Video Archiv

Nodeems Dir d'Filtere gewielt hutt, klickt w.e.g. op Update
Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
Datum: 12/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 04:53

Freijoersfest 2026 zu Schëffleng
IV Pierrot Feiereisen
Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, a Collaboratioun mat der Seniorekommissioun, war dëse speziellen Nomëtteg an enger häerzlecher a gemittlecher Atmosphär geduecht, fir zesummen d’Fréijoer ze feieren. Jidderee war häerzlech invitéiert, un dëser Feier deelzehuelen.

Trotz dem sonnegen, mee kale Wieder war d’Stëmmung wonnerbar: et gouf vill gelaacht, gepotert a gemeinsam genoss. Sou gouf d’Fréijoersfest zu engem wierklech flotte Moment fir all Generatioun.

Ovatioun fir de Marc Spautz
Datum: 06/05/2026
Jahr: 2026
Dauer: 15:22

Ovatioun fir de Marc Spautz organiséiert vum SIT Schëffleng

Nei Bierger vu Schëffleng 2026
Datum: 05/02/2026
Jahr: 2026
Dauer: 16:28

Nei Bierger vu Schëffleng
De 5. Februar 2026 huet d’Gemeng Schëffleng déi nei Bierger·innen, déi tëscht dem 1. Januar 2025 an dem 31. Dezember 2025 zu Schëffleng ukomm sinn, op d’„Soirée de Bienvenue“ agelueden.

De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert d’Gemeng ginn, éier si duerno op e Patt invitéiert goufen. Wärend dësem gemittleche Moment haten d’Participanten d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen an hir Uleiesse virzebréngen.

Bei den Informatiounsstänn waren net nëmmen d’Servicer vun der Gemeng vertrueden, mee och bal 30 weider Stänn – dorënner Schëfflenger Sports- a Kulturveräiner souwéi aner Organisatiounen ewéi d’ASTI, den AMIF (Fonds Asile, Migration et Intégration), d’Maison Teranga, de Service BabyPlus an Télos Éducation –, wou d’Leit sech iwwert eng grouss Villfalt u Thematike konnten informéieren.

Fraesport am Fokus
Datum: 24/01/2026
Jahr: 2026
Dauer: 47:26

Fraesport am Fokus

Am Kader vum internationale Fraesportsdag huet d’Gemeng Schëffleng de 24. Januar zu enger Diskussiounsronn mat Filmprojektioun zum Thema Fraesport invitéiert. Um Programm stoungen de Kuerzfilm „Little Miss Sumo“ an „Marinette“, d’Geschicht vun der Pionéierin vum franséische Fraefussball, Marinette Pichon.

De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet d’Participant·inne begréisst an direkt an d’Theema vum internationale Fraesportsdag agefouert. Zwar hätt sech an deene leschte Jore schonns vill verbessert, bis zu enger richteger Gläichberechtegung am Sport wier et awer nach e wäite Wee, esou de Buergermeeschter. Schëffleng wier houfreg, zënter der 1. Editioun vum Fraesportsdag zu Lëtzebuerg dobäi ze sinn. Dofir wier bei der 3. Editioun dëst Joer och de Programm ausgebaut ginn, esou de Carlo Feiereisen weider.

Et gouf op Initiative vun der Sportskommissioun och dëst Joer um 24. Januar erëm fräien Entrée fir Fraen (an hier Kanner) an d’Schwemm. Am Mëttelpunkt vum Fraesportdag zu Schëffleng stoung awer d’Diskussiounsronn an der Salle Grand Duc Jean vum Gemengenhaus. Moderéiert vun der fréierer CAS-Liichtathletin Kany Touré, hunn d’Nathalie Lamborelle (fréierer Proficyclistin, haut Sportsprofessorin a Präsidentin vum Schëfflenger Vëlosclub LP07), d’Christelle Diederich (Sportjournalistin am Tageblatt an zënter 2025 déi éischt Fra un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Sportpresseverband) an d’Emma Kremer (Foussball-Nationalspillerinnen) vun hiren Erfarungen erzielt. Esou hunn sech interessant Diskussiounen iwwert d’Problemer vum Fraesport am speziellen an iwwert säi Stellewäert an der Gesellschaft am Allgemengen entwéckelt, un deenen sech och d’Publikum intensiv bedeelegt huet.

Tourismus für alle !
Datum: 29/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:57:12

Tourismus für alle !

dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025
Datum: 22/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 03:06

dem Buergermeeschter vu Schëffleng seng Ried fir d’Feierdeeg 2025

Wantergala Hafosud 2025
Datum: 20/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:49:30

Editioun Wantergala 2025 – HAFOSUD
(Harmonie Forge du Sud Dudelange asbl)
THE BEST OF ANIMATION MUSIC (1’’49’30)
Centre Culturel op der Schmelz Diddeleng

Seniorefeier 2025
Datum: 10/12/2025
Jahr: 2025
Dauer: 15:08

Seniorefeier 2025

Kleeschen 2025
Datum: 30/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 10:52

Kleeschen 2025

Soirée des Lauréats 2025
Datum: 13/11/2025
Jahr: 2025
Dauer: 38:27

Soirée des Lauréats

Hobbymuart 2025 zu Schëffleng
Datum: 22/06/2025
Jahr: 2025
Dauer: 15:50

Hobbymuart 2025 zu Schëffleng

Hierschtconcert zu Schëffleng
Datum: 26/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 1:06:18

Hierschtconcert zu Schëffleng

Ville fleurie 2025
Datum: 22/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 07:04

