Video Archiv

Nodeems Dir d'Filtere gewielt hutt, klickt w.e.g. op Update
Scheckiwwerreeschung von Schëffleng hëlleft un SOS Faim, MSF an ACTL
Datum: 15/05/2023
Jahr: 2023
Dauer: 26:08

15/05/2023 Scheckiwwerreeschung von Schëffleng hëlleft (26:08)
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH iwwerreescht dëse Veräins-Vertrieder e Scheck: Christine PÜTZ – SOS Faim, Thomas KAUFFMANN – MSF an Nuray UNLU – ACTL

Idahobit Day 2023 zu Schëffleng
Datum: 17/05/2023
Jahr: 2023
Dauer: 25:17

17/05/2023 Idahobit Day 2023 zu Schëffleng (25:17)
Op der Gemengeplaaz beim Jugendhaus erzielt de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH, dat 1990 d’Weltgesondheetsorganisatioun decidéiert huet d’Homosexualitéit als Krankheet vun hiire Lëschten ze sträichen an dat d’Schëfflenger Jugendhaus hieren 2. Idahobit Day organiséiert fir mat der Jugend iwwer Dignitéit vum Mënsch, Respekt an Tolleranz, Oppenheet, Fridden a Mënscherechter ze schwätzen.
D’Sarah COLIGNON vum Schëfflenger Jugendhaus, seet dass dat eng Plaaz fir Tolleranz a Versteesdemech vu Jidderengem ass.
Dës Kéier hunn si och den Planning Famillial agelueden.
De René FET erzielt (op Englësch) säi Liewen an seng Problemer mat senger Sexualitéit a Russland. – d’Sarah iwwersetzt säin Dialog op Lëtzebuergesch.
De Nohlan JAFFAR interviewt de Pier SCHMITZ (youngcaritas), Janine SMITH (Schëfflenger Jugendhaus), Kim ESTEVES (Planning Famillial) an Emma SMADIA.

50e anniversaire du jumelage entre Drusenheim (F) et Schifflange (L)
Datum: 09/05/2023
Jahr: 2023
Dauer: 35:01

09/05/2023 50 e anniv. du jumelage entre Drusenheim (F) et Schifflange (L) (35:01)
E puer kuerz Extraiten aus dem Film vum 3. Oktober 1970.
D’Erëffnungsried vun der Ausstellung “50 Joer Jumelage” mecht de Schëfflenger Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH
Da kënnt d’Aweiung vun der “rue de Drusenheim” (27.09.2018) an d’Presidentin vun der “Commission des citoyens” Nadine KUHN-METZ mecht eng Retrospective vun de Jumelagen.
De Buergermeeschter Jacky KELLER seet fir Alles villmols Merci an hofft, dat déi 2 Gemengen sech nach laang begéinen.

Fête des cultures à Schifflange le 8 et 9 mai 2023
Datum: 09/05/2023
Jahr: 2023
Dauer: 35:02

Fête des cultures à Schifflange le 8 et 9 mai 2023

Faire Kaffi zu Schëffleng 06/05/23
Datum: 06/05/2023
Jahr: 2023
Dauer: 7:15

06/05/2023 Faire Kaffi zu Schëffleng (07:15)
D’Ried vun der Ouverture vum Schëfflenger Kaffisdësch duerch de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH.

1. Mee Virfeier vun de Schëfflenger Schmelzaarbechter
Datum: 30/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 26:59

30/04/2023 1. Mee Virfeier vun de Schëfflenger Schmelzaarbechter (26:59)
Den Ufank mécht d’Sonnerie aux Morts vun der Schëfflenger Musék mat enger Blummen néier leeung vum Gemengerot an de Vertrieder vum Schmelzaarbechter.
Den Alain GUENTHER, President vun der Amicale Schmelzaarbechter begréisst d’Leit an erzielt wéi fréier d’Eisen geschmëtt gouf, a wéi d’Héichuewenanlagen am Süden ëntstaanen sinn. Och schwätzt heen iwwer den Index, Tripartite an de Woulstand vum Land.
D’Vize-Presidentin vum Syndicat Gesondheet an Sozialwiesen, Fabia MONTE schwätzt vun Wunnengsnout, héich Energie-Onkäeschten, vum Mëttelstand, Ofhuelen vu Kaafkraaft, Zuel vu de Leit, déi an den Aarmut faalen, Wunnengsnout, Steiergerechtegkeet, a Rentesystem an dat d’Politiker elo gefuerdert sinn, fir dat jiddvereenan Dignitéit liewe kann.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH stellt d’Geschicht vum Schmelzaarbechter an de Féidergronn vum Räichtum vun der Gemeng Schëffleng a seet de 1. Mee soll fir Sozialsecherheet, Solidaritéit, Matbestëmmung, Suerg ëm de Woulstand, Chance, Fridden a Fräiheet, eng Politik vu Gerechtegkeet, gerechte Loun an Aarbecht an der Zukunft, stoen.
Den 1. Mee soll ëmmer mat enger staarker Symbolkraaft bleiwen.

