Festlechen Hierschtconcert 2022 mam Orchestre Estro Armonico
Datum: 06/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 47:42
06/11/2022 Festlechen Hierscht-Concert – Orchestre Estro Armonico (47:41)
Johann Strauss Concert ënnert der Leedung vum Jeannot WEIMERSKIRCH
Programm: Fledermaus – Ouverture
Aus der Ferne – Polka Mazurka
Stadt und Land – Polka Mazurka
Wiener Blut
Tritsch-Tratsch Polka
An der schönen blauen Donau
Tritsch-Tratsch Polka (Zugabe)
Blechzuch Ausstellung 2022
Datum: 04/12/2022
Jahr: 2022
Dauer: 19:39
04/12/2022 Blechzuch Ausstellung 2022 zu Schëffleng (19:39)
Interview vum Jeannot CLEMENT mam:
Jessy MORBÉ (Organisateur vun der Zuchausstellung) – Edmond HEMMER (Member vun de Stammdëschfrënn Spur 0) – Bruno MERGEN (LEGO – Sammlung) – Nicolas KIEFFER (Sammlung aus dem Joer 1950) – Romain KIRTZ (MBM) – François DURY (Frënn Lëtzebuerger Spur 1) – De Module-Opbau (1:32) vun Diddeleng huet 13×7 Meter a gëtt zwëschen 6-8 Stonnen opgebaut.
Concours “Ville fleurie” zu Schëffleng
Datum: 30/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 13:20
30/11/2022 Concours “Ville fleurie” zu Schëffleng (13:20)
De Paul WEIMERSKIRCH (Buergermeeschter vu Schëffleng) seet alle Leit Merci, fir d’Matmaachen um Concours an och fir d’Nohaltegkeet, de Klima- a Naturpakt.
D’Presidentin vum Syndicat d’Initiative Simone WENZEL-MOND gëtt Erklärungen, wéi d’Gewënner erausgesicht goufen.
Et sinn 18 Präisser verdeelt ginn.
En SchiPass vir d’Leit vu Schëffleng
Datum: 30/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 4:25
30/11/2022 E SchiPass vir d’Leit vu Schëffleng (04:26)
Dëse SchiPass gouf vun der ACAS an der Gemeng Schëffleng presentéiert.
Heimat kënnen d’Leit an déi Schëfflenger Geschäfter akafe goen a kréien e Stempel fir dann e Cadeau ze kréie, wann se eng Säit voll hunn.
De President vum Geschäftsverband (ACAS) Alain KOCKHANS stellt de SchiPass fir, a wat fir Problemer si hate fir ze starten. – Fir dat nächst Joer soll en och nach funktionéieren.
Hobbymoart 2022 zu Schëffleng
Datum: 19/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 25:00
19/11/2022 Hobbymaart 2022 zu Schëffleng (25:00)
De Gesang-Ensemble Sultry mëscht den Ufank vum Film.
Interviewen: Pascale THIES & Milly REUTER – Nadine BERTRANG-THINNES – Marthy ENGELBERG – THECANDLETTHERAPY – Marie-Thérèse COLLUMBIEN-JOST
De Buergermeeschter vu Schëffleng Paul WEIMERSKIRCH, seet all Participante Merci, fir hiirt Kommen, an den Yves MARCHI, President vun Kultur- Sport- a Fräizäitkommissioun schléisst sech do un.
Interviewe gi viru mam: Patricia BRACHMANN – Maryse WEIMERSKIRCH-MENSTER – Gerty WEIMERSKIRCH – Handmade by Carole SYRENI.
