Video Archiv

80. Streikgedenkdag zu Schëffleng
Datum: 31/08/2022
Jahr: 2022
Dauer: 1:08:31

31/08/2022 80. Streik-Gedenkdag zu Schëffleng (1’08:31)
De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Stad Esch haten op den 80. Gebuertsdag vun der Streik-Gedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Präsenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie «De Schmelzaarbechter» a FerroForum stattfonnt. Mat der Kranz-Nidderleeung zu Schëffleng hunn d’Festivitéiten ugefaangen. Dono ass et beim Lallenger Portal zu Esch, ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée, ronderëm de Präsident Alain GÜNTHER weidergaangen, a genau ewéi virun 80 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen.
A senger Usprooch am Pompelhaus um ale Site vun der Arbed huet de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH betount, datt mir déi Leit éiere wëllen, déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn.
Weider Riede goufe vum Här André ZWALLY, Schäffe vun der Stad Esch, dem Här Yves BIWER vun der AGORA an dem Här Pierre JACOBS vun Arcelor Mittal gehalen, mat musikalescher Begleedung vum Eric GHERARDI.

Eurofestival 2022 ganz
Datum: 30/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 2:30:42

30/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng 2022 ganz (2’30:42)
De Festival stoung ënner dem Motto: “Europe goes Scuffelingen”.

Eurofestival 2022 zu Schëffleng Daag 6
Datum: 29/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 14:54

29/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 6 (14:54)
Sport: Funny Games um Trainingsterrain vum FC Schëffleng 95
Um Mëttesprogramm op der Gemengeplaz: Ofschloss-Programm mat Riede vum: Roland SCHREINER, Organisatiounspresident vum Festival, Jan FRITZEN, President vum EPF an Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng.
Präisverdeelung un déi verschidde Länner an de Final-Gewënner.

Eurofestival zu Schëffleng Daag 5
Datum: 28/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 29:28

28/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 5 (29:28)
Haut stoung um Programm:
Sport: Fussball um Trainingsterrain 2 vum FC Schëffleng 95.
Op der Plaz beim Kiosk: Schachspillschoul – Kachen: Finnland a Lettland – Stroossentheater: Litauen, Spuenien, Belsch a Finnland.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Gesang a Musek: Irland – Moude-Show vun de Länner.

Eurofestival zu Schëffleng Daag 4
Datum: 27/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 22:10

27/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 4 (22:10)
Interviewer: Roland HOFERLIN, 1. President vun dem EFP Schëffleng,
Roland SCHREINER, Organisatiounspresident vum Festival,
an Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng.
Braderie ACAS am Duerf.
Mëttes d’Fotoclubbe maachen e Concours fir déi beschte Photoen.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Gesang a Musek: Spuenien.

Eurofestival Schëffleng Daag 3
Datum: 26/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 21:50

26/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 3 (21:50)
Haut stoung um Programm:
Sport: Indiaca an der Sportshal an Dëschtennis am Hall polyvalent.
Um Schëfflenger Bierg: Foto-Trip
Op der Plaz beim Kiosk: Schachspillschoul – Stroossentheater: Irland an Däitschland – Kachen: Frankräich.
am Haus beim Kiosk: Design.
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Musek: HMS ënnert der Leedung vum Eric GHIRARDI – Gesang a Musek: Lettland.

Eurofestival Schëffleng Daag 2
Datum: 25/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 26:59

25/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 2 (26:59)
Haut stoung um Programm:
Sport: Petanque um Boulodrome “Nazzareno Bocci” a Basketball an der Sportshal.
Op der Plaz beim Kiosk: Kachen: Belsch, Spuenien, Irland an Däitschland – Stroossen theater: Lettland an Ungarn – D’Schëfflenger Kënschtlerin: Yvette GASTAUER-CLAIRE
Um Owesprogramm op der Gemengeplaz: Pole & Dance – Gesang a Musek: Litauen

Eurofestival Schëffleng Daag 1
Datum: 24/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 36:21