Concert vun der Brass Band vum Conservatoire vun Esch Uelzecht “Beim Nëssert” zu Biergem
Datum: 29/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 1:08:24

29/04/2023 Concert vun der Brass Band vum Conservatoire (1’08:25)
vun Esch Uelzecht am “Beim Nëssert” zu Biergem
D’Aleedung mecht d’Presidentin vun der Kulturkommissioun Marianne BAUSTERT vu Monnerech.
De Chef d’Orchestre Claude SCHLIM, dirigéiert d’Brass Band vum Escher Conservatoire.
Escape Velocity – Martin CORDNER
The Golden Lady – Goff RICHARDS
Banana Island – Etienne CRAUSAZ
Solothurner Marsch –
De Chef d’Orchestre Uilson CASTRO, dirigéiert d’Brass Band vu Solothurn (Schwäiz).
Salut à Luxembourg – Edmund PATZKE und Adolf VANCURA
Starburst – Dan PRICE
The Old Celtic Cross – Howard LORRIMAN
Malvern Duite – Philipe SPARKE
Swiss Lady – Peter REBER
Déi 2 Chef d’Orchestren Claude SCHLIM an Uilson CASTRO, dirigéieren déi 2 Brass Band’en vun Esch a Solothurn (Schwäiz).
Becoming Giants – Ludovic NEUROHR
Dream Catchers –
Balkan Dance – Etienne CRAUSAZ
Üs ghört d’Nacht – arr. Roger MÜLLER
De President vum Organisatiounscomité Jeannot CLEMENT, mecht den Ofschloss

Aweiung Schëfflenger Waasserwee
Datum: 18/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 17:36

18/04/2023 Aweiung vum Schëfflenger Waasserwee (17:36)
Et schwätzen:
Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng
Netty THINNES – www.luxilux.lu
Thierry WEIMERSKIRCH (Jongenheem Solina)

2. Gaming Day zu Schëffleng
Datum: 15/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 13:19

15/04/2023 2. Gaming Day zu Schëffleng (13:19)
De Carlo MILLER mecht Interviewen mam:
Jessy MORBÉ, Sekretär vun der Jugendkommissioun
Joe HOFFMANN, President LESF
Raoul THEISEN, Relyon Esports
Marco CLAUDE, vun den AMCIS
Laurent AGOSTINO, streamers.lu
Nermin SABOTIC, streamers.lu
Jérôme DECKER, President Socialgaming
an Dan RUPPERT, vun papp.lu

1 Steen vum neie Parkhaus 14/04/23
Datum: 14/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 20:51

14/04/2023 1. Steen vum neie Parkhaus zu Schëffleng (20:51)
De Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng, begréisst d’Visiteuren vun der 1. Steenleeung vum Parkhaus.
De Marco BIDAINE, vun BENG Architectes Associés schwätzt iwwer de Projet vum Parkhaus an ernimmt déi verschidden Büroen, déi mat hinnen schaffen. Schon 10 Joer aal ass de Projet, wou uewendrop och nach e Park an eng Kannerspillplaatz komme soll.
Et gëtt och eng Zäitkapsel mat verschidden Dokumenter an engem Auto an de Steen geluegt a mat Betong zougegoss.

De Bouf a säin Tram
Datum: 06/04/2023
Jahr: 2023
Dauer: 3:06

06/04/2023 De Bouf a säin Tram (03:06)
Gei Jos Pletschet
Gitar Phony Philippe
Spriecher Phony Philippe
Text Phony Philippe
Musek Planxty Irwin
Komponist Turlough O’Cardan
Schauspiller:
klénge Bouf Lucas Dick
jonk Mamm Many Dick-Hommel
grousse Bouf Marco Claude
eeler Mamm Lydie Eich-Johanns

25 Joer CIGL Schëffleng
Datum: 30/03/2023
Jahr: 2023
Dauer: 1:01:00

30/03/2023 25 Joer CIGL Schëffleng 1’01:00)
Et schwätzen:
Paul WEIMERSKIRCH (Buergermeeschter vu Schëffleng)
François BILTGEN (fréieren Aarbechtsminister)
Georges ENGEL (Aarbechtsminister)
Dee neie Logo fir de CIGL Schëffleng gëtt virgestallt

Grouss Fréijoersbotz 2023 zu Schëffleng
Datum: 25/03/2023
Jahr: 2023
Dauer: 8:06

Grouss Fréijoersbotz 2023 zu Schëffleng

Trommele fir de Fridden vun de Schëfflenger Schoulkanner
Datum: 21/03/2023
Jahr: 2023
Dauer: 01:22

21/03/2023 Trommele fir de Fridden vun de Schëfflenger Schoulkanner (01:21)
D’Schoulkanner, déi sech am Schoulhaff an enger Häerzform opgestallt hunn, klappen fir de Fridden op der Welt.

Kavalkad Schëffleng 2023
Datum: 26/02/2023
Jahr: 2023
Dauer: 14:52

26/02/2023 Kavalkad zu Schëffleng 2023 (14:52)
Interviewen mam Scott KRIES, President vum Folklorama an verschidden Participanten. Et ass déi 32. Kavalkade an et sinn 38 gemëschte Groupen an Ween derbäi.

Bamschnëttcours
Datum: 25/02/2023
Jahr: 2023
Dauer: 07:00
Bamschnëttcours zu Schëffleng organiséiert vum CTF
Datum: 25/02/2023
Jahr: 2023
Dauer: 7:00

25/02/2023 Bamschnëttcours – organiséiert vum CTF Schëffleng (07:00)
beim Pompjéesbau zu Schëffleng
Aleedung vum Manfred GREGER, President vun der Ëmweltkommissioun.
Erklärungen vum Benjamin MARBES (Ligue CTF)

20 Joer Rahna-Muppen asbl zu Lëtzebuerg
Datum: 01/01/2023
Jahr: 2023
Dauer: 35:41

20 Joer Rahna-Muppen asbl zu Lëtzebuerg

Mir sichen dech!

Scroll to Top