Kranzniederlegung der Schifflinger Schmelzarbeiter 2024
Datum: 30/04/2024
Jahr: 2024
Dauer: 22:41
Kranzniederlegung der Schifflinger Schmelzarbeiter 2024
Fréijoersbotz 2024 zu Schëffleng
Datum: 16/03/2024
Jahr: 2024
Dauer: 14:03
16/03/2024 Fréijoersbotz zu Schëffleng (14:03)
D’Ëmweltkommissioun hat de Rendez-Vous op der Plaz beim Hall Polyvalent zu Schëffleng ginn an de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH huet de Leit villmools Merci gesot, dat si sech trotz, deem net esou gudde Wieder un dëser alljärlecher Aktioun bedeelegen. En er kläert, dat op schonn d’Gemeng iwwerall gëff Schëlder opsetzen: dat den Dréck net an d’Natur gehéiert an och e puer Gruppe vun de Gemengenaarbechter all Dag ënnerwee wieren,fir dee gréissere Knascht opzerafen an trotzdeem géife verschidde Leit sech net un déi Reegelen halen.
D’Presidentin vun der Ëmweltkommissioun Peggy THURMES ass och frou, dat se 6 Equipe konnten zesummekréie fir hei ze hëllefen an dat all Responsabele vun den Equippen d’Telefonsnummere vun der Gemeng huet, wann iergend e Problem ass oder fir d’Tute sichen ze kommen. – Déi Leit, déi sech fir d’Iessen ugemellt hunn, sollen sech dann ëm 11.30 Auer am Gemengen-Atelier afannen.
D’Sekretärin vun der Ëmweltkommissioun Natalie HANSJOSTEN mécht den Aus länne sche Matbierger d’Iwwer setzung vun Allem, wat gesot gouf an Englescher Sproch.
D’AMCIS-Mataarbechterin Lydie EICH-JOHANNS interviewt: de Carlo Krausch (Member vun der Ëmweltkommissioun), d’Melinda Bekrar (CIS Schëffleng), d’Jacky Streff (Syndicat d’Initiative Schëffleng) an d’Sarah Collignon (Jugendhaus Schëffleng).
D’Froe waren: Wat bedeit fir Iech d’Fréijoersbotz an der Gemeng? – Wat fir en Tour maacht dir? – Hutt der scho vill gesammelt? – Hëlleft der privat oder si der vun engem Club? – Ween huet dat hei organiséiert? – Wéi vill Umeldungen huet der fir z’Iessen?
Neijoersried vun onsem Buergermeeschter Paul Weimerskirch 2023
Datum: 31/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 1:07
31/12/2023 Neijoersried vun onsem Buergermeeschter Paul Weimerskirch (01:07)
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH hällt seng Neijoersried am Sitzungssall vun der Schëfflenger Gemeng.
D’Joer 2023 woar e komplizéiert a schwieregt Joer fir jiddereen vun eis all: Krich, Terror, kéng Solidaritéit, kee Versteessdemech. D’Responsabilitéit an Tolleranz huet op der ganzer Welt gefehlt. Heen hofft, dat mer dat nächst Joer méi Gléck a Gesondheet hunn.
De Kleeschen zu Schëffleng 2023
Datum: 03/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 8:49
03/12/2023 De Kleeschen zu Schëffleng (08:49)
De Kleeschen kënnt dëst Joer an Albert Wingert Schoul un an d’Harmonie Municipale vu Schëffleng spillt ënner Leedung vum Eric GHERARDI d’Kleesercheslidd.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet de Kleeschen hät e klénge Retard kritt, well e nach duerch d’Schoulsäll wollt kucke goen, wou a wéi d’Kanner géife léieren.
Duerno fuerdert de KLEESCHEN, dat mer musse léieren deelen an dat d’Musék mat de Kanner an de Leit zesummen sollen de “Léiwe Kleeschen” sangen, ier heen d’Tiitercher am Gank vun der Schoul verdeelt.
Diplomiwwerreeschung Babysittercouren zu Schëffleng
Datum: 13/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 9:55
13/12/2023 Diplomiwwerreeschung Babysittercouren zu Schëffleng (09:55)
De Schëfflenger Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH schwätzt iwwer d’Babysitter-Formation, déi et schon zënter 2014 zu Schëffleng gëtt a luewt Mme Martine BLASIUS vun der “Initiative Liewensunfank”.