24/07/2022 Eurofestival zu Schëffleng Dag 1 (36:21)
Déi offiziell Ouverture vum 30. Festival vun der EPF gëtt vun der Harmonie Municipale vu Schëffleng, ënnert der Leedung vum Eric GHIRARDI an der Kierch gemaach.
De Paschtouer Charles BREMER wënscht alle Leit, déi sech bedeelege vill Gléck a Gesondheet.
De Cortège ugefouert vun de MUS-Motorrieder, dem Gemengerot an der HMS-Musek setzt sech zesummen vun: Belsch, Dänemark, Finnland, Frankräich, Däitschland, Ungarn, Irland, Lettland, Litauen, Polen, Spuenien a Lëtzebuerg. De Schluss vum Cortège maachen d’Biergaarbechter Musek vun Esch-Uelzecht an déi verschidde Membere vun de Schëfflenger Veräiner.
Op der Gemengeplaz gëtt dann eng Ried vun den 2 Grënner aus Libramont (B) gehalen. Dës weidere schwätzen de Jan FRITZEN, President vum EPF, de Paul WEIMERS KIRCH, Buergermeeschter vu Schëffleng, de Roland SCHREINER, Organisatiouns president vum Festival an d’Nancy BRAUN, Organisatrice vun Esch 2022.
D’Europa-Hymne gëtt gespillt a mam Duerchschneide vum Bändchen ass de Festival op.

Gaming Day zu Schëffleng
Datum: 09/07/2022
Jahr: 2022
Dauer: 07:19

09/07/2022 Gaming Days zu Schëffleng (07:18)
D’Jugendkommissioun hat dësen Dag am Hall Polyvalent zu Schëffleng organiséiert.
Interview mam Gilbert GODART, President vun der Jugend-Kommissioun a Joe HOFF MANN, President vun der LESF, souwéi Claude WIRTZ a Marco THILTGEN, Membere vun Socialgaming Lëtzebuerg, Raphaël KAUFFMANN, President vu www.videogames.lu an Eric HILGER vun Team Lëtzebuerg.

Virowend vum Nationalfeierdag 2022 zu Schëffleng
Datum: 22/06/2022
Jahr: 2022
Dauer: 24:21

22/06/2022 Virowend vum Nationalfeierdag 2022 zu Schëffleng (24:21)
De Cortège mat Pompjeeën, Schëfflenger Musek, Police, Gemengerot an d’Veräiner vu Schëffleng beweegen sech op d’Gemengeplaz. wou de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH, all Uwiesend no der Pandemie begréisst an awer och un de Misär an der Ukräine erënnert.
D’Musek spillt d’Europalidd an d’Nationalhymne.
De President vun der Kultur-, Sport an Ëmweltkommissioun Yves MARCHI begréisst dëst Fest vun der Nohaltegkeet an erkläert d’Neierung vum Iessgeschier, wat elo gespullt a net ewechgeheit gëtt.

Livestream Séance académique Nationalfeierdag
Datum: 20/06/2022
Jahr: 2022
Dauer: 1:18:00

20/06/2022 Séance académique (:)
Am Centre Sportif zu Schëffleng gouf et dëse Programm:
Interlude musical
Allocution de Monsieur le bourgmestre Paul WEIMERSKIRCH
Interlude musical
Intervention de Monsieur l’échevin Marc SPAUTZ, Président de la commission consultative de l’intégration.
Interlude musical
Intervention de Monsieur Pierrot FEIEREISEN, Président de l’Office social Schifflange.
Intervention de Madame Joëlle FLOENER, Chargée de Direction du “Club Haus beim Kiosk”.
Interlude musical
Mot de clôture par Monsieur le bourgmestre
Fin de la séance académique
Hymne national
Hymne européen

Concert Philippe Schartz Brass Ensemble
Datum: 19/06/2022
Jahr: 2022
Dauer: 55:47