Clôture du Projet Interreg “Alzette, objectif Qualité”
Datum: 24/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 26:26
24/11/2022 Clôture du Projet Interreg “Alzette, objectif Qualité” (26:26)
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet dat Europa am Gaang ass, d’Gewässer an der Grouss-Regioun propper ze kréien, wat awer mat vill Opwand a Geld verbonnen ass. Hee begréisst dofir och d’Madame Michèle RETTER vum Finanz-Ministerium. Duerno stellt en de Interkommunale Syndikat aus dem Süden vum Land fir: Beetebuerg, Esch-Uelzecht, Käl, Monnerech, Réiser, Suessem, Schëffleng an 2021 Rëmeleng + 2022 och nach Hesper. Hire Projet ass, fir d’Uelzecht mat Hëllef vun enger Transfrontaliärer Gesellschaft propper ze kréien. – Als Partner mat Wëssen + Kënnen a Qualitéit ass d’Firma BioMonitor zoustänneg. Fir d’Wiederprevisiounen sinn d’Büroe vun de Meteorologen vun Esch-Uel zecht / Belval responsabel.
De President Alain GENTILUCCI lueft déi gutt Zesummenaarbecht mat alle Partner a weist op déi verschidde Filmer vun dem Studio LA PLUME hin, déi elo gewise ginn.
Et schwätzen an dëse Filmer:
D’Madame Amélie LEGER, Responsabel vun dem Projet Interreg (Fonds européen de développement régional) Projet: A(L)QUA
D’Madame Christine BOUILLON, Projet: EISCH’A
Den Här Ralph SCHMIDT, Projet GREENEFF
D’Madame Aurélie STOUSE, Land of Memory
Den Här Guy SPANIER, Ekologesche Beroder vu Schëffleng.
Dag vum Bam 2022
Datum: 19/11/2022
Jahr: 2022
Dauer: 12:30
19/11/2022 Dag vum Bam 2022 (12:30)
Op der Plaz beim Hall Polyvalent ginn zur Geleeënheet vum Dag vum Bam, Uebst-Beemercher un d’Awunner vu Schëffleng geschenkt, déi da sollen an déi respektiv Gäert geplanzt ginn.
De Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng erkläert, dat dëst Joer déi rout Bich (Fagus sylvatica) zur Éier kënnt.
D’Gemeng mëscht och en Don a Form vu Scheck un d’Association Rainforest asbl, deen dann am Costa Rica zur Beliewung vun hire Bëscher déinge soll. – D’Madame vun der Assoc. Rainforest bedankt sech fir déi Spend vun der Schëfflenger Gemeng an d’Beem si scho gutt um Wuessen.
Livestream – Semaine mondiale de la Médiation 2021
Datum: 18/10/2022
Jahr: 2022
Dauer: 2:30:15
Livestream – Semaine mondiale de la Médiation 2021
Livestream – Semaine mondiale de la Médiation 2021 – table ronde
Datum: 18/10/2022
Jahr: 2022
Dauer: 2:37:46
Livestream – Semaine mondiale de la Médiation 2021 – table ronde
Schëfflenger Moart Saison 22/23
Datum: 10/10/2022
Jahr: 2022
Dauer: 13:30
10/10/2022 Schëfflenger Maart Saison 22/23 (13:30)
Interviewe mat Clienten, Verkeefer a President vum Schëfflenger Maartverband Jeff BURG, deen eis erzielt wéi et no der Pandemie erëm ugelaf ass.
De Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng bedauert, dat de Frëschmaart vu Geméis an Uebst e bëssche feelt.
D’Gemeng hat op de Moies-Kaffi mat Croissanten agelueden.
Nei Bierger zu Schëffleng 2022
Datum: 29/09/2022
Jahr: 2022
Dauer: 31:59
29/09/2022 Nei Bierger zu Schëffleng 2022 (31:59)
De Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng begréisst déi Nei Bierger a stellt de Gemengerot fir.
Et schwätzen och: De President vun der Integratiounskommissioun: Marc SPAUTZ iwwer d’Kultur- a Sportaktivitéiten, d’Sproochebarrièren an d’Owescoursen a ville Beräicher. – D’Nadine KUHN-METZ, Presidentin vun der Biergerkommissioun, seet wat een alles maache kann an den Ofschloss mëscht eng Powerpoint-Presentatioun iwwer dat schéint Schëffleng.