Si erkläert dat déi Kursen iwwer d’Ëntwécklung an d’Pfleg vun de Kanner sinn a wéi se kann beruegen. Et léiert een och eng Fläesch maachen an et gëtt u klénge Poppen gewisen,
wat fir Geforen mol kënnen beim Spillen entstoen. – Et ass awer keen 1. Hëllefscours.
Duerno ass déi nominativ Diplomiwwerreeschung.
Hommage to Piazzolla ganzen Concert vum 10/12/2023
Datum: 10/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 1:22:54
10/12/2023 Hommage to Piazzolla (1’22:45)
Fuego del Tango – an der Philharmonie (Lëtzebuerg)
Daniel GRUSELLE bandonéon
Michaël BOUVET violon
Lina DRUART piano
Miguël GRUSELLE guitare électrique
Nicolas MARTY contrebasse
Zuchausstellung zu Schëffleng
Datum: 03/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 9:22
03/12/2023 Zuchausstellung zu Schëffleng (09:22)
Hall Polyvalent Schëffleng
Interviewen mam Organisator vun der Ausstellung Jessy MORBÉ (Spur0 Blechzuch) – Hee seet dem Lydie, dat et déi 5. Ausstellung ass an dat den Dëschtennis-Club dës Kéier eng Spaghetti organiséiert huet, wat gudd ukomm wier. Nach Gespréicher mam: Horst SOMMERER & Jim LEFEBER (Spur H0 – MBM) – Marco MELSEN (Spur 1 Frënn Lëtzebuerg) Sämtlech Klibb sichen nach ëmmer Nowues fir hieren Hobby.
Seniorefeier zu Schëffleng 2023
Datum: 08/12/2023
Jahr: 2023
Dauer: 15:27
08/12/2023 Seniorefeier zu Schëffleng 2023 (15:27)
Musikalescht Encadrement mam Lisa MARIOTTO an Rol GIRRES an der Hall Polyvalent zu Schëffleng.
De President vun der Seniorekommissioun Pierrot FEIEREISEN seet all Mënsch Merci fir hiirt Kommen a versprëcht nei Perspektiven fir d’Senioren.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH schléisst sech dëse Wieder un an schwätzt
vun Traditioun, Solidaritéit, Fräiheet, Fridden, Gebuergenheet a Gerechtegkeet fir all Mënsch op der Welt. Duerno wënscht heen dat aller Bescht fir d’Adventszäit an dat Neit Joer.
Hobbymoart zu Schëffleng 2023
Datum: 25/11/2023
Jahr: 2023
Dauer: 24:44
25/11/2023 Hobbymoart zu Schëffleng 2023 (24:44)
D’Interviewen am Hall Polyvalent mam Lydie Eich-Johanns goufe gemaach mam: CJ Creations, Carine Long-Feller, Linda Khamassi, Tânia Dias, Pimpampel asbl, Maryse Weimerskirch-Menster, Patricia Brachmann, violette Kremer, Jessica Mordiconi, Christelle Meyer, Fairtrade Schëffleng, Nadine Bertrang-Thinnes, Sandrine Cabirol, Ornella Tietto, baerchis, Angels for Haiti-Luxembourg asbl.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH an de President vun der Kulturkommissioun Yves MARCHI soen den Aussteller an de Visiteuren villmols Merci fir Aarbecht an hiirt Kommen.
Festliches Herbstkonzert 2023 mit dem Orchester Estro Armonico
Datum: 28/10/2023
Jahr: 2023
Dauer: 1:20:45
28/10/2023 Festliches Herbstkonzert 2023 (1’20:45)
Den Orchester Estro Armonico spillt ënnert der Direktioun vum Jeannot WEIMERSKIRCH:
Patriae Fidelis Marche – Pol Albrecht
Fantaisie de Concert: «Feierwon» – Laurent Menager (Soliste: Alexia Ouyang, Violon)
Maya’s Waltz pour Orchestre à Cordes – Alfred Shtuni
Méditation pour Violon et Orchestre à Cordes de l’Opéra Thais – Jules Massenet (Soliste: Alexia Ouyang, Violon)
Holzschuhtanz Walzer aus der Oper: Zar und Zimmermann – Albert Lortzing
Rondo pour Violon et Orchestre à Cordes – Alfred Shtuni (Soliste: Alfred Shtuni, Violon)
Der Vogelhändler Medley – Carl Zeller
Frühlingsstimmen Walzer op 410 – Johann Strauss
Intermezzo Sinfonico (Cavalleria rusticana) – Pietro Mascagni
Soirée de Bienvenue 2023
Datum: 27/10/2023
Jahr: 2023
Dauer: 6:25
27/10/2023 Soirée de Bienvenue (06:25)
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH heescht all
déi Uwiesend Wëllkomm, bedauert awer, dat se net kënnen an
all de Sproochen explizéieren, mä dat awer Leit vun der
Biergekommissioun do sinn an d’écrivains publics: Jennifo
Popescu-Urbain an Michel Reiffers, de Sproochecoursleader
Jean-Paul Molitor, a vum SI d’Esther Zwank, souwéi vill
Memberen aus dem Gemengerot.