19/06/2022 Concert “Philippe Schartz Brass Ensemble” (55:47)
am Sall Grand-Duc Jean vun der Schëfflenger Gemeng
Programm: Rondeau – Jean-Joseph Mouret
The Wexford Carol – Trad. Irish (arr. Donal Bannister)
Three Sonates – Domenico Scarlatti
Renaissance Dances – Tylman Susato
Interlude from Rosamunde – F.J. Schubert
The Stars & Stripes Forever – J.F. Sousa
Greenleeves – Anon
Four Swiss Tunes – arr. Elgar Howarth
Ain’t Misbehavin – Fats Waller
Summertime – Georg and Iva Gershwin
Sailer’s Hornpipe – Traditional (arr. Dan Jenkias)
??? [‘52]
20/

Tiny Haiser sinn zu Schëffleng ukomm
Datum: 17/06/2022
Jahr: 2022
Dauer: 01:26

Haut sinn eis Tiny Haiser aus Krakau (Polen) vun der Firma Polygone an d’Drusenheimstrooss geliwwert ginn.

Et handelt sech ëm dräi fäerdeg miwweléiert Logementer, déi jeweils 35m2 Plaz fir eng Famill mat Kanner opweisen, ganz ekippéiert mat Better ënnert an iwwert der Mezzanin, Klimaanlag, Foussbuedemheizung, asw.

Soubal d’Uschlëss gemaach sinn, kënnen 3 ukrainesch Famillen eraplënneren.

1 Dag an der Narture 2022
Datum: 11/06/2022
Jahr: 2022
Dauer: 18:13

11/06/2022 1 Dag an der Natur 2022 (18:13)
De President Manfred GREGER invitéiert op en Trëppeltour duerch d’Renaturéierung vum Brill a Puddel mam Fierschter Dan SANNIPOLI (ANF “Administration Nature et Forêt”).
Hei gesäit een och en Extrait vum Film mam Ed MELCHIOR vun Natur an Ëmwelt.

Idahobit Day 2022
Datum: 19/05/2022
Jahr: 2022
Dauer: 30:12

19/05/2022 Idahobit Day 2022 (30:12)
Interview mam Gilbert GODARD iwwer LGBTIQ+ a mam Viktoria GERTH, dat hiert Liewen erkläert.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH schwätzt dann och iwwer de Problem Liewen ouni Diskriminéierung a Gewalt.
De Chancegläichheets-Präsident Carlo LECUIT seet, dat een sech haut am Fong net méi misst outen, an et misst eng Selbst-Verständlechkeet, dat ee säi Liewe gestallte kann, wéi ee wëllt. – Mer wëllen eng Gesellschaft, wou all Mënsch gläichgestallt ass.
D’Sarah COLIGNON vum Schëffleng Jugendhaus fënnt, dat d’Jugend sech treffen an zesummen Eppes ënnerhuele soll.
Da kommen nach Interviewe mam: Luca, Vanessa a Kim.