Ville fleurie 2025

Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng
Datum: 18/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 08:39

Commémoration nationale 2025 zu Schëffleng

Diplomer Sproochecoursen zu Schëffleng
Datum: 02/10/2025
Jahr: 2025
Dauer: 08:56

Diplomer Sproochecoursen zu Schëffleng

Presentatioun vum Schëffen- a Gemengerot vu Schëffleng
Datum: 26/09/2025
Jahr: 2025
Dauer: 07:50

Presentatioun vum Schëffen- a Gemengerot vu Schëffleng

Streikgedenkfeier fir d’Affer vum Generalstreik vun 1942
Datum: 31/08/2025
Jahr: 2025
Dauer: 30:02

Monument zu Esch/Lalleng
Beim ArcelorMittal Portal op der Schëfflenger Schmelz tut et. Bei der Gedenkplaz vum
Streik vun 1942 spillt d’Schëfflenger Musek “Sonnerie aux Morts”.
De Schäfferot vu Schëffleng an Esch/Uelzecht, vertruede vum Nadine KUHN-METZ, Marc
SPAUTZ, Carlo Feiereisen a Pim Knaff verneige sech, duerno kommen eng Vertriedung vun
den “Enrôles de Force, ArcelorMittal an d’Gewerkschaftler.
den Alain GUENTHER seet alle Leit villmools Merci, dat se erëm komm sinn. Hien denkt
un all déi Leit, déi de Streik provozéiert haten a vun de Nazien ëmbruecht goufen.
Hien erënnert un de Konrad Olinger, wou den 2. September 1940 der “Volksdeutschen
Bewegung” bäigetruede wor, an Obmann hei um Site gouf. – Och wor en ongewielten
Delegéierte vun der “Deutschen Arbeitsfront” an huet alles gemaach, wat vun den
Okkupante gefuerdert an duerchgesat gouf: D’Aarbechts-Kolleege bespëtzelt a bei de
Nazien denoncéiert. Wéinst der Sabotage-Gefor (déi huet misse vermidde ginn) koum de 25.
Oktober 1940 de Befeel, dat alleguer d’ARBED’s-Aarbechter (±3000) der “Volksdeutschen
Bewegung” sollte bäitrieden. – 1323 Leit goufen do Member an hu misse bei all Mani –
festatioun vun de Nazien deelhuelen. Den Denis NETGEN (Schlesser vu Beruff) huet sech
geweigert. – Bei der Befreiung vum Land war de Konrad Olinger fir ëmmer verschwonnen.
Den CEO Pierre JACOBS vun ArcelorMittal och iwwer d’Affere vun dësem Streik a Krich,
wou 116 Granat-Treffer beim Beschéisse vun der Maginot-Line ongewollt op ARBEDSchëffleng gefall sinn. Hien biet d’Leit un si ze denken a seet dat mer mussen oppassen, dat
déi Zäit net ëmmer stabil bleift an dat mer mussen oppassen. Am Ukraine-Krich hunn och
erëm couragéiert Leit vun der Beleegschaft aus der Firma ArcelorMittal zu Krivyi Rih sech
gemellt fir hier Familljen an Heemecht ze verdeedegen. – Komm mir denken och un si.
De Carlo Feiereisen, neie Buergermeeschter vu Schëffleng begréisst de Minister Georges
MISCHO, Éiere-Chamberpresident Jean SPAUTZ, zukünftegen Éiere-Buergermeeschter
Paul WEIMERSKIRCH an all déi Leit déi um feste Gedenkdag vun eise Gemengen do sinn.
– Den Opruff zum Streik hunn 21 Leit mam Liewe bezuelt, 500 Mataarbechter waren dem
Appell nokomm an haten hire Posten op der Mëttesschicht verlooss. – 83 Joer nom Streik
muss de Kampf vun den Ideologien an de Wäerter géint d’Diktatur ëm dat wou een all Dag
muss kämpfen, dat dat net méi erëmkënnt, wat deemools war. – Mir wëlle bleiwe wat mir
sinn.
De Schäffe vun Esch-Uelzecht Pim KNAFF erënnert och un de Streik a seet dem
Schmelzaarbechter och Merci, dat si all Joer des Mémoire oprecht erhalen.
Monument am Parc Koullen zu Schëffleng
Beim Fräiheets-Denkmal am Park Léonie Koullen: Och hei geet d’Sireen an d’Schëfflenger
Musek spillt “Sonnerie aux Morts”. No dem Verneige vun de verschiddene Gremie beim
Denkmal gi mer op d’Gemeng an de Sall Grand-Duc Jean, wou al Plakaten aus der Zäit vum
Streik opgehaange sinn. Den neie Schëfflenger Buergermeeschter Carlo FEIEREISEN
schwätzt a kuerze Wieder iwwer déi Zäit vum Streik an dat d’Solidaritéit méi staark kann si
wéi d’Angscht virun der Ënnerdréckung – E Signal, wéi wichteg dat ass zesummen ze stoe
fir Fräiheet, Gerechtegkeet a Mënschlechkeet. Leider ass de Krich no 83 Joer an Europa
erëm ukomm. Et ass e Kampf an engem Konflikt zwëschent Westen an Osten. Demokratie
ass keng Garantie zwëschent Fräiheet a Fridden. De Streik soll eis ëmmer dorun erënneren.

Rees op de Bodensee
Datum: 28/07/2025
Jahr: 2025
Dauer: 14:40

Rees op de Bodensee

Mir sichen dech!

Scroll to Top