d’Niewenhaus “a Kass” de
Portrait vum Schëfflenger Coureur Ben Gastauer gemoolt, wat vun RTL héich belueft gouf.
De Nico ENGEL explizéiert, dat et guer net esou einfach war fir déi 3 Haiser, déi verschidden Héichten a Gréissten haten, op een Niveau ze bréngen an dat schonn déi 1. Skizzen 2014
gemaach goufen. Am Projet si Gemengen- an Iwwergang-Wunnengen, e medezinesche
Cabinet, Geschäftslokaler a Raimlechkeete fir Schëfflenger Clibb virgesinn.

Festlechkeeten am Kader vun Nationalfeierdag 2025
Datum: 21/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 14:59

De Cortège gëtt ugeféiert vum Pompjees-Corps virun der Harmonie Municipale vu
Schëffleng, dem Schäffen- a Gemengerot an de Veräiner vu Schëffleng.
Op der Gemengeplaz ass eng Bün nieft den Drénk- an Iessbuden opgeriicht ginn an de
Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH hält seng Groussherzog-Gebuertsdag-Ried.
D’HMS spillt d’Nationalhymne, déi och vun de Leit gesonge gëtt.

Séance Académique zu Schëffleng am Kader vun Nationalfeierdag 2025
Datum: 19/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:17:16

Eng ronn 120 Leit haten sech an der Salle Grand-Duc Jean zu Schëffleng afonnt.
D’Spriecherin Kany TOURÉ an den Orchester DUO NOVA féieren duerch den Owend.
D’Aleedung mécht de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH.
Den Archivist Daniel JORDAO erkläert wéi déi kulturell Diversitéit hei am Land an an de
Nopeschlänner gefeiert gëtt.
D’Eline Bleser mécht sech hir Gedanken iwwer de Nationale Feierdag an iwwer
d’Bezéiungen zou den Auslänner a punkto Gemeinsamkeeten an ideologesch Fräiheet am
Lëtzebuerger Land.
De Muhamed COLOMAN (Bosnien) erzielt seng 10-järeg Geschicht vum neien Ufank zu
Lëtzebuerg a elo dat méi einfacht kulturellt Zesummeliewe mat der Leit zu Schëffleng.
D’Li TROES schwätzt och vum Zesummeliewen an Austausch zwëschent de verschiddene
Natiounen zu Schëffleng.
De Joé HOFFMANN seet dat dat interkulturellt Zesummeliewen dat wichtegst am Liewen
ass, an dat een dat pfleegen a verstoe muss.
Duerno kënnt de Carlo FEIEREISEN, dee frou ass ze lauschteren, wéi d’Jugend d’Zukunft
vum Land gesäit. Hien ernimmt awer och de Trounwiessel am Land a Wiessel op der
Schëfflenger Gemeng. – Hien lueft de Paul fir seng Mënschlechkeet, säin Engagement, dass
him d’Wuel vun de Matbierger wichteg war, säi Respekt a Vertrauen, als Mënsch mat senge
Prinzippien an oppenem Ouer an den onermiddlechen Asaz fir eis Gesellschaft wärend 28
Joer an der Politik zu Schëffleng. – Als Ofschloss versprécht hien, falls e Buergermeeschter
géif ernannt ginn, dat hien an der 1. Gemengerotssitzung géif plädéieren, fir de Paul zum
Éiere-Buergermeeschter ze ernennen.
Jidderee kritt e grousse Merci gesot an 2 Strophe vun der Heemecht gi gesongen.

Eierung Laura Thorn
Datum: 04/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 13:23

De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH begréisst d’Leit et seet
Sam Maquet GRÜNEISEN, President vum SIT Schëffleng
Scott KRIES, President vum Folklorama A.A.F.C.
Elisabeth CONTER, Project Manager Eurovisoin Luxembourg RTL
Jo MALANO, Spriecher vum SCC Gemeng Schëffleng
Bild vum Raphael GINDT, Schëfflenger Moler
Laura THORN Schëffleng