Commémoration nationale 2023
Datum: 14/10/2023
Jahr: 2023
Dauer: 36:23
14/10/2023 Commémoration nationale 2023 (36:23)
Am Park Léonie Koullen sangen d’Choralen vu Schëffleng ënnert
der Direktioun vum Milly THILL-WINANDY d’Lidd: “Fir d’Fräiheet”
vum Willy GOERGEN (Text) an Henri PENSIS (Musék).
Den Alain SCHARTZ spillt op der Trompette d’Sonnerie aux Morts
an duerno gëtt nach vun Uwiesenden “Ons Heemecht” gesongen.
Am Sall Grand-Duc Jean op der Schëfflenger Gemeng schwätzt
de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH a Begleedung vun
– 9 – 2023
de Schäffen Carlo FEIEREISEN an Reso AGOVIC iwwer de Krich
op der Welt.
Duerno erzielt den Direkter vum “Musée National de la Résistance”
Frank Schroeder, iwwer déi positiv an negativ Erënnerungen, déi
een soll nidderschreiwen, fir dat dëst Wëssen net soll verluer goen.
Ovatioun vum neie Gemengerot 2023
Datum: 25/09/2023
Jahr: 2023
Dauer: 31:15
25/09/2023 Ovatioun vum neie Gemengerot organiséiert vum SIT (31:15)
Dës Éierung ass am Sall Grand-Duc Jean op der Gemeng an et spillt d’Harmonie Municipale vu Schëffleng ennërt der Leedung vum Eric GHERARDI.
Presidentin Esther ZWANK vum SIT begréisst de neie Geméngerot:
Paul WEIMERSKIRCH Buergermeeschter, Carlo FEIEREISEN, Marc SPAUTZ a Reso AGOVIC Schäffen, Fabienne DIEDERICH, Nadine KUHN-METZ, Sven KILL, Carlo LECUIT, Yves MARCHI, Yves FIORELLI, Jérôme COURTOY, Albert KALMES, Jeffrey
DRUI, Christiane BIEWER an Admir CIVOVIC Geméngeconseillers.
De Jeffrey DRUI als jéngste Member vum Geméngerot vu Schëffleng, verréit, dass heen en zougeprafftene vu Monnerech ass an de Paul WEIMERSKIRCH veréit, dat de Jeffrey haut Gebuertsdag huet.
Gedenkfeier zum Generalstreik 31. August 1942
Datum: 31/08/2023
Jahr: 2023
Dauer: 20:28
31/08/2023 Gedenkfeier zum Generalstreik 31. August 1942 (20:28)
Et tuut op der Schmelz am Portal.
D’Stellvertrieder vun de Gemengen Esch/Uelzecht a Schëffleng, souwéi déi verschidde Veräinsmemberen versammele sech virum Denkmal mat deem groussen A a leeen Kräiz nidder.
Den Alain GUENTHER, President vum Schëfflenger Schmelzaarbechter begréisst d’Leit alleguer fir un de Weltkrich an un de Weltstreik vun 1942 ze erënneren.
De Buergermeeschter Georges MISCHO bestätegt, dat d’Lëtzebuerger sech net wollten ënnerdunn, an dat mam Liewen bezuelt hunn.
De Pierre JACOBS, Geo vun Arcelor Mittal vergläicht d’Situatioun mam Krich vun Russland an der Ukräine, déi och elo fir hier Fräiheet kämpfen. Duerch d’Bombardementer, gëtt elo do nëmme méi 25% vun der Produktioun gemaach an den Aarmut wiisst.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet, dat den 31. August 1942 ëm Punkt 18’02, d’Signal gemaach guef, fir ze streiken an d’Leit zesumme stungen, fir géint de Naziregime ze goen. – Elo hu mer schon erëm eng ähnlech Situatioun an et ass nach keng Ännerung en Vue.