Diplomiwerrechung Sproochecouren zu Schëffleng 2022
Datum: 21/09/2022
Jahr: 2022
Dauer: 11:09
21/09/2022 Diplomiwwerreechung Sproochecoursen zu Schëffleng (11:09)
De Paul WEIMERSKIRCH (Buergermeeschter vu Schëffleng) felicitéiert all déi Leit, déi drun deelgeholl hunn.
Diplomiwwerreechung (47/57) vum Corine BOURKEL, Jean-Paul MOLITOR a Romain CARL.
80. Streikgedenkdag zu Schëffleng
Datum: 31/08/2022
Jahr: 2022
Dauer: 1:08:31
31/08/2022 80. Streik-Gedenkdag zu Schëffleng (1’08:31)
De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Stad Esch haten op den 80. Gebuertsdag vun der Streik-Gedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Präsenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie «De Schmelzaarbechter» a FerroForum stattfonnt. Mat der Kranz-Nidderleeung zu Schëffleng hunn d’Festivitéiten ugefaangen. Dono ass et beim Lallenger Portal zu Esch, ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée, ronderëm de Präsident Alain GÜNTHER weidergaangen, a genau ewéi virun 80 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen.
A senger Usprooch am Pompelhaus um ale Site vun der Arbed huet de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH betount, datt mir déi Leit éiere wëllen, déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn.
Weider Riede goufe vum Här André ZWALLY, Schäffe vun der Stad Esch, dem Här Yves BIWER vun der AGORA an dem Här Pierre JACOBS vun Arcelor Mittal gehalen, mat musikalescher Begleedung vum Eric GHERARDI.
Eurofestival 2022 ganz
Datum: 30/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 2:30:42
30/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng 2022 ganz (2’30:42)
De Festival stoung ënner dem Motto: “Europe goes Scuffelingen”.
Eurofestival 2022 zu Schëffleng Daag 6
Datum: 29/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 14:54
29/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 6 (14:54)
Sport: Funny Games um Trainingsterrain vum FC Schëffleng 95
Um Mëttesprogramm op der Gemengeplaz: Ofschloss-Programm mat Riede vum: Roland SCHREINER, Organisatiounspresident vum Festival, Jan FRITZEN, President vum EPF an Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng.
Präisverdeelung un déi verschidde Länner an de Final-Gewënner.
Eurofestival zu Schëffleng Daag 5
Datum: 28/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 29:28
28/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 5 (29:28)
Haut stoung um Programm:
Sport: Fussball um Trainingsterrain 2 vum FC Schëffleng 95.
Op der Plaz beim Kiosk: Schachspillschoul – Kachen: Finnland a Lettland – Stroossentheater: Litauen, Spuenien, Belsch a Finnland.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Gesang a Musek: Irland – Moude-Show vun de Länner.
Eurofestival zu Schëffleng Daag 4
Datum: 27/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 22:10
27/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 4 (22:10)
Interviewer: Roland HOFERLIN, 1. President vun dem EFP Schëffleng,
Roland SCHREINER, Organisatiounspresident vum Festival,
an Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng.
Braderie ACAS am Duerf.
Mëttes d’Fotoclubbe maachen e Concours fir déi beschte Photoen.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Gesang a Musek: Spuenien.
Eurofestival Schëffleng Daag 3
Datum: 26/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 21:50
26/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 3 (21:50)
Haut stoung um Programm:
Sport: Indiaca an der Sportshal an Dëschtennis am Hall polyvalent.
Um Schëfflenger Bierg: Foto-Trip
Op der Plaz beim Kiosk: Schachspillschoul – Stroossentheater: Irland an Däitschland – Kachen: Frankräich.
am Haus beim Kiosk: Design.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Musek: HMS ënnert der Leedung vum Eric GHIRARDI – Gesang a Musek: Lettland.