Concert Chouer Maria
Datum: 01/06/2025
Jahr: 2025

01/06/2025 Maria ! Mélodies de Marie
De Gesangveräin “Les Chantres de St-Joseph” Cessange an “La Chorale Les Villageois”
Contern sangen an der Zéissenger Kierch, ënnert der Direktioun vun der Mme Pascale
Philippy an dem Här Jean Thill:
Je vous salue, Marie – Paroles: D. Rimbaud / Choral anglais
Ave Maria du clocher – Noutesaz: Heng Beissel
Ave Maria italien – Harmonisatioun: Paul Philippy
Ave Maria – Arcadelt (1495-1561)
Marie Maman – Pierre Damon
Sancta, Sancta – Barthel / arr. Paul Philippy
Ave Maria – A. Bruckner / arr. Jean Thill
Der Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg zum 10. Oktober – Melodie: Ave Maria vu Fatima
Couronnée d’Étoiles – Paroles: A. Dumont / Musique: M. Dannaud
Marie, si tu avais dit non – Paroles et musique: Raoul Mutin
Salamu mama Maria – Ave Maria africain (Kiswahili)
Oh, Mary don’t you weep – Spirituel / arr. Wilfried Fischer
Ave Maria Païen – Notre Dame de Paris (Luc Plamondon / Richard Cocciante)
Maria – West Side Story (Leonard Bernstein) / arr. Jean Thill
Hail Holy Queen – Sister Act 1
Oh Mamm, léif Mamm – Text: J. Karl Müllendorf / Musek: A. Peter Barthel
Solist a Bongo-Spiller: Philippe Wolff (11 Joer)
Keyboard: Fränz Theis
Gittar: Jean-Paul Goerens
Presentatioun: Jean-Claude Muller

The Musicians choice
Datum: 18/05/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:28:48

17/05/2025 The Musicians’ choice – D’Musikanten hu gewielt (1’28:48)
D’Fanfare Ste Cécile, Huncherange, Noertzange, Fennange spillen zu Hunchereng am
KulTourhaus ënnert der Direktioun vum Steve Humbert:
Programm:
Festliche Fanfare – Christoph von Reitzenstein
Selections from Starlight Express – arr. Jerry Novak
Best Friends – Johan Nijs – Solistin: Joëlle Mayer (Euphonium)
Dynamica – Jan Van der Roost
Supertramp – André Waignein
80er Kullt (Tour)2 – arr. Thiemo Krass
Robin Hood (Prince of Thieves) – Michael Kamen
Back to the future – Alan Silvestri
The Nightmare Before Christmas – Danny Elfman
Out of Africa – John Barry
Hurra Hurra Medley – arr. Erwin Jahreis
Fascinating Drums – Ted Huggens