d’So vum Marxeweier 2 Deel
Datum: 15/05/2022
Jahr: 2022
Dauer: 30:33

19/06/2022 D’So vum Marxeweier – 2. Deel (30:32)
Et war gutt waarm e Sonnden am Schmëttbësch an et huet gewibbelt vu Leit op der Aweiung vum pluridisziplinäre Projet ronderëm d’So vum Marxeweier.
Dëse Projet fir Jonk & Al, Déck & Dënn léisst op Basis vun enger aler Legend eng ganz Rei Attraktiounen entstoen. Niewent engem flotten Trëppeltour, pedagogeschen Erklärungen, engem neie Schëfflenger Lidd a schéine Skulpturen, gouf och fläisseg un engem Buch geschafft. Eis Wäerter vu gëschter, sinn och haut nach aktuell.
Ufanksried an Explikatioune vum Paul WEIMERSKIRCH iwwer de Schmëttbiirchen, de Marxeweier, de fréiere Waasserfall, d’Waasserlach, Däiwelsschlucht vum Motocross, vun enger Bëschquell, déi elo méi natierlech leeft am Schmëttbësch, vun der Spillplaz fir d’Kanner an déi 7 nei Skulpturen.
Haut ass d’Aweiung vun de 7 Waasserjofferen vu Schëffleng duerch de Gemengerot mat Nancy BRAUN Esch2022 an Nico ENGEL – Bureau d’architecture et d’urbanisme – BENG.
D’Skupteuren Tom FLICK (LU) an Doru NUTA (RO) sinn derbäi, wou d’Statue mam lëtzebuerger Fändel opgedeckt ginn.
D’Neigestalterin an Erzielerin Betsy DENZER (LU) vun der Geschicht: “D’So vum Marxe weier” beschreift an hirem fuschneie Buch (fir Kanner vun 10 bis 12 Joer), déi 7 Jongfraen an d’Problemer, déi si mat hire Männer hunn.
De Moler an Illustrateur vum Buch ass de Pit WAGNER (LU).
An den Eric GHIRARDI vun der (HMS) Harmonie Municipale huet all eenzel Fra duerch e Musekstéck beschriwwen.
Zum Schluss sangen d’Bëschzwergen nach e Lidd vum Bësch.
Kommt laanscht an entdeckt mat eis zesummen d’So vum Marxeweier an déi nei amena géiert Quell am Schmëttbësch!

1 Mee Virfeier Schëfflenger Schmelzaarbechter
Datum: 30/04/2022
Jahr: 2022
Dauer: 16:28

30/04/2022 1. Mee-Virfeier Schëfflenger Schmelzaarbechter (16:28)
De President vum Schëfflenger Schmelzaarbechter Alain GUENTHER, seet dat de Steen um “Benn” 2004 virum Portal vum Schmelzaarbechter gesat an ëmmer am klénge Krees gefeiert gouf. Eis feelt de Kaméidi vun der Schmelz!
Och schwätzt hee vum Index a vum neie Molbuch fir d’Kanner.
De Paul WEIMERSKIRCH – Buergermeeschter vu Schëffleng, erzielt, dass d’Entwécklung vu Schëffleng trotz ongesonde Plazen duerch de Schmelzaarbechter entstanen ass.
Heen ernimmt och de Ferro Forum an den denkmalgeschützte Waassertuerm um Areal vun der Metze Schmelz an hofft op schnelle Fridden an der Ukraine, wou d’ Schmelzaarbechter virum Näischt stinn.

Heurigen Seminar zu Schëffleng
Datum: 22/04/2022
Jahr: 2022
Dauer: 1:10:54

22/04/2022 “Wiener heurigen Abend” (1’10:54)
“Heurigen Seminar in Schifflingen im Rahmen der Erwachsenenbildung” am Sall Grand-Duc Jean vun der Schëfflenger Gemeng mat den Dozenten: Yannchen HOFFMANN, Carlo HARTMANN, Vania LECUIT a Louis SPECOGNA.
Um Programm:
Wien bleibt Wien (Johann Schrammel)
Schön is so a Ringelgspü (Hermann Leopoldi)
Heut kommen d’Engerln (Franz Ferry Wunsch)
Liebesfreud (Fritz Kreisler)
Mei Muatterl war a Wienerin (Ludwig Gruber)
Liebesleid (Fritz Kreisler)
Das Hobelilied (Conradin Kreutzer)
Café in Hernais (Hermann Leopoldi)
Leichtes Blut – Polka schnell (Johann Strauß)
Die Reblaus (Karl Föderl)
Der 3. Mann (Anton Karl Karas)
Erst wanns aus wird sein (Hans Frankowski)
Schön Rosmarin (Fritz Kreisler)
Fiakerlied (Gustav Pick)
Drunt in der Lobau (Heinrich Strecker)
Tritschtratsch Polka (Johann Strauß)
Wenn der Herrgott net will (Ernst Arnold)
Der alte Sünder (Hans Lang)
Czardas Monti (Vittorio Monti)

Mir sichen dech!

Scroll to Top