SES wou kënnt onst Drënkwasser hier
Datum: 01/08/2023
Jahr: 2023
Dauer: 53:02
01/08/2023 SES – wou kënnt onst Drënkwasser hier? (53:02)
De Manfred GREGER, President vun der Ëmweltkommissioun vu Schëffleng, empfàngt déi gemellten Persounen fir op den Ausfluch bei SES zu Käerch.
De Luc BERENS vun SES/Käerch mécht eng ganz explixit Erklärung iwwer d’Drénk waasser, wat mir am Süden verbrauchen. Duerno konnte mer déi ganz Installatioun kucken.
Och dee kléngen Trip op de Réihbierg wor interessant.
Vereedegung vum Schëfflenger Gemengerot
Datum: 14/07/2023
Jahr: 2023
Dauer: 12:19
14/07/2023 Vereedegung vum Schëfflenger Gemengerot (12:19)
D’Erklärung vun de Reegelen mécht de Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH
D’Sekretärin vun der Gemeng Schëffleng Mandy MANTERNACH liest den offiziellen Text fir.
An hei sinn déi Vereedegt: Carlo LECUIT, Albert KALMES, Sven KILL, Nadine KUHN, Yves FIORELLI, Jérôme COURTOY, Fabienne DIEDERICH, Jeffrey DRUI, Christiane BIEWER, Admir CIVOVIC an Yves MARCHI.
Porte ouverte beim CIGL Schëffleng
Datum: 01/06/2023
Jahr: 2023
Dauer: 17:11
01/06/2023 Porte ouverte beim CIGL Schëffleng (17:11)
De Jeannot CLEMENT interviewt:
Amélia ADROVIC – Direktesch vun CIGL Schëffleng
Charlotte FOUQUET – Chef d’équipe “Aide à la Personne”
Analisa LAVENCO – Adjointe
Alida HUSEINI – Salariée service “Aide à la Personne”
Mario José Luis DOS SANTOS – Salarié
Samira SKOKO – Salariée “Aide à la Personne”
Livestream Akadamesch Sëtzung fir Nationalfeierdag 2023
Datum: 21/06/2023
Jahr: 2023
Dauer: 58:43
21/06/2023 Livestream Akadamesch Sëtzung fir Nationalfeierdag 2023 (58:43)
De Livestream goung un mat dem Lidd “De Wilhelmus” (Al nidderlännesch Weis) – Text: Nik. Welter
Et gëtt eng Gedénkminut fir de Jean-Pierre Rehlinger
D’Sekretärin vun der Gemeng Schëffleng Mandy MANTERNACH stellt de Programm fir.
D’Chorale Minettsro’sen, Chorale Municipale an Chorale St.Cécile sangen ënnert der Leedung vun der Mme Miriam SCHARTZ an der Pianistin Mme Collette Daxi??????
“Blo Blimmchen” Text a Musék: Michel Lentz
Begréissung vum Éiere-Chamberpresident an Éierebierger vu Schëffleng, Jean SPAUTZ, Memberen vum Gemengen- a Schäfferot an u jiddereen, deen op dëser Akademescher Sëtzung deelhëllt.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH hält déi offiziell Ried vum Nationalfeierdag.
“Mir si glécklech” Text a Musék: Michel Lentz
De Brian PARISOT an de Billy LORANG (2 Jonker aus dem Jugendhaus) erzielen aus der Geschicht an Erënnerungen un Nationalfeierdag a wéi si dat gesinn.
D’Presidentin vum “Syndicat d’Initiative et du Tourisme” Esther ZWANK schwätzt iwwer de Bénévolat an d’Aktivitéiten vun de Schëfflenger Veräiner.
“Wat d’Hémecht ass” Weis: Laurent Menager – Wierder: Michel Lentz
D’Pia Pistrino, Studentin am Schëfflenger Konschthaus schwätzt iwwer d’Diversitéit ënner de Leit.
De Buergermeeschter Paul WEIMERSKIRCH seet alle Riedner, de Gesangveräiner, der Dirigentin an der Pianistin villmols Merci an iwwerreecht hinnen Blumen oder Chèques Cadeauen.
Och nach Éierungen a Merci’en, gëtt et fir Gemengenaarbechter, der Sekretärin an dem Gemengerot.
De Schluss mëcht d’”Europahymne” an “Eis Heemecht” Weis: Ant. Zinnen – Text: Michel Lentz.