Idahobit Day 2025
Datum: 15/05/2025
Jahr: 2025
Dauer: 26:29

IdaHoBIT Day zu Schëffleng (26:28)
4. Editioun vum internationalen Dag géint Homo-, Bi-, Inter- an
Transfeindlechkeet am Haff Feitler zu Schëffleng
D’Spriecherin Sarah COLLIGNON vum Schëfflenger Jugendhaus erkläert de Programm vun dësem Dag a stellt déi verschidde Spriecher an de Kreativ-Atelier, Info-Stänn, Planning Familial, souwéi de Kleeder-Tausch fir.
D’Presidentin Enesa Agovic beschreift dee speziellen Dag géint Homo-, Bi- an Inter-Transphobie. Et ass keen normalen Dag am Kalenner, et ass en Dag, wou mir zesummen e kloert Zeeche setze géint Ausgrenzung a fir Gerechtegkeet, Respekt a Liewensfräiheet fir jiddereen. Een Dag, deen ouni déi ganz Ënnerstëtzung an Hëllef vun all deenen Acteuren, déi haut derbäi sinn net stattfanne kéint. Dofir zielen ech Iech déi verschidde Leit op a soen hinne villmools Merci. Als Jugendhaus si mir e Raum vun Diversitéit: e Raum, wou jidderee soll gesinn a respektéiert ginn. Mir wëllen eng Gesellschaft sinn, wou keen sech verstoppe muss, wou keen Angscht huet sech ze weisen a wou jidderee mat oppenen Äerm empfaange gëtt. Eis Stëmm ass staark, wa mir zesummen se erhiewen. Haut jäizt d’Schëfflenger Jugendhaus zesumme mat Iech fir Léift a Fräiheet a virun allem fir Mënschlechkeet – Merci.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet am Numm vum Schäffen- a Gemengerot den Organisateure vum Jugendhaus villmools Merci, fir Initiative, dass se et fäerdeg bruecht hunn, fir dëst Evenement an den Haff ze bréngen. Et ass eng Aktioun vun de Mënscherechter, fir Solidaritéit, awer och fir Gläichheet. Et ass eng Aktioun fir déi mënsch lech Dignitéit an dat muss ëmmer uewen op der Prioritéitelëscht stoen. Et gëtt jo eng allgemeng Lëscht vun de Mënscherechter, an do heescht et: All Mënsch ass fräi gebueren an ass gläich a senger Würd a Rechter. Et ass e Prinzip – Eng Reegel déi eigentlech op der gan zer Welt, an alle Kulturen a Nationalitéiten ze respektéieren an ze garantéiere wieren. Leider ass d’Realitéit eng aner: Krich, Terror, Ënnerdréckung an On-Fräiheet, sinn e puer Tatsaachen déi signaléieren, dat d’demokratesch Strukturen net eng Selbstverständlechkeet sinn. Och seet heen: dat de 17. Mee 1990 eréischt d’Homosexualitéit aus dem Kodex ge strach gouf, dass et keng Krankheet ass. Als Cadeau fir d’Jugendhaus schenkt heen hinnen e selwer gemaachte Puzzle vun 1000 klénge Stécker, déi d’Villsäitegkeet vun der Mënschheet duerstelle soll.
– 3 – 2025
D’Emma KALFA-SMADJA erzielt aus sengem Liewen an d’Erfahrungen, déi hat mat senge Sexual-Partner a Partnerinnen hat.
Duerno kommen Interviewe vum Lynn GIORDONO mam Gabriella BELCHIOR DA SILVA, Sabrina DA ROCHA PEIXOTO, Elias SCHEER an Emma KALFA-SMADJA.

Table ronde am Kader vum Idahobit Day
Datum: 15/05/2025
Jahr: 2025
Dauer: 48:43
Fréijoersbotz zu Schëffleng 2025
Datum: 22/03/2025
Jahr: 2025
Dauer: 10:57

De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH begréisst déi 105 Leit, déi sech fräiwëlleg beim Hall Polyvalent zu Schëffleng zesumme fonnt hunn, fir bei der traditioneller Fréijoersbotz deelzehuelen. D’Ëmwelt-Presidentin Peggy THURMES-TOUSSAINT lueft och d’Nathalie HANSJOSTEN an de Jo MALANO vun der Gemeng, déi sech ëm d’Organisatioun vun dëser Aktioun bekëmmert hunn.
Eis Mataarbechterin: Lynn GIORDANO, dat d’Interviewe mam Carlo Krausch, Joël Gangolf, Nathalie Hansjosten, Sara Riccuci a Fiona Becker-Mollinger koum zur Conclusioun dat, dee meeschten Dréck d’Zigarettestëmp, Plastik- oder Bleche-Fläschen an der Ëmwelt sinn an dat et gutt wier, eng eidel Tut mat ze huele wann e géif spadséiere goen.
D’Ëmwelt-Presidentin Peggy THURMES-TOUSSAINT mengt et wär gutt, wann een dëst 1 X Joer géif maachen, fir d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, dat se d’Natur schützen an hir Verpakungen an de Rescht nom Spadséieren erëm géife mat Heem huelen an net an d’Natur ze deponéieren.
Dës Raumaktioun gëtt wéi all Joer am Gemengenatelier mat engem kléngen Iessen an Drénken duerno belount an d’Gemengenaarbechter recycléieren dann déi zesumme geraaften Tuten op déi richteg Aart a Weis.

Celebrating Brass
Datum: 24/03/2025
Jahr: 2025
Dauer: 49:34

Celebrating Brass

Mir sichen dech!

Scroll to Top